Chamberwahlen 2018 Wat fir eng Sozialpolitik fir Lëtzebuerg?

Wat fir eng Sozialpolitik fir Lëtzebuerg? Dorëms goung et an engem Face-à-face tëscht dem Christian Kmiotek an dem Line Wies vun déi Lénk. De Kandidat vun déi Gréng am Osten an d'Kandidatin vun déi Lénk am Süden hunn iwwert d'Finessen tëscht sozialem Fortschrëtt a sozialer Gerechtegkeet diskutéiert. Een Element dovun ass de Mindestloun.

Mick Entringer / cz

Christian Kmiotek & Line Wies
Christian Kmiotek (déi gréng) a Line Wies (déi Lénk)

Zu Lëtzebuerg géif et kee Problem vum Mindestloun ginn, mee e Problem vun de Liewenskäschten, seet de Christian Kmiotek. Fir de grénge Kandidat am Oste sollen éischter Sachleeschtungen a d'Luucht goen, an d'Leit besonnesch beim Logement entlaascht ginn, d'Crédits d'impôt salariés sollen bei den ënneschten Akommesschichten nach emol verduebelt ginn. "Et geet zu Lëtzebuerg drëm, datt d'Léit méi Netto vum Brutto hunn", seet de Christian Kmiotek.

An hirem Walprogramm sinn déi Gréng fir eng Erhéijung vum Mindestloun, soen awer net ëm wéi vill.

Fir déi Lénk ass eng substantiell Hausse vum Mindestloun néideg. D'Gewerkschaft OGBL fuerdert eng Hausse vun zéng Prozent vum Mindestloun, seet d'Line Wies. "Mir ginn iwwert déi zéng Prozent eraus. Mir fuerdere 60 Prozent vum Medianakommes, dat wären 2.380 Euro." Dat bis 2022. An enger éischter Phase soll de Mindestloun schonn dëst Joer op 2.225 Euro klammen.

Wéi eng Sozialpolitik fir Lëtzebuerg?

Op d'Fro, wéi selektiv d'Sozialpolitik zu Lëtzebuerg soll sinn, äntwert de Christian Kmiotek: "Mir sti fir Sozialpolitiken. Mir sinn dogéint fir mat der Strenz iwwert d'Land ze goen, egal a wat fir engem Beräich. Och an der Sozialpolitik. Déi breet Schëllere musse méi droen an déi schmuel Schëllere musse méi ënnerstëtzt ginn. Do si mir absolut fir d'Selektivitéit an alle Politiken."

D'Line Wies vun déi Lénk schwätzt vun enger "universeller Approche" an net vu Selektivitéit. Et wier eng Ëmverdeelung vum Räichtum néideg an esou eng Politik géif bei der Steierpolitik ufänken. "Gerecht Steieren erméiglechen eng egalitär Distributioun."

Wien ass méi sozial?

Déi Lénk an déi Gréng wëllen iwwert d'Steierpolitik d'Situatioun vun den Elengerzéiende verbesseren. Et wier awer ze einfach fir just d'Steierklass 1A ofzeschafen, doduerch géifen nei Ongerechtegkeeten entstoen, esou de Christian Kmiotek. Fir d'Line Wies soll déi Steierklass vun den Elengerzéienden ofgeschaaft ginn. Fir déi Lénk soll en eenheetleche Steierbarême agefouert ginn, mat manner Progressioun bei den niddrege Léin, a méi Besteierung bei den héije Léin, woubäi der Zuel vun de Leit am Stot misst Rechnung gedroe ginn.

Déi gréng géife "kucke wat realistesch machbar ass. Mir versichen en Ausgläich ze fannen tëscht allen Acteuren an der Ekonomie", seet de Christian Kmiotek.

Déi Lénk wiere méi sozial, wéi déi gréng, seet Line Wies, well "déi Lénk den aktuelle Wirtschaftsmodell a Fro stellen".

D'Vertrieder vu béide Parteie gesi kee Besoin fir eng weider Rentereform, d'Rente sinn hirer Meenung aktuell geséchert.

An der Mediathéik:

Chamberwahlen 2018 / /
Lauschteren

Méi zum Thema

D'Françoise Hetto-Gaasch (CSV) an d'Marceline Waringo (KPL)
Chamberwahlen 2018

Den Handel brauch dringend e Kollektivvertrag. Do si sech d'Françoise Hetto-Gaasch (CSV) an d'Marceline Waringo (KPL) eens. Dëst misst awer am Dialog mam Patronat a Gewerkschafte geschéien.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen