An den éischte Méint vun der Pandemie war se zum wichtegste politesche Rendez-Vous vun der Woch ginn: d'Ministerpräsidentekonferenz. Wann d'Bundeskanzlerin mat de Länner-Chefinnen a -Cheffen zesummekomm ass, fir iwwer nei Corona-Mesuren ze diskutéieren, dann huet Däitschland nogelauschtert. Well ee wousst: An der Ministerpräsidentekonfernz ginn déi wichteg Decisioune geholl.
De Grond dofir war simpel: Wëll am däitsche Föderalismus d'Bundeslänner a ville Saachen decidéieren an eben net de Bund, huet d'Regierung probéiert, all d'Ministerpräsidentinnen a -präsidenten op eng Linn ze kréien.
D'Spill widderhëlt sech
Elo klammen d'Zuelen nees an Däitschland - a fir d'éischte Kéier zënter Méint war d'Ministerpräsidentekonferenz nees de wichtegste politesche Rendez-Vous vun der Woch. An et goufen och nees Decisioune geholl: Wee falsch Nimm op de Corona-Lëschten ugëtt, muss Geldstrofe bezuelen. An op privat Feieren dierfe just nach 50 Leit kommen.
Nieft den neie Mesurë konnt ee bei der Ministerpräsidentekonferenz awer nach eng aner Dynamik gesinn: D'Ministerpräsidentekonferenz war an ass eng Opportunitéit fir d'Lännercheffen, sech ze profiléieren - duerch Eenzelgäng bei bestëmmte Mesuren oder duerch Widderstand géint d'Majoritéit.
Um Schluss gewënnt d'Kanzlerin?
War et am Fréijoer nach den Armin Laschet aus Nordrhein-Westfalen, dee sech gär queesch gestallt huet, sou sinn et elo de Michael Kretschmer aus Sachsen an de Rainer Haseloff aus Sachsen-Anhalt. Déi zwee sinn allgemeng géint méi streng Corona-Mesuren, sécherlech och aus dem Grond, well d'Situatioun an hire Bundeslänner besser ass, wéi zum Beispill a Bayern oder zu Berlin.
Datt sech dës Dynamik bal eent zu eent widderhëllt, ass verwonnerlech. Et misst ee jo usech aus dem Fréijoer geléiert hunn. Bei der Ministerpräsidentekonferenz vun dëser Woch huet sech allerdéngs och nach eng zweet Dynamik aus dem Fréijoer widderholl: Wann et haart op haart kënnt, setzt sech um Enn d'Kanzlerin Merkel awer duerch.