Invité vum Dag "Wann d'CSV aus der EVP erausgeet, hu mir näischt méi ze soen"

Déi ungaresch Fidesz-Partei flitt net aus der Europäescher Vollekspartei eraus. D'CSV bleift awer an der EVP, seet den Europadeputéierte Christophe Hansen. D'Parlament hätt iwwerdeems seng rout Linne fir een Handelsvertrag mat Groussbritannien definéiert, sou de Member vum Koordinatiounsgrupp fir de Brexit. Sozial-, Ëmwelt- oder Fiskaldumping kéimen net a Fro.

Danièle Weber (Bréissel) / cbi

Christophe Hansen
De Christophe Hansen ass Europadeputéierte fir d'CSV

Ufanks Mäerz sollen d'Verhandlungen iwwer een Handelsaccord tëschent der EU a Groussbritannien ufänken. E Méindeg hu sech béid Säiten een Duell geliwwert andeems se hir Positioune presentéiert hunn.

Dat, wat den EU-Chefnegociateur Michel Barnier sot, war deels de Contraire vun deem, wat de brittesche Premier Boris Johnson proposéiert huet.

Groussbritannie muss sech weider un d'EU-Reegelen halen, dat seet den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen. Hien ass Member vum Koordinatiounsgrupp vum Europaparlament fir d'Verhandlunge mat Groussbritannien.

Ëmwelt-, Sozial- oder Fiskaldumping ass een No-Go

An den Texter, déi vu Groussbritannien ënnerschriwwe goufen, wier de Principe de non regression festgehalen. Domat wier kloer, datt een och an Zukunft net kéint hanner déi Standarden zeréckgoen, déi den Ament gëllen. Allerdéngs géif et bis elo keng Garantie dofir ginn, datt Groussbritannie matzitt, wann d'EU hirersäits Reegelen ännert.

"Doriwwer gëtt vill gestridden. Et gëtt vill Leit am Parlament, déi een automateschen Alignement fuerderen. Allerdéngs fuerdere mir dat och vu kengem aneren Drëttland, dat heescht, do wäerte mir an Erklärungsnout kommen. Wat wichteg ass, datt si sech mussen un déi aktuell Standarden halen. Wa mir awer spéider eppes un de Reegelen änneren, musse mir kucken, ob si dat och wëllen."

Et wier net akzeptabel, datt an engem zukünftegen Handelsaccord keng Mindeststandarde fir den Ëmwelt- oder Klimaschutz oder sozial Rechter festgehale ginn, sou de Christophe Hansen.

D'Europaparlament stëmmt déi nächst Woch iwwer eng Resolutioun of, an där déi eege rout Linne festgeschriwwe ginn.

"Ob Sozial-, Ëmwelt- oder Fiskaldumping, dat ass fir eis ee kloren No-Go. Och den Dateschutz ass ee wichtege Punkt. Groussbritannien huet ugekënnegt, datt si vun eiser europäescher Dateschutzrichtlinn divergéieren. Och dat geet fir eis net."

Accord ass nach dëst Joer méiglech

Souwuel d'Europäesch Unioun wéi och Groussbritannien hunn een Interêt dorun, een haarde Brexit ze evitéieren. Dowéinst wier et net onwarscheinlech, datt d'Verhandlungen iwwer ee Fräihandelsaccord bis zum Enn vum Joer ofgeschloss sinn. Et kéint ee sech op déi nämmlecht Reegele baséieren, déi jo Groussbritannien als EU-Member mat definéiert huet.

D'Europäesch Kommissioun proposéiert een Handelsaccord, deen dono net muss vun nationale Parlamenter ratifizéiert ginn. Dat wier och bei aneren Handelsverträg de Fall, sot de Christophe Hansen.

"Bei deem, wat elo proposéiert gëtt, mussen déi national Parlamenter net gefrot ginn. Et kann awer sinn, datt si op deem engen oder anere Punkt musse gefrot ginn. Mee wa mir déi 40 national oder regional Parlamenter géife mat abannen, géife mir et sécher net méi dëst Joer packen."

CSV bleift an der EVP

Déi ungaresch Regierungspartei Fidesz Partei gëtt net aus der Europäescher Vollekspartei ausgeschloss. Zejoert am Mäerz war hir Memberschaft suspendéiert ginn, dat soll och weider sou bleiwen, gouf gëscht op engem Parteikongress zu Bréissel decidéiert.

D'Situatioun an Ungarn wier net besser ginn, sot gëschter den EVP-President Donald Tusk. Et gouf awer och keng Majoritéit dofir, Fidesz endgülteg aus der Partei auszeschléissen. Dofir hat sech déi Lëtzebuerger CSV, déi Member an der EVP ass, agesat. De Parteipresident Frank Engel hat op eiser Antenn gesot, seng Partei misst hir Memberschaft an der EVP iwwerdenken, wann d'Fidesz an der EVP bleift.

Aus der EVP erauszegoen hätt kloer Nodeeler, sou de Christophe Hansen:

"Wann d'CSV géif aus der EVP eraus a bei d'Membres non-inscrits goen, dann hätte mir absolut näischt méi ze soen. Da kéint ech net méi Rapporter vum Brexit sinn, etc. Fir mech ass et wichteg, datt mir an enger grousser Fraktioun sinn, fir op europäeschem Niveau eppes beweegt ze kréien."


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Danièle Weber
Lauschteren

Méi zum Thema

Des Brexiters sur la rue à Londres le 31 janvier
Brexit

Après trois ans et demi, le Brexit a bien eu lieu ce 31 janvier. D'un côté des Brexiters euphoriques et de l'autre un premier ministre qui veut unifier la nation. Un reportage à Londres avec Elodie Goulesque.

Danièle Weber
EU-Politesche Wocheréckbléck

Duerch de Brexit verléiert d'Europaparlament seng brittesch Memberen. D'Ëmverdeelung vun de Sëtz rëselt um Kräfteverhältnes ënner de politesche Gruppéierungen. D'Gewënner stinn éischter op der riets-konservativ Säit.

Traurege Remainer
Brexit

Haut, Freideg um Mëtternuecht eiser Zäit, verléisst Groussbritannien d'EU. Do virdrun haten déi pro-europäesch Remainers sech och nach emol zu Westminster versammelt - fir eng Zort Gedenkzeremonie.

John Marshall, Fiona Urquhart, Chris Garett
Réck- an Ausbléck

Haut trëtt Groussbritannien aus der EU aus. Mat Vertrieder vu Labour International, vun de Liberal Democrats a mam britteschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg geet rieds iwwer d'Erausfuerderunge fir d'Zukunft.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen