Etat de crise Wat ass erlaabt, wat ass verbueden?

"D'Reegel ass, datt een doheem ass", huet de Premier op der Pressekonferenz e Mëttwoch Owend op en Neits ënnerstrach. Deplacementer sollen zum groussen Deel ënnerlooss ginn a Leit, déi géint dës Reegel verstoussen, sollen an Zukunft och mat engem Avertissement taxé vun 145 Euro bestrooft ginn. Wat ass erlaabt, wat verbueden? Eng Iwwersiicht mat de wichtegste Changementer.

Claude Biver

Wat ass erlaabt? Wat ass verbueden?
Foto: Unsplash

All onnéidegen Deplacement ass verbueden, huet de Premier a senger Ried annoncéiert. Am groussherzogleche Reglement sinn eng Rëtsch Ausname festgeluecht:

Erlaabt:

  • Akaf vun Iessen, Medikamenter a soss Wuere fir d'Grondbesoinen;
  • Akaf vu landwirtschaftleche Produiten, Wäin, Gaardesaachen, a Saache fir d'Forstwirtschaft;
  • De Wee an eng medezinesch Struktur
  • De Wee fir op d'Aarbecht;
  • Bei Leit fueren, déi Hëllef brauchen (vulnerabel Leit, eeler Leit, Mannerjäreger, Leit mat enger Behënnerung);
  • Urgent Rendez-vouse bei der Bank, bei der Assurance oder bei der Post;
  • Wann et eng aussergewéinlech Noutsituatioun gëtt;
  • Aktivitéiten dobausse, entweder eleng oder mat deene Leit, mat deenen een zesummewunnt. Et dierf ee sech net versammelen, an et muss een en Ofstand vun op d'mannst zwee Meter respektéieren.

Dës ëffentlech Plaze mussen zou bleiwen

  • All ëffentlech Ariichtung, wou Leit empfaange ginn. Dorënner fale kulturell, sozial, sportlech a rekreativ Ariichtungen;
  • Spillplaze;
  • Restauranten a Baren (mee Drive-in a Liwwerunge sinn erlaabt);
  • An de Kantinnen, déi nach op sinn, mussen d'Clienten eng Distanz vun zwee Meter anhalen;
  • Hotelle bleiwen op, d'Restauranten an d'Baren am Hotellen awer net (Room Service a Service à emporter bleiwen erlaabt)

Butteker, déi op sinn

All d'kommerziell an artisanal Aktivitéite si verbueden. Mat dësen Ausnamen:

  • Butteker, déi Liewensmëttel verkafen;
  • Apdikten;
  • Optiker;
  • Butteker, déi Fudder fir Déiere verkafen;
  • Butteker, déi Telekommunikatiounsservicer ubidden;
  • Butteker, déi Hygiènesproduiten, Botzmaterial a Sanitärsproduite verkafen;
  • Tankstellen;
  • Speziell Butteker fir medezinesch Versuergung;
  • Zeitungsbutteker;
  • Banken an Assurancen;
  • Post;
  • Botzbutteker fir Kleeder;
  • Commerce fir Begriefnisser;
  • An Noutfäll: Ofschleefdéngschter, Handwierksaktivitéite fir Saachen ze flécken oder fir den néidegen Entretien ze maachen.

Transportservicer dierfen och weider funktionéieren.

Ausserdeem si verschidde Servicer ënner verschidde Konditiounen erlaabt:

  • Drive-in a Livraisoun fir Produiten, déi net Liewensmëttel sinn, sinn erlaabt;
  • Butteker, déi verschidde Saachen ubidden, dierfen opbleiwen, ënner der Konditioun, datt hir Haaptaktivitéit op der Lëscht vun den erlaabte Servicer steet;
  • Commercen a Galerien (zum Beispill a Shoppingzenter), sinn net erlaabt, och wann hir Haaptaktivitéit op der Lëscht vun erlaabte Servicer steet;
  • Dokteren, Zänndokteren a Veterinären dierfe just an Noutfäll consultéiert ginn.

Chantiere si spéitstens vum Freideg, 20. Mäerz um 17h00 Auer un zou. Dat betrëfft net d'Chantiere vu Spideeler oder fir aner wichteg Infrastrukturen. All handwierklech Aktivitéit baussent engem Atelier si vun deem Moment un och verbueden.

Essentiell Aktivitéiten

Verschidden Aktivitéiten, déi wichteg fir den Interêt vum Land an der Bevëlkerung sinn, hunn d'Obligatioun weider ze funktionéieren:

  • Déi néideg ëffentlech Servicer, déi fir de Fonctionnement vum Staat wichteg sinn;
  • De Gesondheets- a Fleegesecteur, mat de Spideeler an de verschiddene Laboen;
  • De Stroumreseau;
  • De Liewensmëttelsecteur;
  • De Waasserreseau;
  • Den Ofwaassersystem;
  • D'Kollekt vum Offall (Dreckskëschten);
  • Den ëffentlechen Transport;
  • Paiements- a Finanzdéngschter;
  • Post- an Telekommunikatioun;
  • Sécherheetsservicer, Geldtransport a Botzservicer;
  • De Banken- an Assurancësecteur.

Déi eenzel Betriber, déi heivunner betraff sinn, kënnen all Congé wärend dem Etat de crise refuséieren.

D'Regierung huet d'Recht Requisitiounen ze maachen: Persounen, Servicer a Material kënne mobiliséiert ginn, fir déi essentiell Aktivitéiten ze garantéieren. Dat gëllt och fir d'Membere vun der Police an der Arméi.

Strofen

Am Règlement grand-ducal gi verschidde Strofe festgeluecht:

  • Wa Leit onnéideg Deplacementer maachen, déi net explizitt erlaabt sinn, ass en Avertissement taxé vun 145 Euro virgesinn, deen op der Plaz oder bannent 30 Deeg bezuelt muss ginn. Detailer heizou ginn et am Reglement.
  • Wann eng Persoun méi dacks géint d'Reglement verstéisst, kann d'Strof op 250 eropgoen.
  • Commercen, déi sech net un d'Konditiounen halen, kréien eng Amende administrative vu 4.000 Euro.
  • Falls e Commerce nach eng Kéier géint d'Reglement verstéisst, ass eng duebel Strof fälleg, also 8.000 Euro.

Leit aus Drëttstaaten

Leit, déi net aus EU-Länner kommen, kënnen net méi an de Grand-Duché areesen. Dëst gëllt fir ee Mount, mat der Optioun, d'Period ze verlängeren. Leit, déi aus Groussbritannien, der EU, an dem Schengenraum kommen, si vun dëser Reegel net betraff, grad wéi hir Familljememberen.

Méi Detailer heizou gëtt et am Reglement.

Legal Ännerungen

Am Reglement ginn och eng Rëtsch Gesetzer ëmgeännert. Méi Detailer kann een am offiziellen Text noliesen.

Méi zum Thema

Xavier Bettel, Premier minister, minister d'État
Etat de crise

De Premierminister Xavier Bettel huet méi streng Mesurë wéinst der Corona-Kris annoncéiert. Leit, déi onnéideg Deplacementer maachen, sollen an Zukunft bestrooft ginn. D'Schoule bleiwe bis op Weideres zou.

Pascal Ricquier
Policegewerkschaft

Vill Bierger géife sech den Ament net un d'Recommandatioune vun der Regierung halen, seet de Pascal Ricquier, President vun der Police-Gewerkschaft. Fir dëse Verstéiss besser entgéint ze wierken, fuerdert d'Police méi effikass Moyenen.

Alex Bodry
Etat d'urgence

Den Etat d'urgence gëtt dem Land eng méi staark Rechtssécherheet, seet den Alex Bodry. D'Gesetz vum 25. Mäerz 1885, op dat d'Regierung sech bis ewell baséiert huet, hätt eng relativ onsécher Basis.

Xavier bettel
Coronavirus

De Premierminister Xavier Bettel huet den Etat de crise fir bis zu dräi Méint ausgeruff. Doduerch huet d'Regierung méi legislative Pouvoir. D'Parlament kéint dat zu all Moment ënnerbriechen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen