Bundestagswahl 2017 Wett-Asaz: Am Wanter an d'Ostsee schwamme goen

80 Prozent Wahlbedeelegung. Dat ass d'Zil vun engem Challenge, deen d'Frankfurter Allgemeine Zeitung lancéiert huet. Duerch sëlleg Défië wëllen d'Ënnerstëtzter d'Wahlbedeelegung fir d'Bundestagswahl ukierpen. Eng gutt Iddi, fannen d'Berliner. Aneschtes gesäit et awer beim Thema Wahlflicht aus.

Matthias Kirsch / Françoise Keller / po

Stëmmziedel
Stëmmziedel (Foto: bigstock/ anweber)

Bei den zwou leschte Bundestagswahlen loung d'Wahlbedeelegung mat knapp iwwert 70 Prozent op engem Rekorddéif. Am Verglach: Bei de franséische Presidente-Wahlen am Mee dëst Joer louch d'Wahlbedeelegung am zweeten Tour zum Beispill bei knapp iwwert 65 Prozent.

Trotzdem mécht sech d'Frankfurter Allgemeine Zeitung mat der "80 Prozent Challenge" staark dofir, datt méi Wahlberechtegt an Däitschland vun hirem Stëmmrecht Gebrauch maachen. Ënnerstëtzter vun der Challenge, wéi de Journalist a Moderator Dirk Steffens oder de Sänger Andreas Burani, wëlle mat Wett-Asätz d'Wahlbedeelegung fir d'Bundestagswahl ukierpen.

Jonk Wieler mobiliséieren

D'Initiativ vun der Frankfurter Allgemeine Zeitung riicht sech virun allem u Jonker. D'Zil ass et, datt 80 Prozent vun de Wahlberechtegte hir Stëmmen ofginn. Bei de leschte Bundestagswahle viru véier Joer hunn nämlech just knapp iwwert 64 Prozent vun den Éischtwieler hir Stëmmen ofginn.

Op d'Initiativ ugeschwat wossten déi meescht Leit zu Berlin zwar net, wat den "80-Prozent-Challenge" wier. Datt méiglechst vill Leit solle wiele goen, hu si awer begréisst. Zum Beispill de Fabian, ee Berliner Student.

"Well ech et wichteg fannen, datt ee sech d'Méi mécht Stëmmen ofzeginn, wann ee kann. Well et an anere Länner net selbstverständlech ass, datt ee wiele goen dierf. An, datt een en Afloss dorop huet, wien an der Regierung sëtzt."

Wahlflicht - oder Wahlführerschäin?

Aneschtes wéi zu Lëtzebuerg mussen d'Wahlberechtegt an Däitschland. Vun der Wahlflicht halen eng Parti Leit zu Berlin allerdéngs näischt. "Wann ee sech guer keng Gedanken doriwwer mécht, da soll een net einfach iergend eppes wielen", seet eng Fra. Et gehéiert zu der Demokratie dozou, datt ee selwer entscheede kann, ob ee wiele geet oder net", seet d'Stephanie, 30.

D'Wahlobligation bereet dem Jörg, 50, Kappzerbrieches. Engersäits misst jidderee fräi sinn ze wielen oder net. Anerersäits géifen déi Leit dacks net wiele goen, déi duerch hir Stëmm eppes un hirer Situatioun verbessere kéinten. "Wa se gezwonge gi wielen ze goen, géif sech vläicht eppes verbesseren."

Den Daniel, 36, plädéiert sengersäits fir d'Aféiere vun engem "Wahlführerschäin". D'Leit wieren net genuch iwwert d'Wahlen informéiert, mengt hien. "Wiele goen ass ee Privileg a wien dee Privileg net appreciéiert, dee sollt och net wiele goen."

Méi zum Thema

VuOnline.jpg
Bundestagswahl 2017

Net just fir déi däitsch Populatioun, mee och an de Wahlprogrammer ass d'Migratioun dat wichtegst Thema bei der Bundestagswahl. Dat hätten d'Parteien net misse maachen, seet d'Journalistin Vanessa Vu.

Wiele goen oder net?
Bundestagswahlen 2017

Eng Fro, déi sech fir vill wahlberechtegt Bierger net stellt. Si wëllen duerch hir Stëmmen bei der Bundestagswahl de 24. September eppes beweegen. Et ginn allerdéngs och Leit, déi dovun net iwwerzeegt sinn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen