REFORM VUM HAFF Waringo-Rapport gëtt Schrëtt fir Schrëtt ëmgesat

D'Ëmsetzung vun de Recommandatiounen aus dem Waringo-Rapport iwwer de Fonctionnement vum groussherzoglechen Haff ass nach net ofgeschloss: Informatiounen dozou huet de Premier Xavier Bettel den Deputéierten aus der zoustänneger Chamberkommissioun um Dënschden geliwwert. Den Transfert vum Personal vun der Maison du Grand-Duc an de System vum ëffentlechen Déngscht soll bis de Summer gemaach ginn, gouf an der Sitzung ugekënnegt.

Serge Kesseler / tt

(de g. à dr.) Xavier Bettel, Premier ministre, ministre d'État ; S.A.R. le Grand-Duc ; S.M. le roi des Belges
De Staatsminister Xavier Bettel an de Grand-Duc Henri. Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen (Archiv)

De Waringo-Rapport gëtt Schrëtt fir Schrëtt ëmgesat, stellt den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser fest, no der Video-Konferenz mam Premier, an där et ëm de Fonctionnement vum Haff gaangen ass.

Bis d'Personal schlussendlech an der Fonction publique integréiert wier, géif et nach e puer Méint daueren.

Haaptkritikpunkt ass adresséiert

D'Deputéierten hätte vum Premier Xavier Bettel verséchert kritt, datt d'Stëmmung beim Personal um Haff gutt wier, seet den CSV-Deputéierte Léon Gloden. Jiddweree wéisst, wie säi supérieur hiérarchique wier. Dat wier jo ee vun den Haaptkritikpunkten am Rapport gewiescht.

Manner positiv gesäit de Léon Gloden d'Kommunikatioun vum grouss-herzoglechen Haff, no der Ëmsetzung vu groussen Deeler vum Waringo-Rapport.

"Do huet e lo déi lescht Wochen awer misste feststellen, datt do muss nach doru geschafft ginn, well op där enger Säit ginn Aussoe gemaach vun enger Persoun, déi - an dat krute mer vum Här Bettel bestätegt - net zu den offizielle Mataarbechter vum Haff gehéieren, mee zu de private Mataarbechter vum Haff. Déi Persoun huet awer een Interview ginn."

Dobäi geet et ëm een Interview am Paperjam vum President vun der Administration des biens du Grand-Duc, dem Norbert Becker.

Interview an der auslännescher Press

Dem CSV-Deputéierte Léon Gloden no, hätt de Premier gëschter och confirméiert, datt rezent Aussoe vun der grouss-herzoglecher Koppel an der auslännescher Press net mat him ofgeschwat waren.

An engem rezenten Interview vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse am franséische Magasinn "Paris Match" hat de Staatschef gesot "Nous sommes un couple, mais aussi un binôme au service du pays".

Op eis Nofro hin huet den Auteur vum Waringo-Rapport, de fréieren Direkter vun der Inspection générale des finances Jeannot Waringo sech de Moien "erschreckt" an "enttäuscht" gewisen, iwwer d'Aussoen am "Paris Match"-Interview. Wat d'Kommunikatioun beim Haff ugeet, hofft hien op eng "positiv Evolutioun".

D'Hofmarschallin Yuriko Backes huet de Moien op RTL gesot, den Interview wier net vun hir validéiert gewiescht, a si hätt en och wahrscheinlech net validéiert.

Inventar vum Privatbesëtz gëtt gemaach

Fir ze kläre wat private Besëtz vun der grouss-herzoglecher Famill ass a wat net, soll een Inventar gemaach ginn, esou nach de Léon Gloden no der Sitzung mam Xavier Bettel.

Dobäi géif et ëm een Inventar vun Dausenden Objeten, Archiv-Dokumenter a Fotoe goen. "Do huet de Premier eis gesot, datt Cas par Cas misst gekuckt ginn, an dann een Accord mam Haff fonnt ginn", esou den CSV-Deputéierten.

De Waringo-Rapport war viru gutt engem Joer publizéiert ginn.

Méi zum Thema

(de g. à dr.) Xavier Bettel, Premier ministre, ministre d'État ; S.A.R. le Grand-Duc ; S.M. le roi des Belges
Réckbléck

Wéinst Problemer an der Personalgestioun um Haff hat de Premier d'lescht Joer beim fréieren héije Beamte Jeannot Waringo e Rapport an Optrag ginn. Deem seng Recommandatioune sinn amgaang Realitéit ze ginn.

Grand-Duc Henri
Monarchie

De 7. Oktober 2000 huet de Grand-Duc Jean no 36 Joer als Staatschef ofgedankt an de Grand-Duc Henri gouf vereedegt. 20 Joer méi spéit wëllt d'Regierung de groussherzoglechen Haff reforméieren.

S.A.R. le Grand-Duc
Reform

​D'Ëmsetze vun de Recommandatiounen aus dem Waringo-Rapport iwwer de grouss-herzoglechen Haff gëtt méi konkret. De Premier Xavier Bettel (DP) huet der zoustänneger Chamberkommissioun den Donneschdeg den Textprojet presentéiert.

(de g. à dr.) Xavier Bettel, Premier ministre, ministre d'État ; Fernand Etgen, président de la Chambre des députés ; S.A.R. le Grand-Duc
Reform vum Haff

Am Kader vun der geplangter Moderniséierung soll de groussherzoglechen Haff vun 2021 u considerabel méi Budget kréien. An der geplangter neier Administratioun "Maison grand-ducale" sollen dann 142 Leit Personal schaffen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen