UNICEF-Etude Weltwäit Kanner-Aarmut

20 Prozent vun de Kanner aus den 41 räichste Länner liewen an der Aarmut. Ee Kand op aacht leit ënner Liëwensmëttelonsécherheet. Dat ergëtt den Innocenti-Rapport, sou d'Sandra Visscher vun der UNICEF.

Carole Schimmer / ys

Sandra Visscher
Sandra Visscher, Directrice vun UNICEF

20 Prozent vun de Kanner aus den 41 räichste Länner liewen an der Aarmut. All aacht Kand leit ënnert der Liëwensmëttelonsécherheet, dat ergëtt de Rapport vun Innocenti, dem Fuerschungszenter vun der UNICEF. Dee Rapport befaasst sech mat der Situatioun vun de Kanner an analyséiert a wéi wäit d'Objektiver vun der UNO iwwert déi nohalteg Entwécklung an de räiche Länner erreecht ginn.

De Grand-Duché kënnt am Allgemengen op déi 14. Plaz. Besonnesch schlecht sinn d'Resultater zu Lëtzebuerg, wat d'Loftqualitéit an de Stied ugeet. Do kënnt d'Land op déi 31. Plaz.

Fuerderung no Aktiounsplang géint Gewalt

Relevant ass och d'Kapitel iwwert de sexuelle Mëssbrauch. Zu Lëtzebuerg soten 13 Prozent vun de Fraen tëscht 18 an 29 Joer, datt si an hirer Kandheet a virum Alter vu 15 Joer vun engem Erwuessene sexuell mëssbraucht goufen, seet d'Sandra Visscher, Direktesch vun UNICEF Lëtzebuerg. 35 Prozent vun de Frae soten iwwerdeems, datt si vun engem Erwuessene physesch Gewalt erlieft hunn.

Aus deem Grond fuerdert UNICEF Lëtzebuerg datt d'Regierung een Aktiounsplang géint d'Gewalt ausschafft. D'Gewalt géint Kanner huet een negativen Impakt op déi spéider psychologesch Entwécklung an op déi schoulesch a berufflech Performance vum Kand.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Carole Schimmer
Lauschteren

Méi zum Thema

Pit Walté. Meenung
Wirtschaftswuesstem a Working Poor

De STATEC seet ee Wirtschafts-Wuesstem vu fënnef Prozent viraus. D'Aarbechtslosegkeet soll erof goen. Gläichzäiteg riskéiere 16 Prozent vun de Mënschen zu Lëtzebuerg an d'Aarmut ze rutschen.

Christa Brömmel.JPG
Weltfraendag

Um Internationale Fraendag hu mir mat der Christa Brömmel vum CID-Fraen an Gender geschwat. Den Internationale Fraendag steet dëst Joer am Zeeche vu Preventioun géint Gewalt géintiwwer Fraen op der Flucht.

Alexa Warnier
Gewalt géint Fraen

120 Fraen déi Affer vu häuslecher Gewalt waren, stoungen d'läscht Joer op der Waardelëscht fir eng Plaz an engem Foyer ze kréien, seet d’Alexa Warnier vum "Foyer Sud". Si gesäit d’Wunnengsnout als Problem.

Sandra Visscher
UNICEF-Etude

Eent vu véier Kanner lieft zu Lëtzebuerg ënnert der Aarmutsgrenz. An d'Ongläichheeten tëscht de Kanner wuessen. Dat weist eng UNICEF-Etude. Besonnesch schlecht schneid de Grand-Duché bei der Bildung of.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Noriichten

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen