D'Mëllechproduzenten an der Genossenschaft fair Mëllech si keng Bio-Baueren, mee si engagéiere sech, op eng transparent an nohalteg Aart a Weis (am Respekt vu bestëmmte Kritären) ze produzéieren. Ënner dem Sigel fair Mëllech gëtt eng ganz Gamm vu Produkter verkaaft. An de Konsument weist doduerch, datt e fräiwëlleg méi bezilt (z. B. zéng Cent weider um Liter Mëllech), datt déi Garantie him eppes wäert ass, an datt hien d'Aarbecht, déi derhannert stécht, wëllt remuneréieren. De Guy Diderrech huet an de leschte Joren nach iwwer eng Millioun Euro a säi Betrib investéiert. Dat mécht een nëmmen, wann een un d'Zukunft gleeft. Dobäi war et dem Guy Diderrich net onbedéngt wuel, wéi de Quotesystem ofgeschaaft gouf.
Marché relativ stabil bliwwen
Et hätt een e bëssen Angscht gehat. Scho virun zéng Joer, wéi kloer war, datt d'Mëllechquoten en Auslafmodel wieren, hätt hien ëmmer gesot: "OK, d'Quote ginn ofgeschaaft, mee mir sinn eis jo da bewosst, datt mir an en Zyklus kommen, wéi bei anere Produkter (bei der Schwéngsproduktioun ass dat ganz däitlech), wou mir vill méi Volatilitéit kréien, wou d'Präisser erop an erof ginn."
Direkt nom Ofschafe vun de Quoten ass de Präis relativ stabil bliwwen, ronderëm 30 Cent de Kilo, iwwer bal ee Joer. Mee datt méi Volatilitéit an de Marché kéim, huet sech du bannent e puer Méint confirméiert. Mat staarke Präis-Schwankunge bannent relativ kuerzer Zäit. 24 Cent de Kilo am Juli 2016, bis elo den Déifpunkt an der No-Quoten-Ära, mee nëmme sechs Méint drop, waren et schonn erëm zéng Cent méi.
Ënnerschiddlech Meenungen iwwer e Quotesystem
De Guy Feyder sträicht seng Mëllech am Süden zu Éilereng a liwwert se an op de Rouscht bei d'Luxlait, där hire Vize-President hien iwwregens och ass. Hien hätt ëmmer eng reservéiert Haltung zum Quotesystem gehat, seet de Guy Feyder.
Senger Meenung no géifen d'Baueren haut besser do stoen, wann nach een "wéi och ëmmer gelagerte Menge-Management en place wier", well d'Mäert dee Moment net sou séier géifen iwwerschwemmt ginn. Bis elo wier nach kee System fonnt ginn, fir de Marché efficace z'organiséieren.
De Guy Diderrich dogéint mengt, datt et esou ee Modell scho gëtt, mat deem déi gewënschte Präis-Stabilitéit hinzekréie wier.
Wann de Marché iwwersiedegt wier, an doduerch d'Präisser géifen ufänke mat abriechen, kéint een un d'Baueren appelléieren, fir kuerzzäiteg manner ze produzéieren, fir de Marché ze entlaaschten. Also eng Primm fir manner ze produzéieren.
De Guy Feyder dogéint hält prinzipiell europäesch Léisunge fir schwiereg an engem (Mëllech-)Maart, dee längst e globale Marché ginn ass.
Et misst een unerkennen, datt de Mëllechmaart global fonctionnéiert. Et géif och Méiglechkeete fir d'Bauere ginn, wann d'Mäert géife wuessen. An Asien géif de Mëllechmarché aktuell relativ séier wuessen. Et wier legitim, wa Baueren dës Méiglechkeete géifen erkennen a probéiere géifen, een Deel dovu fir sech ze reservéieren.
"Protektionismus am Bio-Mëllech-Marché"
Ganz besonnesch wouer wier dat fir e Land wéi Lëtzebuerg, dat wäit méi Mëllech produzéiert, wéi et der selwer brauch a verbraucht. Dräi Véierel geet an d'Ausland. Bei der Bio-Mëllech sinn et 60 Prozent, déi an den Export ginn. Déi aner 40 Prozent ginn elo zanter gutt zwee Joer an der BioG-Molkerei zu Käerjeng verschafft, seet den Änder Schank, Direkter vum Grupp Oikopolis, zu deem d'BioG gehéiert.
"Mir konnten de Match maachen, ausschliisslech dowéinst, well mir d'Iwwermenge vun der Mëllech konnten iwwer eng belsch Erzeuger-Gemeinschaft an eng Bio-Molkerei eraginn." Dat wier deemools eng Differenz vun 20 Cent op de Liter gewiescht.
Zanter Kuerzem gëtt et awer eng nei Tendenz um Bio-Maart, déi de Lëtzebuerger Bio-Baueren ze schafe mécht. Et géif een e gewësse Protektionnismus spieren, zum Beispill a Frankräich, seet den Änder Schanck.
A Frankräich wier d'Nofro immens grouss gewiescht, mee d'Land hätt keng Mëllech aus dem Ausland wëllen importéieren. Hie kéint dee Reflex deelweis novollzéien, et dierft een de Begrëff Regionalitéit awer net iwwerbewäerten. Et misst een oppassen, datt een net aus enger falscher Interpretatioun vu Regionalitéit eraus an e Nationalismus géif erafalen, sou den Änder Schanck.
D'BioG ass dofir drop ugewisen, méi hei am Land ofzesetzen. Dofir ass d'Genossenschaft kierzlech an d'Ëffentlechkeet gaangen, fir Reklamm bei de Leit ze maachen a fir de Commerce opzefuerderen, méi Bio-Produiten anzeleeën, och wa se sech net grad sou laang halen. Dacks wären d'Rayone géint der Owend oder wann et op de Weekend lass geet schonn eidel.
Fazit
Konventionell, fair oder bio: de Mëllechmarché ass keen einfachen, an e wäert wuel an all Segment och an Zukunft mat Präisvariatioune mussen liewen. An dofir ass dat, wat de Guy Feyder ofschléissend seet, wahrscheinlech fir all d'Mëllechbauere richteg.
D'Konscht wäert an Zukunft déi sinn, d'Käschten ze maîtriséieren, d'Produktiounskäschte virun allem. An Zäite wou d'Marchée besser sinn, sech ze wappne fir d'Zäiten, wou et méi schlecht geet.