EU-ANTI-KRISE-PLÄNG Wéi sozial gëtt d'Relance?

Den europäesche Plan de Relance soll der europäescher Wirtschaft aus der Kris hëllefen. D'Sue sinn u Critèrë gebonnen. Lëtzebuerg huet ee Projet virgeluecht, dee gouf awer net mat de Sozialpartner beschwat, kritiséiert d'Präsidentin vun der Chambre des salariés, Nora Back.

Danièle Weber (Bréissel) / cz

Illustratioun Relance EU Europa
Foto: Bigstock / Barbarusha

Wéi eng Roll spillt de soziale Volet an den Anti-Krise-Pläng, déi den Ament vun den nationale Regierungen ausgeschafft ginn, fir EU-Suen aus dem Fonds de Relance ze kréien?

Dat war eng vun de Froen e Méindeg den Owend op enger Video-Konferenz, op déi d'Lëtzebuerger Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun invitéiert hat.

Den Europäesche Pillier fir Sozial Rechter gouf schonn 2017 lancéiert, ënner der Regie vum Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker. Déi aktuell Kommissioun huet déi lescht Woch een Aktiounsplang virgeluecht, mat am Réck Ëmfro-Resultater déi den EU-Kommissär fir d'Aarbecht a Soziales positiv stëmmen. "91 Prozent vun de Lëtzebuerger an 88 Prozent vun den Europäer soen: Dat Soziaalt ass wichteg fir mech perséinlech", sou den Nicolas Schmit.

Kee Prozentsaz fir de soziale Volet

D'Präsidentin vun der Chambre des salariés, d'Nora Back hofft, datt sech de Wonsch no méi Soziale Mesuren an den nationalen Anti-Krise-Pläng offierft, déi elo mat Hëllef vun EU-Suen lancéiert ginn.

Déi Suen, déi a Form vu Kreditter oder Subsiden nach dëst Joer fléisse sollen, sinn u Critère gebonnen. Ronn een Drëttel soll zum Beispill an de Klimaschutz gestach ginn.

Datt net virgeschriwwe gouf, ee bestëmmte Prozentsaz a sozial Mesuren ze investéieren, bedauert d'Nora Back.

Den Nicolas Schmit gëtt zou, datt et do vläicht ee klengen Desequiliber mam Beräich Klimaschutz an Digitaliséierung gëtt. D'Relance misst awer eng sozial Dimensioun hunn.

"Dat ass wichteg fir den Zesummenhalt vun eiser Gesellschaft, datt si no der Pandemie net weider auserneen dreift an zerbrécht. Dat gëllt fir Lëtzebuerg an och fir aner Memberstaaten. D'Kommissioun ass sech bewosst, datt dat Sozialt muss an déi Pläng fir den Nees-Opbau muss integréiert ginn."

Lëtzebuerger Projet ouni Matsprooch vun de Sozialpartner

D'Lëtzebuerger Regierung huet der Kommissioun virun zwou Wochen hire Projet virgeluecht, dee gëtt elo zu Bréissel ënner d'Lupp geholl. D'Sozialpartner waren do net implizéiert, kritiséiert d'Nora Back, déi och Präsidentin vum Onofhängege Gewerkschaftsbond ass.

"D'Lëtzebuerger Regierung huet ee Projet proposéiert, an deem de soziale Volet definitiv ze kuerz koum."

Et wier ee sech eens mam Patronat, datt d'Sozialpartner och an d'Diskussioune vum Europäesche Semester sollen abezu ginn.

D'Europäesch Kommissioun géif dat esou ënnerstëtzen, sou de Nicolas Schmit.

Net de Moment fir eng Corona-Steier

Fir de Generaldirekter vun der Chambre de Commerce, Carlo Thelen, dierf d'Relance net mat neie Steieren verbonne ginn, déi d'Betriber belaaschten.

Stéchwuert Corona-Steier fir déi Entreprisen, déi am Verglach zu aneren trotz Kris gutt verdéngt hunn.

"Komm mir schwätzen elo net iwwer Steiererhéijungen. Et gëtt aner Moyenen, d'Kafkraaft ass do, wann d'Leit erëm Vertrauen hunn, gëtt genuch investéiert."

Allerdéngs, sou d'Nora Back gëtt et d'Krise-Gewënner.

"Wann et ëm d'Bezuele geet, da mussen et d'Betriber sinn, d'Salariéen hu genuch bezuelt."

Et war ee sech gëschter eens an där klenger Ronn, datt et ze fréi ass, fir iwwer esou eng Steier ze schwätzen. Dat gesäit och den EU-Kommissär fir d'Aarbecht a Soziales, de Nicolas Schmit esou:

"Dat, wat elo wichteg ass, dat ass net iwwert Steieren ze diskutéieren, mee driwwer ze diskutéieren, wéi mer déi Wirtschaft erëm un d'Goen kréien. Wann dat net schnell geschitt, dann ass de Problem do, datt de Chômage wiisst an datt eng ganz Rei Betriber futti ginn. Dofir muss d'Relance elo d'Prioritéit sinn."

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Danièle Weber
Lauschteren

Méi zum Thema

EU-Politik a Corona-Zäiten
AUSBLÉCK

Am Europaparlament gi grouss Hoffnungen an den EU-Antikrisefong gesat, fir d'Suitte vun der Kris opzefänken. Aus der Pandemie solle Léieren gezu ginn, dowéinst gëtt och op eng aner Approche an der Gesondheetspolitik gesat.

Emmanuel Macron, Xavier Bettel, Charles Michel
EU-Sommet

Den EU-Sommet geet an eng weider Verlängerung: och deen zweeten Dag goung op en Enn, ouni datt et zu engem Accord iwwer den ëmstriddene Finanzpak koum. E Sonndeg um 12 Auer soll et weidergoen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen