arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéineg fräiwëlleg Corona-Tester um Flughafen

Coronavirus

|
reading time

2 min

Wéineg fräiwëlleg Corona-Tester um Flughafen

No der Landung um Findel kann all Passagéier sech fräiwëlleg op de Coronavirus teste loossen. Ronn zéng Prozent vun de Passagéier profitéiere vun där Méiglechkeet. Wat geschitt, wann de Virus bei engem Passagéier nogewise gëtt, a wéi ass d'Situatioun um Findel?

reading time

2 min

Um Findel ass et nach ëmmer zimmlech roueg an Zäite vum Deconfinement. Obwuel d'Luxair erëm lues a lues zum Fluchbetrib fënnt, bleiwen d'Sécherheetsmoossname weiderhi streng; souwuel am Fliger wéi och um Terminal. All Passagéier, deen zu Lëtzebuerg lant, ka sech direkt op der Teststatioun vum Findel, oder bannent zéng Deeg an all aner Laboratoire am Grand-Duché op den Coronavirus testen loossen. D'Leit kréien e Voucher fir e gratis Test, esou den René Steinhaus, CEO vu Luxairport.

Am sougenannte Bagage-Claim deelt eng Persoun Bongen aus an informéiert och wou den Test gemaach gëtt. E professionellen Infirmier oder eng professionell Infirmière vun engem Labo géif den Test dann duerchféieren.

508 Leit goufen an zwou Woche getest

Den Zuelen vun der Santé no goufen vum 29. Mee bis en Sondeg 508 Leit, déi um Findel ukoumen, op de Coronavirus getest, dovu war eng Persoun positiv. Wéi eng Mesuren an esou engem Fall getraff ginn a wat dat fir déi aner Passagéier vum nämmlechten Vol heescht, erkläert den Thomas Dentzer, Responsabel vun der Santé.

"Wann s de positiv getest bass, egal ob ee sech hei teste gelooss huet oder op enger aner Teststatioun, kritt d'Direktioun vun der Santé dat matgedeelt. Da gëtt ee kontaktéiert vun engem Mataarbechter vun eis fir mat him ze schwätzen, datt e positiv ass, wat e soll maachen a wéi e sech soll verhalen. Da gëtt de Contact-Tracing gemaach fir ze froen, mat wiem en am Kontakt war. Da gëtt natierlech och gekuckt, wa sech erausstellt datt ee geflunn ass, wou souz en, an hat en nach Kontakt mat anere Leit. Dës ginn dann eben och gegebenenfalls kontaktéiert. Et gëtt net de ganzen Fliger a Quarantän gesat, mee et gëtt scho gekuckt, wien an der Proximitéit war an mat wiem de Patient a méi enkem Kontakt war."

Dem René Steinhaus no maachen ongeféier zéng Prozent vun de Passagéier direkt no der Arrivée vum gratis Corona-Test gebrauch. Verschiddener wéilten net waarden an den Test net sur place maachen.

Fir den Direkter vun Luxairport René Steinhaus ass kloer, datt dëse Summer keen klasseschen Vakanzesummer wéi all anere gëtt, an awer géif ee mierken, datt d'Leit erëm gäre verreesen. Esou lues a lues géif een erëm zu enger Normalitéit fannen, mee d'Mask gehéiert vun elo u wuel zum moderne Reese mat dozou.