Nei Affectatioun Wéi kënnen entweite Sakralbauten nei genotzt ginn?
Den Dënschdeg gëtt zu Zowaasch am Süde vum Land eng Kierch ageweit: Net fir reliéis Zwecker, mee fir kulturell Zwecker. Virun zwee Joer gouf d'Helleg-Bärbel-Kierch nämlech vum Bistum entweit. Vun deem Moment un dierfen do keng reliéis Zeremonië méi ofgehale ginn. Wéi kënne sou Sakralbauten nei genotzt ginn? Mat dëser Fro hu sech Vertrieder vu Bistum, Gemeng, Denkmalschutz-Service an Architekten viru kuerzem op enger Table Ronde beschäftegt.

Nei ass d'Thema net. Fir just ee Beispill ze nennen: Déi al Kapuzinerkierch an der Haaptstad ass haut en Theatersall.
Mee wéinst der méi grousser Trennung tëscht Kierch a Staat muss de Bistum sech finanziell anescht opstellen: An de leschten aacht Joer goufe 14 Kierchen a Kapellen entweit.
Ob gleeweg oder net - fir d'Leit aus enger Uertschaft wier d'Desakraliséierung vun hirem Kierchebau ëmmer mat ville Bauchgefiller verbonnen, stellt de Responsabele vun der Kommunikatioun vum Bistum Gérard Kieffer fest. "Et huet een e Stéck Liewe gedeelt an dofir ass déi Emotioun do an dofir muss een dat, mengen ech, sensibel upaken an och respektéieren."
Och am Bistum géif ni liichtfankeg decidéiert ginn, datt eng Kierch sollt entweit ginn. Mee verschidde Froe misst een sech stellen. "Brauche mir se fir eist kierchlecht Liewen?", wier eng vun de Froen déi ee beäntwerte misst. Ob d'Ënnerhale vun enger Kierch nach finanziell drobar ass, wier eng aner Fro op déi een eng Äntwert fanne misst.
Eng Gesellschaftsfro
Eng 500 Kierchen a Kapellen ginn et am Land - en Drëttel gehéieren dem Kierchefong, e weidert Drëttel ass mat Gemenge konventionéiert an 176 sinn dëst nach net.
Fir eng Rei vun hinne kéint sech deemno an Zukunft d'Fro stellen, wei eng nei Verwendung ee fir se kéint fannen.
Eng akut Gesellschaftsfro, mengt de Pierre Hurt vum OAI, dem Ordre des Architectes et Ingénieurs-Conseils. Dofir wëllt hie verschidden Acteuren zesummebréngen. D'Gemengen, d'Kierch selwer, och d'Architekten, d'Ingenieuren, d'Urbanisten a wat wichteg ass natierlech déi Bevëlkerung, déi op der Plaz lieft.
Ier e Projet iwwerhaapt kéint lancéiert ginn, gëtt fir d'éischt e komplette Bilan vum Bau gemaach ginn, erkläert de Patrick Sanavia, Direkter vum Service des Sites et Monuments Nationaux. De Leschte begleet d'Aarbechte wann eng Kierch geschützt ass - aktuell sinn dat um Gemengenniveau déi meescht, national sinn et der 222, 50 Prozedure sinn um Lafen. Dat huet dann och eng finanziell Inzidenz.
Méi reglementaresch Flexibilitéit néideg
De Gemengeschutz kéint bis 25 Prozent mat finanzéiert ginn a bei engem nationale Schutz kéint ee bis 50 Prozent mat finanzéieren.
Aus Siicht vum Denkmalschutz sinn d'Virgabe kloer. Et wéilt een och keng ze invasiv Mëttel benotzen an alles wat ee mécht sollt och reversibel sinn. Gedanken heiriwwer mécht sech beispillsweis d'Architektin Sala Makumbundu.
Ausstellungs- oder Veranstaltungraim fir kulturell Evenementer wieren typesch Méiglechkeeten, mee dat kéint och vill méi wäit goen.
"Et kënnen och einfach Plaze si wou e Maart ass, et kënne souguer Wunnengen entstoen, do ginn et och scho Beispiller am Ausland. Also do ass ganz villes méiglech, et muss een ebe kucken op wéi enger Plaz wat déi Richteg Funktioun ass."
Fir sou Projeten an Zukunft kënnen ze reagéiere missten an Zukunft awer och Sonderléisunge fonnt ginn an et misst een néideg Flexibilitéite virgesinn.
Fir dat d'Kierch am Duerf bleift, missten engersäits d'Leit sur Place an och d'Ëmfeld ronderëm d'Gebai mat an d'Entwécklung vum neie Projet abezu ginn, esou d'Sala Makumbundu.
Zousazinfo:
Zënter 2013 entweit Kierchen a Kapellen an de Gemenge: Déifferdeng (Fréier Kierch Notre-Dame des Douleurs; Helleg-Bärbel-Kierch zu Zowaasch), Fëschbech (Kapell Weyer), Sëll (Ierner, Kapweiler), Biwer (Haastert), Garnech (Héiweng), Konsdref (Scheedgen), Suessem (Belval-Metzerlach), Kielen (Olm); Ettelbréck (Grenzen, Waarken), Réiser (Peppeng), Ärenzdall (Folkerdeng, am Besëtz vum Kierchefong)