Leit campéiere virun SNHBM "Weist d'Dramatik vun der Lag zu Lëtzebuerg"

Déi lescht Nuecht hunn eng Rei Persounen virum Gebai vun der SNHBM op der Kalchesbréck d'Nuecht verbruecht, fir de Mëttwoch Moien ënner den Éischten ze sinn, déi sech op eng Lëscht fir een Haiserprojet zu Alzeng aschreiwen.

Christiane Kleer / cz

Guy Entringer.JPG
De Guy Entringer ass den Direkter vun der Société nationale des habitations à bon marché

Den Interview mam Guy Entringer


Dës Meldung vun RTL confirméiert den Direkter vun der Société nationale des habitations à bon marché Guy Entringer. De Méindeg um véier Auer nomëttes hätte sech déi éischt Leit op der Plaz afonnt, bis néng Auer owes wieren eng zwanzeg Leit do gewiescht, déi bis de Moie bliwwe wieren. Bis néng Auer de Moien hat d'SNHBM 130 Demandë fir een Haus oder een Appartement um Dësch leien. Et wier scho fir zweet, datt Leit géife virun der Dier iwwernuechte fir moies vir bäi ze si bei den Aschreiwungen - déi aktuell Prozedur gesäit vir, datt den Accès op d'Biene vun der SNHBM der Rei no un d'Demandeure verdeelt ginn, déi sech umellen.

Déi Prozedur misst awer elo geännert ginn, sou de Guy Entringer, fir datt déi Situatioun sech net widderhëlt. D'SNHBM géif vun hirem Succès iwwerrannt ginn, an d'Situatioun vun der leschter Nuecht géif "d'Dramatik vun der Lag" um Logementsmarché zu Lëtzebuerg weisen, sou nach den Direkter vun der SNHBM.

Méi zum Thema

Guy Entringer.JPG
Société nationale des habitations à bon marché

D'SNHBM wëllt e Projet mat 750 Haiser an Appartementer zu Ollem realiséieren, op engem eegenen Terrain vu 27 Hektar. De Projet soll eng héich Liewensqualitéit garantéieren.

Chantier Exklusiv
Logement

D'"Société Nationale d'Habitation à Bon Marché" schafft un enger Kapitalerhéijung. Wéinst hirer Expansioun soll d'SNHBM viraussiichtlech zéng Milliounen zousätzlech zur Verfügung gestallt kréien.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen