Fir e Referendum iwwer d'Verfassungsreform Weider Informatiounen iwwer de Comité d'initiative

Vum iwwernächste Freideg (19. November) un a bis den 20. Dezember mat ass et méiglech op d'Gemengen ënnerschreiwen ze goe fir d'Demande fir d'Organiséiere vun engem Referendum iwwert d'Justiz-Kapitel vun der Verfassung z'ënnerstëtzen. Dat huet de Premier Xavier Bettel haut offiziell matgedeelt, a senger Kommunicatioun, déi an der Presse an am Journal Officiel verëffentlech gouf. Fir datt et an dësem Zenario zu engem Referendum kënnt, sinn op d'mannst 25.000 valabel Wieler-Ënnerschrëften néideg.

sk / cz

Illustratioun Verfassung

Zum Comité d'Initiative mat am ganzen aacht Memberen, dee beim Premier d'Organiséiere vun engem Referendum ugefrot hat, gehéiert de Gérard Koneczny, deen déi ëffentlech Petitioun lancéiert hat, mat der Demande no engem Referendum iwwert d'Verfassungsreform. Dës Petitioun, déi nach bis e Méindeg leeft, hate bis de Moie ronn 17.400 Leit ënnerschriwwen.

Wann dës Petitioun am Ganze 25.000 Ënnerschrëfte kritt, da wëllt d'CSV e Referendum "un d'Rulle bréngen", wéi de Parteipresident Claude Wiseler daz ugekënnegt hat, beim éischte Vott iwwert dat reforméiert Justizkapitel vun der Verfassung an der Chamber. D'Demande fir d'Organiséiere vum Referendum misst da vu méi wéi 15 Deputéierte gemaach ginn.

Méi zum Thema

Simone Beissel
Verfassunsrevisioun

Déi véier Co-Rapportere fir déi geplangte Verfassungsrevisioun wäerte sech an den nächsten Deeg iwwerleeën, ob dat "neit Recht" eng Famill ze grënnen - wéi geplangt - als e Grondrecht an d'Verfassung stoe kënnt, sou d'Simone Beissel.

Informatiounsversammlung iwwer nei Verfassung
Lëtzebuerg

Véier Kapitele goufen ausgeschafft, fir d'Verfassung ze reforméieren. E Freideg hat d'Chamber eng éischten Informatiounsversammlung zur Verfassungsännerung organiséiert, wou d'Bierger hir Froen konnte stellen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen