Lëtzebuerger Vëlosinitiative Wat fir eng Plaz fir deen elektresche Vëlo?

30 Prozent elektresch a 70 Prozent normal Vëloen - esou hat d'Vëlosinitiative sech d'Zukunft vum Projet "Vel'oh" an der Stad Lëtzebuerg gewënscht. Et koum awer anescht, wéi si sech dat virgestallt haten.

Sophie Morang / cbi

Monique Goldschmit
Monique Goldschmit, Presidentin vun der Vëlosinitiative

Vum Summer u wäerten d'Vëloen, déi een an der Haaptstad ka léinen, alleguer elektresch sinn. D'Lëtzebuerger Vëlosinitiative (LVI) ass net begeeschtert. "Et wier flott gewiescht, wann een och weiderhin e Choix gehat hätt", seet d'Monique Goldschmit vun der Initiative. Dat war och dëser Deeg e grousst Thema op der Generalversammlung vun der LVI. Elo awer hofft ee séier op méi Informatiounen, iwwert déi ugeschwate Vëloen, a virun allem iwwert de Motor, mat deem se lafen.

Gutt Progressioun vum Vëlosreseau

An de leschte Jore goufe 25 Kilometer Vëlospiste gebaut, weider 225 Kilometer wieren an der konkreter Ëmsetzung. Déi Chifferen huet den zoustännege Minister François Bausch op der Generalversammlung vun der LVI genannt. Frou ass d'Monique Goldschmit virun allem, datt geschwënn 100 Kilometer Lücken, déi et tëschent de Vëlospiste ginn, sollen zougemaach ginn.

Ganz zefridden ass d'LVI awer och iwwert en neie Verkéiersacteur: Den Tram. "Vëlosfuerer vermësche scho laang d'Mobilitéit", seet d'Monique Goldschmit, déi an deem Sënn begréisst, datt de Vëlo mat an den Tram däerf.

"Et misst een..."

"Wa mir wierklech wëllen e Vëlosland ginn, da mussen aner Prioritéite gesat ginn", fuerdert d'Monique Goldschmit. D'LVI ass net frou, datt Konflikter ëmmer zu Ongonschte vu Vëlosfuerer a Foussgänger geléist ginn. De Raum fir béid kéint just vun de motoriséierten Acteure kommen, esou d'LVI.


Interview mam Monique Goldschmit

Méi zum Thema

scuto.JPG
mobilité douce

2015 gouf hei am Land en ambitiéist Gesetz fir d'Promotioun vun der doucer Mobilitéit ugeholl. Mä an der Praxis sinn déi politesch Responsabel an der Logik vum Vëlo als Fräizäitbeschäftegung bliwwen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen