No Kritik vu Landwirtschaftskammer Warnung u Bauerevertrieder: "Et muss een oppassen, wat ee seet"
De Landwirtschaftsminister wiert sech géint d'Kriticken aus dem Secteur: eng Rei rezent Aussoe vum President vun der Landwirtschaftskammer wiere "ganz einfach deplacéiert", esou de Romain Schneider.
Den LWK-President Guy Feyder hat d'lescht Woch op RTL gesot, et géif am Landwirtschaftsministère "u Visioune feelen", an de Minister wier an der Kris och net op Fuerderungen aus dem Secteur agaangen.
De Romain Schneider kann déi Kritik net novollzéien: seng Servicer wieren an der Kris ganz disponibel gewiescht, esou den LSAP-Minister am 100,7-Interview: "D'Baueren, d'Gäertner an d'Wënzer wëssen, wéi mer eis grad wärend der Kris ëm se gekëmmert hunn." De Minister an d'Mataarbechter aus de Ministèren a Verwaltungen hätten deegleche Kontakt mat hinne gehat.
"Ech mengen, et muss een hei gutt oppassen, wat een dobausse seet, well jiddweree weess, datt de Landwirtschaftsminister mat all senge Servicer ëmmer erëm do ass fir d'Bauere kënnen ze ënnerstëtzen."
Hie warnt och, datt Aussoen wéi déi vum Guy Feyder kéinte "kontraproduktiv sinn", an dem Image vum ganze Secteur schueden. De Secteur géif nämlech viru groussen Erausfuerderunge stoen, dofir wier et wichteg, datt all d'Acteure gutt zesumme schaffen.
"Ech mengen, datt d'Baueren dobausse bei verschiddenen Theemen ëmmer erëm am Fokus stinn. Virun allem dann, wann et dreems geet fir ze kucken, wéi si se prett fir Klimaschutz ze garantéieren, wéi kënne se d'Wuel vun den Déieren nach verbesseren, a wann een dann no bausse seet et gëtt sech net genuch agesat, obwuel een op der anerer Säit ganz genau weess, datt d'Politik dat Bescht do mécht, da muss ee kucken, datt een zesumme schafft, an net géinteneen an dësem Secteur."