Chronik Wéi d'Fräiheet sech duerch d'Eenegkeet duerchgesat huet

Den Effort géint de Coronavirus huet an Däitschland mat grousser Eenegkeet ugefaangen. D'Bundeskanzlerin huet souwuel Politik wéi Bierger hannert sech versammelt. Mëttlerweil ass d'Stëmmung gekippt. Wéi konnt et esou wäit kommen?

Matthias Kirsch

Matthias Kirsch

De 25. Mäerz war am däitsche Bundestag en impressionanten Dag, aus verschiddene Grënn. Op där enger Säit war et net d'Bundeskanzlerin, déi dës aussergewéinlech Parlamentssessioun lancéiert huet, mee de Vize-Kanzler Olaf Scholz. En Dokter, mat deem d'Angela Merkel e puer Deeg virdru Kontakt hat, war mam Coronavirus infizéiert. D'Kanzlerin souz net op der Regierungs-, mee op der Ersatzbänk a Quarantän.

A vun do huet si konnte nokucken, wéi de Bundestag an iwwerwältegender Majoritéit e Corona-Rettungspak beschloss huet, dee beispilllos war. Net just wéinst den Honnerte Milliarden Euroen, déi fräigesat goufen, mee och wéinst der parteiiwwergräifender Zesummenaarbecht, déi remarkabel war. Datt Gréng, Lénk an AfD mol eng Kéier esou op enger Linn wieren, hätt een och net geduecht. An d'Eenegkeet aus dësen éischte Corona-Wochen ass wäit iwwer de Bundestag erausgaangen. Eppes, wat net selbstverständlech ass, an engem federale Staat wéi Däitschland, wou d'Ministerpresidenten an de Bundeslänner gären eng eegen Agenda verfollegen.

Den Zesummenhalt bréckelt

An esou sinn e puer Wochen an d'Land gaangen. Wochen, an deenen däitsch Kënschtler, wéi de Pianist Igor Levit, a Live-Streams Musek gemaach hunn an en Zesummenhalt do war, deen déi däitsch Gesellschaft an de leschte Joren duerch Flüchtlingskris, AfD-Opstig a friemefeindlech Attacken verluer hat.

Et hätt ee sech gewënscht, dat Ganzt hätt e bësse méi laang gedauert. Mee iergendwéi war et kloer, datt d'Eenegkeet iergendwann eriwwer wier. An esou ass vum däitschen Dräiklang "Einigkeit & Recht & Freiheit" just d'Verlaangen no der Fräiheet iwwereg bliwwen. Et déngt enger gewëssener Ironie, datt et de Chef vun de Fräiheetlechen Demokraten war, dee schliisslech am Bundestag verkënnt huet: "Weil die Zweifel gewachsen sind, endet die große Einmütigkeit in der Frage des Krisenmanagements!"

Dem FDP-Chef Christian Lindner elo d'Schold fir den Ëmschwong an d'Schong ze stiechen, wier e bëssen einfach. Mee déi Liberal hunn als éischt dat Gefill bedéngt, wat sech an de leschte Wochen ëmmer méi an der däitscher Bevëlkerung breetmécht - dat nom Enn vun de Corona-Moossnamen.

Wéi eng Prognos gëtt wouer?

Um Ufank vun dëser Corona-Kris huet de Magasinn vun enger däitscher Wochenzeitung getitelt: "Noch nie war es so wichtig, zusammen allein zu sein." Et hat esou ausgesinn, wéi wann déi däitsch Bevëlkerung dësem Rotschlo kéint follegen. No knapps zwee Méint gëtt eng aner Prognos wouer, déi am Ufank opgestallt gouf. Wann eis Mesuren de gewënschten Erfolleg hunn, reprochéieren eis d'Leit duerno, mir hätten iwwerreagéiert?

Wann een iwwer déi lescht zwou Woche verfollegt huet, wéi an däitsche Groussstied zum Deel dausende Leit géint eng anscheinend "DDR 2.0" vun der Madamm Merkel demonstréiert hunn - da beäntwert sech déi Fro ganz eendeiteg mat: Jo

An der Mediathéik:

Chronik / / Matthias Kirsch
Lauschteren

Méi zum Thema

De Jean-Claude Juncker am Interview beim Danièle Weber
Corona-Kris

"Zoue Grenze sinn ee Skandal, d'EU-Kommissioun brauch méi Handlungsspillraum a méi een héije Budget", seet de Jean-Claude Juncker. Seng Virgänger a Nofollger géif hien net kritiséieren.

Xavier Bettel
Deconfinement

E Méindeg sollen d'Geschäfter erëm dierfen hir Dieren opmaachen. D'Bierger missten elo léiere mam Virus ze liewen, dat war den Haaptmessage an der Deklaratioun vum Premier Xavier Bettel an der Chamber.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen