Gemengewahlen Wéivill Portugise wëlle wiele goen?

Zéngdausende Leit, haaptsächlech Portugisen, sinn op Christi Himmelfahrt bei d'Denkmal vun der Muttergottes vu Fatima gepilgert. Mat dobäi war dëst Joer och de portugisesche President Marcelo Rebelo de Sousa. De Staatschef hat sech am Kader vun senger Visite dofir agesat, datt seng Landsleit zu Lëtzebuerg sech fir d'Gemengewahlen am Oktober aschreiwen. Ass dee Message ukomm?

Rick Mertens / ys

Cortège bei Fatima
De Cortège zu Wolz bei der Dekanatskierch

D'Stroosse ware schwaarz vu Leit, wei de Pilgerzuch virun der Dekanats-Kierch zu Wolz lassgezunn ass. Wei all Joer ware virun allem Portugisen aus allen Ecke vum Land op Wolz gereest. Vill vun hinne waren nach net decidéiert, ob si a gutt véier Méint an hirer Gemeng wëlle wielen.

"D'Gemeng huet eis effektiv schonn alles geschéckt", seet eng Dame. "Vläicht ginn ech a menger Gemeng wielen. Ech wunnen zu Mënsbech." Si wier nach net ageschriwwen, seet eng aner Dame. "Ech weess, datt eise President gesot huet, mir sollen eis aschreiwen. Ech wäert nach driwwer nodenken, mir hu jo nach bis Enn Juli Zäit, mengen ech."

Auslänner, déi op d'mannst fënnef Joer zu Lëtzebuerg wunnen, kënne sech nach bis den 13. Juli an hirer Gemeng fir d'Wahlen aschreiwen. Mee net jiddereen ass iwwerzeegt, datt ee Vote och eppes bréngt.

D'Odette an d'Libania

"Heiansdo hunn ech d'Gefill, datt ech net kann decidéieren. Et gi Leit, déi fir eis decidéieren. Si maache wéi si wëllen", seet d'Odette. "Ech interesséiere mech net wierklech fir Politik. Mee et gi Leit, déi driwwer nodenken." D'Libania niewent hir seet, si an hire Mann wiere schonn ageschriwwen. "Ech sinn elo zënter 32 Joer hei, an ech soen ëmmer, datt ech wäert hei bleiwen. Ech si Portugisin, awer Lëtzebuerg gefält mir besser."

"Eng Hand mat upaken"

Och de Fernando an de Jorge si schonn iwwer 20 Joer zu Lëtzebuerg. Si soen d'Gemengewahlen géifen hinnen d'Meiglechkeet ginn an dem Land mat ze decidéieren, an dem si wunnen a schaffen. "Et muss ee wiele goen. Well mir hunn och eppes ze soen. Mir schaffe jo hei", seet de Fernando. De Jorge fënnt, datt een eng Hand misst upaken, fir d'Land weiderzebréngen. "Ech wunnen zu Beetebuerg, do si vill Leit net ze zefridde mam Buergermeeschter. Da muss ee wuel een anere sichen."

De Jorge geet wielen

Bei de leschte Gemengewahlen 2011 haten sech ronn 32.000 Auslänner ageschriwwe fir matzewielen. Dat waren eng 18 Prozent vun de wahlberechtegten Net-Lëtzebuerger. Fir deen Taux ze hiewen hunn de Portugisesche President an de Premier Xavier Bettel zesummen un d'Portugisesch Communautéit appelléiert, fir sech anzeschreiwen.

Fir verschidde Leit geet et mëttlerweil awer och ouni Aschreiwung: Fir déi, déi d'Lëtzebuerger Nationalitéit hunn.


Lauschtert de Reportage vum Rick Mertens:

Portugise bei Gemengewahlen

Méi zum Thema

Laura Zuccoli
Etat de la Nation

Et dierft ee keng "Angscht" hunn, datt d'Thema Auslännerwahlrecht de Wieler "rose mécht", seet d’ASTI-Presidentin Laura Zuccoli. "Den demokrateschen Defizit bleift, ob de Wieler et wëll oder net."

Nuria Garcia
Sproochepolitik

Iwwer d'Zil vun der Sproochepolitik gëtt net diskutéiert, seet d'Politologin Núria Garcia. Dat wier problematesch: Manner fir d'Kommunikatioun am Alldag, méi fir déi politesch Participatioun a fir d'Schoul.

Eldorado 3.JPG
Portugisesch Immigratioun

Tëscht de Sproochen, der Ausbildung an de Flichten als Bierger si nach ëmmer vill Portugisen net zu Lëtzebuerg ukomm. Dat huet vill verschidde Grënn. An et gëtt nach ëmmer u Léisunge geschafft.

Group of People Waving Portuguese Flags in Back Lit Concept
Migratioun

D’Portugise sinn déi gréissten auslännesch Communautéit zu Lëtzebuerg. Iwwer d'Hannergrënn vun der Migratioun gëtt wéineg geschwat. D’Uni Lëtzebuerg hat eng akademesch Konferenz zum Sujet organiséiert.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen