arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat war dem Loris Mariotto säin Zil?

Srel-Prozess

|
reading time

1 min

Wat war dem Loris Mariotto säin Zil?

Firwat huet de Loris Mariotto behaapt, et géif eng Opnam gi vun engem Gespréich tëschent dem Jean-Claude Juncker an dem Grand-Duc Henri, am Laf vun deem de Premier an de Staatschef méiglecherweis iwwer d'Bommeleeëraffär geschwat hunn?

reading time

1 min

Wat war seng genee Intentioun fir déi Info ze streeën? Wollt hie sech just wichteg maachen? Oder d'Enquête bewosst an eng falsch Richtung féieren?

Där Fro wär d'Enquête ronderëm deen Episod, wou d'SREL- an d'Bommeleeëraffär sech begéinen, net genuch nogaangen, kritiséiert den 100,7 Chefredakter Jean-Claude Franck.

Hie weist drop hin, datt och vum Srel-Prozess, deen haut ufänkt, keng Äntwert op déi Fro ze erwaarde wier, well de Geschäftsmann - deen als "partie civile" am Prozess optrëtt - dowéinst net kann als Zeien ënner Eed gehéiert ginn.


Beim Stéchwuert "Geheimdéngschtaffär" falen engem direkt e puer Saachen an: illegal Telefonsecoutten, eng kryptéiert CD, e Gespréich, dat mat enger Auer opgeholl gouf. Mee wéi war dat scho méi genee? Wie waren d'Acteure, wéi war d'Chronologie?

Zesumme mam 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck maache mir e Réckbléck op d'Affär an en Ausbléck op de Srel-Prozess, deen haut ugeet. Aacht Seancë si fir déi nächst zwou Woche virgesinn.