Fräie Mikro Wëlle mer d'Aarmut zu Lëtzebuerg wierklech bekämpfen?

Et gëtt ëmmer erëm iwwer d'Hausse vum Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg debattéiert. Mee wou sinn déi strukturell Moossnamen, déi dëse Problem bei der Wuerzel upaken? Déi Fro stellt sech d'ASTI-Presidentin Laura Zuccoli am Fräie Mikro.

Laura Zuccoli / cz

Meenung Laura Zuccoli
Laura Zuccoli ass d'Presidentin vun der ASTI

D'Lescht Woch gouf an der Chamber iwwer den Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg debattéiert. Dobäi ware si sech all eens, datt dat an engem räiche Land wéi Lëtzebuerg inakzeptabel ass.

18,3 Prozent vun den Awunner zu Lëtzebuerg liewen am Aarmutsrisiko. 32 Prozent si Portugisen a 46 Prozent monoparental Stéit.

Enn Mäerz 2015 louch d'Moyenne vum Stonneloun zu Lëtzebuerg bei 25,7 Euro. D'Kapverdianer hunn am Duerchschnëtt 13,07 Euro d'Stonn verdéngt, d'Portugise 15,27 Euro an d'Lëtzebuerger 28,81 Euro d'Stonn, also méi wéi dat Duebelt wéi d'Kapverdianer. Mer si also bei Wäitem net gläich virun der Aarmut, och wa mer schaffen.

Verschidde Mesurë goufen erwäänt: d'Indexatioun vum Kannergeld, d'Erhéijung vum Revis, d'Aféiere vun engem Grondakommes, gratis Verdeele vun de Schoulbicher - och un déi Schüler, deenen hir Famille sech dës Bicher leeschte kënnen, gratis ëffentlechen Transport, Chèque service asw.

Éischte grousse Chantier: Logement a Wunnengsbau

Vill Geldmossnamen awer rose wéineg strukturell a politesch nohalteg Interventiounen?

Dobäi stiechen zwee Theemen am Kampf géint d'Aarmut besonnesch eraus: d'Wunnengsproblematik an d'Chancëgläichheet an eiser Schoul.

Am Logement sinn d'Problemer zanter Jore bekannt. Fir Leit, déi kee gutt gefëllte Portmonnie hunn, sinn erschwénglech Wunnengen en zentrale Problem. D'Aarmut spigelt sech kloer an de Wunnengsbedéngungen erëm: sou lieft zu Lëtzebuerg eng Persoun an der Moyenne op 64 Quadratmeter - de Lëtzebuerger op 73 Quadratmeter, de Kapverdianer nëmmen op 32 Quadratmeter .

89,1 Prozent vun de bebaubaren Terraine sinn a privater an nëmmen 10,9 Prozent an ëffentlecher Hand - do brauche mer vill politesche Courage, fir datt op dësen Terraine bezuelbare Wunnengsraum geschaf gëtt. D'Gemenge kréie 75 Prozent vun de Käschte fir soziale Wunnengsbau vum Staat erëm. Nëmme 56 Gemengen hunn tëschent 2011 an 2016 dës Mesure ugefrot! Firwat investéieren d'Gemengen esou wéineg an esou Wunnengen? Et gëtt een d'Gefill net lass, datt et drëms geet, déi sozial Aarm an d'Grenzregioun ze verdreiwen - e Phenomeen, dee schonn amgaang ass.

Zweete grousse Chantier: Ongläichheeten an der Schoul

Chancëgläichheet an eiser Schoul ass e Schlëssel aus der Aarmut. E gudden Diplom dréit dozou bäi, datt Famillen net vu Generatioun zu Generatioun an der Aarmut weiderliewen. Et stellt een awer fest, datt de Kanner aus sozial benodeelegte Famillen am Primär wéineg ënner d'Äerm gegraff gëtt - an dat zanter méi wéi 50 Joer! De Bildungsbericht vun 2018 an elo viru Kuerzem d'Pisastudie weisen op dramatesch Aart a Weis, wéi wéineg Kanner aus aarme Verhältnesser an eise Schoulen eng reell Chance hunn. Do geet et net duer, d'Offer vun eise Schoulen ze diversifizéieren, dëse Kanner muss eng individuell Ënnerstëtzung ugebuede ginn.

Stéchwuert Hausaufgabenhëllef! Do ass Handlungsbedarf, well wann eis Primärschoul weiderhin Hausaufgabe verlaangt, da muss de Staat fir déi Kanner, déi doheem keen hunn, Hëllefsstellungen ubidden. D'Maison relaisen däerfe bis ewell awer nëmmen eng Surveillance unzebidden a keng Hausaufgabenhëllef. Gi mer esou Richtung gläich Bildungschancen?

Vill Schüler aus sozial schwaache Famille ginn an d'Ausland an d'Schoul, fir en Diplom ze ergatteren, mee si hu kee Recht op e Subside, well si jo net zu Lëtzebuerg an d'Schoul ginn!

Firwat loosse mer sozial schwaach Kanner bewosst a systematesch lénks leien?

Bei der Wunnengsnout an der Chancëgläichheet an der Schoul erkennen ech jiddefalls kee Wëllen zur Aarmutsbekämpfung!


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.

An der Mediathéik:

Fräie Mikro / / Laura Zuccoli
Lauschteren

Méi zum Thema

Rapperklass
"Die Rapper-Helden Klasse"

De Cycle 3.1. aus der "Schoul am Duerf" zu Beetebuerg huet zesumme mam David Galassi vun "de Läb" e Lidd iwwer d'Aarmut produzéiert. D'Tessy Steffen Koenig war an d'Klass luussen.

Kanner- an Erwuesseneschung
Aarmut

D'Hallschent vun den elengerzéiende Stéit hunn een Akommes ënner der Aarmutsgrenz. D'Chambre des salariés huet erausfonnt, datt déi extrem Aarmut bannent de leschte Joren an d'Luucht gaangen ass.

Eidele Portmonni
Aarmutsrisiko an internationalen Dag géint Misère

19 Prozent vun de Leit hei am Land waren d'lescht Joer vum Aarmutsrisiko betraff. Dat geet aus engem Rapport vum STATEC ervir. Et misst een déi verstoppten Aarmnut siichtbar maachen, seet d'Jacqueline Gillet vun ATD Quart Monde.

Pia Oppel Analys
Chamberwahlen 2018

All d'Parteie si géint Aarmut an ze grouss sozial Inegalitéiten. Mee vill Wahlprogrammer evitéiere méi sensibel Aspekter vun dëser Thematik, notamment d'Inegalitéite vum Patrimoine, fënnt d'Pia Oppel.

Christiane Kleer Analys
Chamberwahlen 2018

D'Situatioun an der Educatioun schéngt sech entspaant ze hunn. An dat obwuel den Educatiounsminister iwwer 40 nei Gesetzer op den Instanzewee bruecht huet. E Bilan vum Claude Meisch senger Educatiounspolitik.

Robert Urbé, Jean-Claude Reding
Sozial Gerechtegkeet

D'Schéier tëscht Aarm a Räich geet auserneen. D'Hausse vun der Aarmut huet mat Ongläichheete vum Revenu ze dinn. D'Friichte vum ekonomesche Wuesstem wieren ongläich verdeelt, seet de Jean-Claude Reding.

Corinne Cahen
Chamberwahlen 2018

D'Reform vum RMG géif Monoparentallen a Kanner an de Mëttelpunkt stellen, seet d'DP-Presidentin Corinne Cahen. Et misst een "iwwer de ganze Steiersystem" kucken, a Kanner och do an de Mëttelpunkt stellen.

Pit Walté. Meenung
Wirtschaftswuesstem a Working Poor

De STATEC seet ee Wirtschafts-Wuesstem vu fënnef Prozent viraus. D'Aarbechtslosegkeet soll erof goen. Gläichzäiteg riskéiere 16 Prozent vun de Mënschen zu Lëtzebuerg an d'Aarmut ze rutschen.

Patrick Dury
Garantéierte Mindestloun

Den LCGB-President Patrick Dury formuléiert keng prinzipiell Kritik um Projet vun der Regierung, mä fuerdert Präzisiounen. Notamment zur zukünfteger Roll vun de Beschäftegungsinitiativen.

Verscholdung
Wirtschaft

Fir Saisien oder Zessiounen op der Pai gëllen zënter dem 1. Dezember nei Limitten. Fir Leit mat ville Scholden an domat ville Creancieren ännert sech awer net vill, esou de Maître François Delvaux.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Samschdes-Magazin

  • Noriichten

  • Grousse Kino

Net verpassen

Dossieren

  • Berlinale 2020

    D'Berlinale feiert dëst Joer hire 70. Gebuertsdag ënner den neien Direktere Carlo Chatrian a Mariette Rissenbeek. D'Sarah Peppin an den Tom Dockal si fir eis op der Plaz.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen