E Mëttwoch de Mëtteg ass um Findel wierklech net vill lass. Zwar huet Luxairport extra vill Bännercher virun den Check-In-Schalter gespaant, mee well esou wéineg Leit do sinn, lafen déi just Slalom, et gëtt einfach guer keng Schlaang. Well extra Mataarbechter zur Verfügung sti fir d'Leit ze guidéieren, huet een d'Impressioun, datt zwee Leit Personal op ee Passagéier kommen.
Vill Personal um Findel
Eng Fra aus der franséischer Moselle zielt, datt d'Organisatioun gutt géif verlafen, an datt ee sech a Sécherheet géif fillen. Hir Rees op Roum hu si an hir Frënn ganz kuerzfristeg gebucht. Si haten ursprénglech aner Vakanzepläng: si hätte wëllen a Polynesie goen, mee dat war wéinst der Pandemie an d'Waasser gefall. Obwuel Italien eent vun deene Länner war, wou d'Pandemie an Europa vill Affer gefuerdert hat, gëtt et keng weider Komplikatiounen dohin ze reesen.
Och bei den Arrivéeë sinn d'Passagéier rar geséint, dofir gëtt et awer vill Personal: Studenten, déi de Leit Deplianten ausdeele fir sech testen ze loossen, d'Personal vun der Teststatioun um Findel, d'Botzpersonal, d'Police, d'Douane. Et mierkt ee kaum, datt grad e Fliger gelant ass.
Griichenland: Testen nom Zoufallsprinzip
Eng Koppel vun Expats ass grad aus Griichenland zeréckkomm. Si wossten net esou richteg, ob si kéinte fléien, well d'Infektiounszuelen hei zu Lëtzebuerg nees geklomme sinn. Si hunn dunn erausfonnt, datt d'Griiche bei der Arees nom Zoufallsprinzip testen: si goufen net getest a konnten ouni Problem areesen.
Fir méi roueg ze sinn, huet d'Koppel sech beim Retour teste gelooss. Et ass net hir éischt Rees zanter datt de Confinement opgehuewen ass. Déi leschte Kéier ware si op Venedeg, an do hätte sech d'Leit un d'Hygiènesmesurë gehalen. Mee a Griichenland géifen net vill Leit e Mask undoen. Dofir géife si sech elo méi Gedanke maachen.
Eng aner Fra, déi grad aus Südfrankräich erëmkomm ass, zielt, datt bei hirem Fluch alles gutt verlaf ass. "Mir si gutt opgekläert ginn." Am Fliger hätt si vill Informatioune kritt, an d'Passagéier wieren opgekläert ginn, wéi si sech behuele sollen. Dat hätt och gréisstendeels gutt geklappt.
Wéineg Passagéier
Eng aner Fra zielt, datt an hirem Fliger déi meeschte Sëtz eidel bliwwe sinn. Um Flughafen a Frankräich hätt sech net jiddwereen un d'Maskeflicht gehalen, a si hätt sech dowéinst e bëssen onsécher gespiert. Am Fliger wier dat awer kee Problem gehat, do hätt jiddwereen eng Mask ugehat.
No zwee bis fënnef Deeg wéilt si och e Corona-Test maachen, si géif sech da méi sécher spieren. Et kéint jo nämlech sinn, datt si sech am Fliger ugestach hätt.