Mat senger Partei hat de Norbert Hofer déi Aktioun scheinbar net ofgeschwat. Fir d'éischt huet hie säi Récktrëtt per Twitter matgedeelt, fir da puer Minutten drop den Tweet nees ze läschen. Spéider confirméiert hie säi Récktrëtt dann awer op der Tëlee. Fir déi meescht Parteikolleegen an der reits-nationaler FPÖ koum dee Schrëtt onerwaart.
De fréiere Kandidat fir éisträichesche Bundespresident ze ginn, Nobert Hofer, hat d'Parteispëtzt iwwerholl, nodeems säi Virgänger, Heinz-Christian Strache, am Kader vun der Ibiza-Affaire huet missen zerécktrieden an d'Partei vun der Regierung nees an d'Oppositioun gewiesselt ass.
Zanterdeem huet d'FPÖ sech nees erholl, a kënnt a Sondage op ronn 20 Prozent. Trotzdeem hat den Nobert Hofer an der Lescht manner Réckhalt an der Partei.
Kickl oder Haimbuchner?
Virun allem mat der Parlaments-Fraktioun an hirem Chef Herbert Kickl war hien am Sträit. Dobäi goung et virrangeg em d'Fro, wéi sech d'FPÖ an der Coronakris soll positionéieren. De Fraktiounschef Kickl war ëmmer nees op Demonstratiounen géint d'Lockdown-Mesuren opgetrueden - de Norbert Hofer dogéint stoung fir eng méi moderat Oppositiounsaarbecht.
No deem sengem Récktrëtt schéngt de Wee elo fräi ze sinn, fir datt den Herbert Kickl d'Parteispëtzt iwwerhëlt. Allerdéngs hunn am federalen Éisterräich och d'Landesparteien dobäi e Wuert matzeschwätzen.
E bekannte Géigespiller vum Kickl ass dobäi de Landesparteichef aus Oberösterreich, Manfred Haimbuchner. Dee wëllt, datt seng Partei regierungsfäeg bleift a gëllt gläichzäiteg als deen eenzegen, deen an enger parteiinterner Wal eng Chance géingt den Herbert Kickl hätt. Bis ewell seet den Haimbuchner awer, hie wéilt an der Landespolitik bleiwen.
Egal wéi de Richtungssträit ausgeet: Et wier onkloer, wei dat sech op Walresultat vun der Partei auswierkt, esou de Politolog Peter Filzmaier am Interview mam ORF.
"Denn sie hat bei der letzten Wahl einerseits 265.000 Stimmen an die ÖVP verloren. Die wollen offenbar Regierung diese Wähler, sonst wären sie nicht zur ÖVP gegangen. Aber andererseits auch 230.000-235.000 Stimmen an das Nicht-Wählerlager verloren. Das sind vielleicht EX-FPÖ-Wähler die sagen, die sollen in der Opposition sein und bleiben."
Sollt den Herbert Kickl Parteichef ginn, géif dat awer och fir déi aner Parteien e Verloscht un Optiounen bedeiten. Dat gëllt och fir dem Kanzler Sebastian Kurz seng ÖVP, deen den Ament mat de Grénge regéiert - eng Koalitioun, déi an lescht ëmmer nees op der Kipp stoung.