Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi funktionéieren d'Rettungsdéngschter um Terrain?

Ee Joer CGDIS: e Besuch am CIS Esch

Wéi funktionéieren d'Rettungsdéngschter um Terrain?

De CGDIS, de Corps grand-ducal d'incendie et de secours huet de Méindeg säin éischte Gebuertsdag gefeiert. Den 1. Juli 2018 hu Pompjeeën a Protection Civile an deem neie Corps fusionéiert. An domat ass d'Reform vun de Rettungsdéngschter a Kraaft getrueden. Oder besser: ugelaf. Well et e Prozess ass, deen net vun haut op muer ze realiséieren ass, deen also Zäit brauch, wéi de Maurice Molitor am Asaz-Zenter zu Esch gewuer ginn ass.

auto_stories

4 min

Wann een als Journalist en hallwen Dag an enger Kasär verbréngt, hofft een, datt eppes geschitt. Dat ass net ganz fein a gëtt och heiansdo bestrooft. Doduerch, datt näischt geschitt. Sou wéi de leschte Mëttwoch de Moien zu Esch.

Dat gutt dorun: Den Zenter-Chef Tom Schmitz hat gutt Zäit fir ze erklären an ze weisen. D'Fusioun tëschent der Protection Civile an de Pompjeeën hätt erstaunlech gutt fonctionnéiert. Den Tom Schmitz gëtt och direkt de Beweis fir seng Behaaptung. Mir maachen en Tour duerch d'Kasär, gi laanscht d'Pompjeesween eriwwer an deen Deelm, wou d'Ambulanze stinn. Do wier d'Dier soss ëmmer zou gewiescht, verzielt den Tom Schmitz, elo ass se op.

37 Professioneller schaffen am Moment am CIS zu Esch. Jiddweree mécht alles. Et gëtt keen Ënnerscheed méi gemaach tëschent Secouristen a Pompjeeën, déi eng ginn elo och mat eraus op Bränn, an déi aner fueren och mat op der Ambulanz.

Virun esou enger sti mir elo. Si wier en anere Beweis fir e konkrete Fortschrëtt, deen de CGDIS bruecht huet, seet den Tom Schmitz. Sou wéi Prozeduren harmoniséiert goufen, ass och d'Material, sinn also zum Beispill d'Ween am Gaang standardiséiert ze ginn. Vun de Kierf bis bei den Tiräng soll alles selwecht sinn. "Dat heescht, ech kann elo op en Autosaccident fueren op Mäertert/Waasserbëlleg, an da fannen ech och do am Tirang 23 dat, wat ech hei fannen", sou den Tom Schmitz.

Och fir Synergien huet de CGDIS nei Dieren opgemaach. Den Escher Zenter ass schonn d'Plaz, wou bestëmmt Materialie fir déi ganz Zon Süde stockéiert ginn. En huet och eng gewëss Kompetenz fir d'Otemschutz-Equipementer no engem Asaz ze checken a fir deen nächsten ze preparéieren. Kann dat also fir aner CISen iwwerhuelen. Sou wéi och haut schonn déi bis zu 30 Meter laang Schläich aus aneren Zenteren zu Esch am héijen Tuerm gedréchent ginn.

Do iwwregens ass elo, ganz nei, eng Anlag fir séchert Kloteren ze üben installéiert ginn. Et geet eng Leeder erop, iwwer e schmuelen hëlze Balleken (deen och e Fënsterbriet kéint sinn), bei eng nächst Leeder - alles an der Héicht. Well grad keen Asaz ass, gëtt ënner der Uleedung vum Jérôme Glesener, dee vun de Stater Beruffspompjee eriwwer op Esch gewiesselt ass, d'Schaffen an deem, wat een "absturzgefährdeter Bereich" nennt, trainéiert.

D'Entwécklung ass nach net ofgeschloss

De Lukas Schmitt klotert och erop, fir sech dono reegelkonform ofzeseelen. Hien ass Däitschen, huet laang am Rettungswiesen déisäit der Musel geschafft. Zanter Februar schafft hien elo am CGDIS, an am Kader vu senger Offizéiesch-Formatioun ass hie grad am Stage zu Esch. An hie seet, e wier schonn impressionnéiert vun deem, wat en an deene leschte puer Méint un Entwécklunge gesinn hätt.

An déi Entwécklung ass nach laang net ofgeschloss. Den Effektiv vum CIS Esch muss a wäert weider opgestockt ginn. Et gëtt eng gewëss Urgence, seet den Tom Schmitz. Hie wëllt awer och net, datt säin Zenter ze séier wiisst. D'Equipe misst eng Chance kréie sech ze fannen.

Sou wéi e bis elo schéngt fonnt ginn ze sinn. Virun engem Joer hu ganzer fënnef Leit fest zu Esch bei de Pompjeeë geschafft. Fënnef Mann staark war de Service d'incendie vun der Escher Gemeng, dee fir de Rescht op Fräiwëlleger ugewise war. Haut si si, wéi scho gesot, zu 37 Haaptberufflechen do. Dorënner ass ee Mann, dee reng an der Präventioun täteg ass. De Pierre Gilbertz koum virun engem Joer vun der Gewerbeinspektioun bei de CGDIS.

"Mir schaffen haaptsächlech mat de Promoteuren, de Maîtres d'ouvragen a mat de Gemenge fir den Avis zu de Baugeneemegungen."

An iergendwann an enger net all ze wäiter Zukunft wäert och eng Baugeneemegung fir eng nei Kasär zu Esch fälleg ginn. D'Raimlechkeeten an der Escher Léon Metz-Strooss fänken nämlech un e bëssen enk ze ginn. Nei gebaut gi soll iwwregens do, wou haut nach de Parking virun der Schmelz vun Esch-Schëffleng ass.