Fräie Mikro "Wat d'Heemecht ass, dat froen s' oft"

Déi aner Woch feiere mer nees Nationalfeierdag. Wat Heemecht ass, wat Natioun ass, wien dozou gehéiert, dat si Froen, déi ëmmer nees gestallt ginn an op déi et ënnerschiddlech Äntwerte gëtt. Opgrond vun zwou neie wëssenschaftleche Publikatiounen setzt sech de Michel Pauly, Mataarbechter vun der Zäitschrëft forum, mat deene Begrëffer auserneen a plädéiert derfir, datt mer se mat oppenem Geescht benotzen.

Michel Pauly / cbi

Meenung Michel Pauly
De Michel Pauly ass Mataarbechter vun der Zäitschrëft forum. Foto: Archiv

"Wat d'Heemecht ass, dat froen s' oft". Déi Zeil aus engem Lidd vum Michel Lentz gëtt vun de jonke Generatioune kaum nach gesongen, awer d'Fro bleift aktuell. An senger Dokteraarbecht, déi leider just online ze liesen ass, weist d'Marie-Paule Jungblut, wéi a lokale Muséeën Heemecht konstruéiert gëtt: eng Baurestuff, eng Kichen, dacks och e Schoulsall droen derzou bäi, datt d'Besucher sech mat der Liewenswelt vun hire Virfaren identifizéieren. Heemecht ass deemno éischter déi lokal, villäicht regional Ëmwelt, an där ee gebuer gouf an opgewuess ass, dacks romantesch idealiséiert. Déi haart Liewensbedingungen, déi sozial Ongerechtegkeeten, d'Benodeelegung vun der Fra a villes Aneschtes ginn do ausgeblent.

Wat ass eng Natioun?

Déi aner Woch feiere mer jo och net den Dag vun der Heemecht, mee de nationale Feierdag. Wat ass dann d'Natioun? Och dat ass e Begrëff, deen eng Gemeinschaft bezeechent, déi konstruéiert, awer dofir net manner real ass. Virun 200 Joer hätt een ouni ze zécken och d'Awunner vun Arel, Baaschtnech a Bouillon zur Lëtzebuerger Natioun gezielt. Dobäi war Bouillon virun 1815 ni lëtzebuergesch. D'Sprooch kann net de Krittär sinn. An d'Grenze sinn och arbiträr, vu Politiker festgeluecht a net vu Natur aus ginn.

Am Mäerz vun dësem Joer huet de franséischen Historiker Pascal Ory am Institut Pierre Werner säin neit Buch virgestallt mam Titel: "Qu'est-ce qu'une nation?" Seng Äntwert ass kloer: La nation, c'est un peuple - mat klengem p - qui devient le Peuple - mat groussem P. An anere Wieder: d'Natioun ass e Vollek, dat d'Souveränitéit ausüübt, dat d'Walrecht huet an domat a leschter Instanz d'Gesetzer bestëmmt, un déi et sech dann hält.

Déi Mënsche hunn net onbedéngt eng gemeinsam Kultur a Sprooch: Zur franséischer Natioun gehéieren zum Beispill net nëmme Leit, déi dat Paräisser Franséisch schwätzen, mee och Basken, Bretonen, Elsässer, Loutrenger, déi hir Sprooch, hir Kultur, hir historesch Vergaangenheet hunn an houfreg drop sinn. An d'Halschecht vun de Mënschen, déi zu Lëtzebuerg wunnen, hu kee Lëtzebuerger Pass. Fir si ass hir éischt Heemecht warscheinlech am Portugal, a Kroatien, op enger Insel vum Cap Vert, wou si oder hir Elteren op d'Welt komm sinn. Awer alljoers op Nationalfeierdag feiere se mat eis all sou, wéi se beim Dout vum Grand-Duc Jean mat getrauert hunn.

D'Leit op lokalem Niveau mat abannen

Déi meescht vun hinne géife bestëmmt soen, si hätten zu Ettelbréck oder an der Fiels, zu Bouneweg oder um Brill eng zweet Heemecht fonnt, wou hir Kanner an d'Schoul ginn, wou se an de Veräiner aktiv sinn, wou se de Noperen hëllefe bei enger Iwwerschwemmung: also wou se sech doheem fillen. An do géife se nawell och gär mat decidéieren, wéi de Verkéier kënnt berouegt ginn, ob eng nei Märei néideg ass, wou e Vëloswee feelt, wie Buergermeeschter gëtt.

De Regierungsprogramm gesäit dofir vir, datt d'Walrecht fir Awunner ouni Lëtzebuerger Pass op Gemengenniveau soll vereinfacht ginn. Amplaz musse fënnef Joer ze waarden, solle se direkt, wa se sech umellen, gefrot ginn, ob se sech net wëllen an d'Wielerlëschten androen, wéi dat an der Belsch zanter Joren de Fall ass.

Et freet ee sech och, firwat en Auslänner, dee sech wëllt op déi Lëscht androen, dat spéitstens 87 Deeg virum Waldag muss gemaach hunn, e Lëtzebuerger, dee nei an d'Gemeng plënnert, awer direkt drop ageschriwwe gëtt. D'Familljeministesch Corinne Cahen huet virun e puer Deeg der ASTI an dem CEFIS verséchert, datt d'Regierung aktiv un där Reform schafft. Si muss awer elo séier ëmgesat ginn, fir datt se bei de nächste Gemengewale scho gräift. Fir de Referendum de 27. Juni zu Wal an zu Groussbus ass et jo scho nees ze spéit.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.

An der Mediathéik:

Fräie Mikro / / Michel Pauly
Lauschteren

Méi zum Thema

Laura Zuccoli Meenung
Fräie Mikro

Vill Gemenge stelle keng Integratiounskommissioun op, obwuel si dozou verflicht sinn. En Opruff fir Memberen ze fanne geet net duer. Et muss konkret Viraarbecht geleescht ginn, mengt d'Laura Zuccoli.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen