Weltklimarot Weltwäit Zeeche vum Klimawandel
An enger neier Evaluatioun vum Fuerschungsstand kënnt d'UN-Gremium zur Conclusioun, datt déi vum Mënsch provozéiert Äerderwiermung quasi iwwerall op der Äerd éischt Spueren hannerléisst.

Am globalen Duerchschnëtt leien d'Temperaturen elo 1,1 Grad Celsius iwwer dem pre-industriellen Niveau. Mëttlerweil kënnen d'Klimafuerscher fir quasi all d'Regiounen eng Hausse vun den Temperature feststellen. D'Hausse ass op der Nordhallefkugel, a grad an der Arktis iwwerduerchschnëttlech prononcéiert.
Datt de Klimawandel op mënschlech Aktivitéiten an d'Emissioun vun Zäregasemissiounen zeréck ze féieren ass, ass schonn zanter Joren ee wëssenschaftlech etabléierte Fakt. D'Konzentratioun vun Zäregaser an der Atmosphär war fir d'lescht viru ronn dräi Millioune Joer esou héich ewéi elo. Aussergewéinlech ass awer och, datt d'Atmosphär an d'Temperature sech bannent kuerzer Zäit esou staark veränneren.
D'Klimamodeller erlaben et mëttlerweil och méi prezis eenzel Phenomener am Klimasystem op d'Äerderwiermung zeréck ze féieren. Unzeechen, datt d'Äerd méi waarm gëtt, ginn et der vill: Hëtztwellen an Dréchenten, grad ewéi extrem staarke Ree sinn op ville Plaze méi heefeg ginn. D'Ozeaner si méi waarm ginn, de Mieresspigel klëmmt, Permafrost, Gletscher an d'Äisdecke vun der Arktis schmëlzen.
Wiederextremer huelen zou, och an Europa
D'Wëssenschaftler kënne mat méi grousser Prezisioun prognostizéieren, wéi dës extrem Phenomener mat enger weiderer Hausse vun der Äerderwiermung zouhuelen.
Och Europa misst deemno mat däitlech méi Wiederextremer rechnen, wann d'Zäregasemissioune weiderhi klammen. Wann déi global Duerchschnëttstemperatur méi wéi zwee Grad Celsius klëmmt, kéinten an Europa "kritesch Schwellewäerter fir d'Ecosystemer an d'Mënschen iwwerschratt ginn", esou de Weltklimarot.
Fir katastrophal Konsequenzen ze evitéieren, gëllt d'Limite vun annerhallwem bis maximal zwee Grad Äerderwiermung dem neie Rapport no weiderhin als wëssenschaftlech begrënnt. Klammen d'Temperature méi staark, kéint eng Milliard Mënschen méi dacks vu liewensgeféierlechen Hëtztwelle betraff sinn. Dréchente kéinte fir honnerte Millioune Mënschen den Accès zu Waasser erschwéieren.
Séier an drastesch Reduktiounen néideg
Den "CO2-Budget" - also d'Quantitéit vun Zäregasen, déi nach kënnen emittéiert ginn ouni d'Limite vun 1,5 oder 2 Grad Äerderwiermung ze iwwerschreiden - ass dem neie Rapport no net immens grouss: Nach 400 Milliarden Tonnen CO2 kéinten deemno nach emittéiert ginn, fir d'Klimazil vum Paräisser Klimaaccord mat relativ grousser Warscheinlechkeet anzehalen. Dat heescht: Wann d'Emissiounen net falen, wier dee Budget bis 2030 komplett opgebraucht.
De Message vum Rapport ass deemno kloer: D'Emissioune mussen elo séier a staark reduzéiert ginn.
Laangfristeg Schied si schonn engagéiert
De Weltklimarot mécht dann awer och drop opmierksam, datt eng Rei laangfristeg Konsequenzen elo deels schonn inevitabel sinn, well eenzel Klimasystemer immens lues reagéieren. Dozou gehéieren d'Ozeaner an d'Äisschicht op der Antarktis. Souguer wann d'Mënschheet et fäerdeg bréngt am Laf vum 21. Joerhonnert keng Zäregasemissioune méi ze emittéieren, wäert zum Beispill de Mieresspigel nach iwwer Joerdausende klammen. Engem optimisteschen Zenario no ëm zwee bis dräi Meter, dem pessimisteschsten Zenario no ëm bis zu 22 Meter.
Op der nërdlecher Hallefkugel ass d'Arktis mat grousser Warscheinlechkeet scho virun 2050 op d'mannst eemol am Summer komplett äisfräi.
Onwarscheinlech, mee méiglech Konsequenzen
Zu de méiglechen extreme Konsequenze vum Klimawandel gehéiert ee Kollaps vun der antarktescher Äisdecken. Dem aktuelle Fuerschungsstand no ass dëst een Zenario, dee wéineg warscheinlech ass. Mee wéinst villen Onsécherheeten am System, kéint een dee Risiko net ausschléissen.
Dat selwecht gëllt dem neie Rapport no fir d'Stréimungen am Atlantik, déi ënner anerem ee groussen Impakt op d'Klima an Europa hunn. Déi sougenannt atlantesch Ëmwälz-Zirkulatioun géif méi schwaach ginn, mee ee komplette Stopp vun där Stréimung wier éischter onwarscheinlech.
Wat ass de Weltklimarot?
Publizéiert gëtt de Rapport vum Weltklimarot, op Englesch ënner dem Kierzel IPCC oder op Franséisch als GIEC bekannt. Dëst UN-Gremium mécht selwer keng Fuerschung, mee huet d'Aufgab eng Synthees vum Fuerschungsstand ze maachen. Dee leschte groussen Evaluatiounsrapport ass vun 2013 - haut gëtt dat éischt Kapitel vun der aktualiséierter Evaluatioun publizéiert. An deem Kapitel geet et ëm déi physikalesch-wëssenschaftlech Grondlagen.
Iwwer 200 Auteuren, dorënner haaptsächlech Wëssenschaftler, hunn iwwer 14.000 wëssenschaftlech Etüden ënner d'Lupp geholl. D'UNO-Memberlänner mussen de Conclusioune vum Rapport zoustëmmen - d'Wëssenschaftler hunn dobäi awer dat lescht Wuert.