STATEC Wéi ee politeschen Handlungsspillraum?

D'Wirtschaftssituatioun vu Lëtzebuerg ass nach ëmmer ganz favorabel, och wann d'Wuesstemsprognosen no ënne revidéiert goufen, seet de Serge Allegrezza. An d'Staatsfinanze wieren excellent.

Pia Oppel / fk

Serge Allegrezza
Statec-Direkter Serge Allegrezza
D'Wirtschaftssituatioun vu Lëtzebuerg ass nach ëmmer ganz favorabel och wann d'Wuesstemsprognosen no ënne revidéiert goufen, seet de Statec-Direkter Serge Allegrezza. Dat hätt hien uganks der Woch och den dräi Parteien DP, LSAP an déi gréng erkläert, déi hir Koalitiounsverhandlunge preparéieren. D'Konjunktur wier international rezent nees méi schwaach gewiescht, an dowéinst misst ee sech op Revirementer astellen.

"Schwaach Konjunktur am Kapp behalen"

Ob de politeschen Handlungsspillraum dowéinst manner grouss ass, ewéi déi lescht fënnef Joer, wier schwéier ze soen, esou de Serge Allegrezza. Mee et misst een déi Zeenarien bedenken. "Ech huelen un, datt déi Leit, déi d'Koalitioun elo preparéieren, dat natierlech och am Kapp hunn." D'Statistikverwaltung géif deene Betraffenen och nach eng Rei Saachen noliwweren.
"Mee op der anerer Säit, dierf een net iwwerdreiwen. De Lëtzebuerger Staat huet momentan een Iwwerschoss vun zwee Prozent vum PIB. Dat ass ganz vill am Verglach mat anere Länner. Et ass deen héchsten." Et wier also Spillraum do, "fir allerhand Saachen z'ënnerhuelen", esou de Serge Allegrezza,

"Scholde maache fir an Infrastrukturen z'investéieren"

D'Situatioun vun de Staatsfinanze wier exzellent. An d'Verschëldung vum Staat wier dem Statec-Direkter no net grouss genuch. Den Emprunt wier extrem bëlleg. An een Emprunt géif ee fir Investissementer fir Infrastrukture benotzen.
"Infrastrukturen, déi daueren op d'mannst zwou Generatiounen. Dat erlaabt engem eng intergenerationell Equitéit - well och eis Kanner solle matbezuele fir d'Stroossen, déi si benotzen - an et erhéicht d'Potential vun engem Land."
Nei Staatsscholde maache wier legitim fir an Infrastrukturen z'investéieren, esou de Serge Allegrezza. "An ech sinn der Meenung, datt mam Bevëlkerungswuesstem - wa mir dorunner gleewen, datt mir op eng Millioun (Awunner) kommen - musse mir massiv investéieren."

Referenz-Budget

Den Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg klëmmt an déi nächst Regierung muss dogéint méi ënnerhuelen. Zu där Konklusioun ass de Statec rezent am Rapport iwwer d'sozial Kohäsioun hei am Land komm. De Statec-Direkter Serge Allegrezza plaidéiert fir an der Debatt iwwert d'Sozialpolitik mat engem sougenannte "Referenz-Budget" ze schaffen, dee festleet, wéi eng Moyenen ee Stot brauch, fir hei am Land dezent ze liewen. Fir eng Koppel mat zwee Kanner wieren dat ëm déi 4000 Euro de Mount. Dat wier ee konkreten Unhaltspunkt, deen d'Leit géife verstoen an iwwert deen een eng Diskussioun kéint féieren, esou de Serge Allegrezza.

"Déi 4000 Euro- oder déi Gidder a Servicer, déi do ofgedeckt sinn - geet dat wierklech duer? Ass dat ze vill? Ass dat ze maachen? Do kann och een och eng Debatt hunn, déi net esou abstrakt ass, wéi wann ech de Leit erklären, datt de seuil de pauvreté bei 60 Prozent vum revenu médian läit. Dat verstinn déi Allermannsten. Ech verstinn och, datt een domadder Schwieregkeeten huet." D'Approche vum Referenz-Budget wier vill méi einfach z'erklären, esou de Statec-Direkter.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Eidele Portmonni
Aarmutsrisiko an internationalen Dag géint Misère

19 Prozent vun de Leit hei am Land waren d'lescht Joer vum Aarmutsrisiko betraff. Dat geet aus engem Rapport vum STATEC ervir. Et misst een déi verstoppten Aarmnut siichtbar maachen, seet d'Jacqueline Gillet vun ATD Quart Monde.

Pia Oppel Analys
Chamberwahlen 2018

All d'Parteie si géint Aarmut an ze grouss sozial Inegalitéiten. Mee vill Wahlprogrammer evitéiere méi sensibel Aspekter vun dëser Thematik, notamment d'Inegalitéite vum Patrimoine, fënnt d'Pia Oppel.

Serge Allegrezza
STATEC

De Comité économique et financier national, deen an der Regierungserklärung ugekënnegt gi war, ass iwwer e Règlement grand-ducal an d'Liewe geruff ginn. De Gremium gëtt domat institutionaliséiert.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen