Chamberdebatten zu der Regierungserklärung Wéi gëtt de Koalitiounsprogramm finanzéiert?
Huet d'Dräierkoalitioun d'Staatsfinanze wierklech am Grëff a wéi vill kascht dee Koalitiounsprogramm? Wéi héich ass déi eigentlech Staatsschold? Dat ware Froen, déi d'Oppositiounsparteien opgeworf hunn. Fir de Gilles Roth vun der CSV ass d'Staatsschold net erofgaangen.
Während de Chamberdebatten no der Regierungserklärung hu grad wéi während dem Wahlkampf d'Theme Wuesstum an Nohaltegkeet vun de Staatsfinanzen dominéiert.
"Am Verglach zum PIB ass dat mat engem Réckgang vun 23,1 Prozent op 21,9 Prozent vum PIB absolutt richteg. An absolutten Zuelen ass dat awer grad esou falsch. D'Staatsschold läit 2018 mat 13,3 Milliarden Euro ëm 2,2 Milliarden Euro méi héich wéi 2013."
D'CSV, d'ADR an d'Piraten haten Zweiwel iwwer d'Finanzéierbarkeet vun de Moossnamen, déi d'Koalitioun virgedroen huet. D'Majoritéitsparteien dogéint sinn zouversiichtlech, datt d'Staatsfinanze gesond sinn. Am Fall vun engem konjunkturelle Problem kéint ee verschidden Depensë strecken, seet den LSAP-Fraktiounspresident Alex Bodry.
Zu de Kritike vun der CSV iwwer d'Finanzéierbarkeet vum Koalitiounsprogramm sot d'Josée Lorsché gréng Fraktiounspresidentin. "All Euro, dee mir net an d'Mobilitéit investéieren, an all Euro, dee mir net an de Klimaschutz investéieren, gëtt eist Land ënner dem Stréch méi deier, wéi all déi geplangten Investitiounen zesummen."
"Dat kléngt no Kierzunge fir verschidde Leit"
Eng vun den Moossnamen am Koalitiounsaccord betrëfft d'Individualiséierung vun der Besteierung, fir d'Piraten ass dat ee positive Schratt. Den Aussoe vun der Regierungskoalitioun no, géif duerch d'Reform keen eppes verléieren. Déi Rechnung kéint net opgoen, hunn de Sven Clement vun der Piratepartei an de Gast Gybérien vun der ADR geäntwert. "Et géife Kompensatiounsmoossnamen an Iwwergangsbestëmmunge mat festgehale ginn. Dat mécht mech dann awer hellhöreg, well dat kléngt no Kierzunge fir verschidde Leit, soss bräicht ee keng Iwwergangsbestëmmungen", sou de Gast Gybérien.
Keng méi héich Taxen op Dieselautoen a keng Fuerverbueter
D'CSV-Fraktiounspresidentin hirersäits huet a Punkto Diesel Froen opgeworf. D'Martine Hansen wollt wëssen, ob d'Taxen op d'Dieselautoe wesentlech gehéicht ginn oder ob Dieselautoe plazeweis verbuede ginn. Weder nach, huet de gréngen Nohaltegkeetsminister François Bausch geäntwert, dat stéing och net am Koalitiounsaccord.
Och d'Kilometerpauschal géif net komplett ofgeschaaft ginn, seet den Eugène Berger vun der DP. "Am Zeeche vun der Gerechtegkeet a fir datt jiddweree muss kënne mobil sinn, wäerte mir genee kucken, wou d'Leit zum Beispill op Schichte schaffen a wou d'Offer vum ëffentlechen Transport net esou grouss ass."
Verschidde Forme vu Wuesstumskritik
De Wuesstum war och nees en Thema an der Diskussioun. De Marc Baum vun déi Lénk sot, et misst gehandelt ginn. "Ugefaange mam ekologesche Foussofdrock vu Lëtzebuerg, dee vill ze héich ass, an dee bedeit, datt mir eigentlech net méi esou produzéieren a konsuméiere kënnen, wéi mir dat bis elo gemaach hunn."
Fir d'Oppositiounsparteien CSV an ADR gehéieren och d'Mobilitéit an de Logement zum Thema Wuesstum. Fir déi zwou Parteien ass net kloer, ob d'Gratuitéit vum ëffentlechen Transport een Deel vun der Léisung ka sinn.