arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat ass an de Lëtzebuerger Dreckskëschten?

Offallanalys

|
reading time

3 min

Wat ass an de Lëtzebuerger Dreckskëschten?

Zanter 1992 ginn an eenzele Gemengen an onreegelméissegen Ofstänn representativ Stéchprouwe vum Reschtoffall geholl. Analyséiert gëtt de Contenu vum Offall. Bis Hierscht soll ee Rapport iwwer d'Analys vum Reschtoffall presentéiert ginn. De leschte Rapport gouf 2014 virgestallt.

reading time

3 min

D'Analys vum Contenu vun der Dreckskëscht soll op de gesellschaftlechen Ëmgang mam Offall hiweisen. Op Basis vun dësen Informatioune soll da Preventiounsaarbecht geleescht ginn, zum Beispill mat enger geziilter Sensibiliséierung oder duerch politesch Mesuren. Zil ass et Materialien, déi net an de Reschtoffall gehéieren, op e Minimum ze reduzéieren.

Schlëss aus der Analys zéien

De Robert Schmit, Direkter vun der Ëmweltverwaltung gëtt als Beispill Medikamenter: an der leschter Analys vum Offall hätt ee festgestallt, datt een där nach relativ dacks an Dreckskëschte géif fannen, obwuel se an der Superdreckskëscht agesammelt géife ginn.

Fir deem entgéint ze wierken hätt ee méi Promotioun gemaacht an et hätt ee festgestallt, datt an de Joren duerno méi Medikamenter iwwer d'Superdreckskëscht agesammelt gi wieren. "Dat war eng kloer Konsequenz vun der Offallanalys", seet de Robert Schmit.

Wat ass an der Dreckskëscht dran?

Zu zwee verschiddenen Zäitpunkte goufen iwwer véier Woche Stéchprouwe gesammelt. Duerch den zäitlechen Decalage solle saisonal Effekter berécksiichtegt ginn, esou de Steff Schaeler, Associé-Gerant vun ECO-Conseil. D'Stéchprouwe ginn a 16 representative Gemenge geholl. Eng Stéchprouf besteet aus enger Poubelle vun 1.100 Liter.

De Reschtoffall gëtt an eelef sougenannte Fraktiounen ënnerdeelt, wéi zum Beispill Pabeier, Metall oder Plastik. Dës Fraktioune gi beim Sënneren a weider Subfraktioun ënnerdeelt. Esou gëtt de Plastik beispillsweis nach eng Kéier sortéiert a Folien, Fläschen, Becheren oder aner Plastiksmaterialien, erkläert de Steff Schaeler, Associé-Gerant vum Studien- a Berodungsbüro ECO-Conseil. Duerno géif nach eng Kéier sortéiert an ënnerdeelt ginn. "Mir wëlle genee wëssen, wou mir dru sinn a wat an der Dreckskëscht ass."

Den Tri gëtt per Hand gemaach

Bei der aktueller Analys gëtt ECO-Conseil vun engem Student ënnerstëtzt. Sechs Aarbechter sënneren den Offall per Hand an engem Zelt ausserhalb vun de Containerhalen. D'Sonn dréckt minimal duerch d'Ofdeckung. Et gëtt am Akkord geschafft.

Fir sech géint den Deels bäissende Gestank ze schützen, hunn d'Männer um Fléissband eng Otemschutzmask un. Et stinn eng sëllechen Poubellë ronderëm d'Laf-Band. Hei ginn déi spezifesch Offäll, d'Fraktiounen, ëmgefëllt. Dëst géif dann och statistesch erfaasst ginn, präziséiert de Steff Schaeler.

Gesellschaftleche Wandel spigelt sech am Dreck erëm

D'Resultater vun der Analyse sollen am Hierscht presentéiert ginn. Trotzdeem kéint ee schonn eng gewëssen Tendenz feststellen. De Steff Schaeler stellt fest, datt ee manner Zeitungen oder Journale fënnt. Et géif een och e bësse manner Plastik an der groer Dreckskëscht fannen.

Wann et zu gesellschaftlechen Ännerunge kënnt, déi sech och op de Liewensstil vun de Mënschen auswierken, da kann een dat och an der Poubelle feststellen, seet de Steff Schaeler. Obwuel d'Bevëlkerung zanter Jore wiisst, kéint ee festhalen, datt de Reschtoffall op de Kapp ofhëlt, seet de Robert Schmit vun der Ëmweltverwaltung.

Duerch europäesch Ëmweltdirektiven, d'Null-Offall-Initiativ vun der Regierung oder duerch eng nohalteg Wirtschaft vum Offall geet ee bei der Ëmweltverwaltung dovunner aus, datt dësen Taux och nach weider fale wäert.