Gemengewahlen Walfer: Parkhaus hëlleft net géint Verkéiersproblem

De Verkéiersproblem zu Walfer ass duerch d'Nordstrooss schonn e gutt Stéck reduzéiert ginn. De Réckbau vun der N7 soll d'Leit weider dozou verleeden d'Nordstrooss ze benotzen, sou d'DP-Buergermeeschtesch Joëlle Elvinger. De Réckbau misst een och als Deel vun engem grousse Ganze gesinn, sou den LSAP-Schäffen Alain Weins.

Maxi Pesch / nw

elvinger-weins.jpg
Joëlle Elvinger an Alain Weins

Projete wéi d'Gare ënnert de Rouder Bréck géife genausou zu der Léisung vum Verkéiersproblem bäidroen, erkläert den Alain Weins. Virun allem soll de Réckbau awer och eng Moossnahm si fir d'Liewensqualitéit zu Walfer ze erhéijen, esou d'DP Buergermeeschtesch Joelle Elvinger. Méi breet Trottoire fir déi Leit, déi op der Haaptstrooss wunnen an d'Gemengeplaz als e gréngen Duerfzentrum sollen eng Plus-value fir d'Gemeng ginn.

Edupol belieft d'Walfer Duerfliewen

Fir datt duerch de Projet awer keng Parkplazen am Duerfzentrum verluer ginn, soll an Zukunft e grousst Parkhaus mat 400 Parkplazen entsoen. Bei der Gemengeplaz, déi zum Gros gréng gemaach gëtt, géife puer Parkplaze fir Persoune mat reduzéierter Mobilitéit bleiwen. Déi aner bestoend Parkplaze géife verlagert ginn, esou den LSAP-Schäffen Alain Weins. "Gläichzäiteg wësse mir, datt duerch den Edupol ganz vill Leit mam Auto musse pendelen."

Fir d'DP-Buergermeeschtesch belieft den Edupol d'Walfer Duerfliewen a bréngt de Commercen Clienten. Si gëtt zou, datt d'Parkhaus net onbedéngt géint de villen Trafic zu Walfer hëlleft. D'Parkplaze wiere virun allem awer fir d'Awunner vu Walfer geduecht.

Walfer wéinst Bautepolitik kritiséiert

D'Iddi vum Contournement Biergerkräiz, deen am Koalitiounsprogramm virgesinn ass, géif den Ament net vun der Regierung ënnerstëtzt ginn. D'Majoritéit vun der Gemeng Walfer gouf an de leschte Jore virun allem wéinst hirer Bautepolitik kritiséiert. Präzis geet et do ëm d'Konzept vun engem grousse Komplex fir Wunnengen tëscht der Route de Luxembourg an der Rue de Steinsel.

De PAP wier dem Joelle Elvinger no awer gestëmmt a vum Ministère approuvéiert ginn. "Deen ass konforme zum PAG. Et ass alles legal ofgelaf. Dee Projet war jo aviséiert gi vu sämtlechen Experten an de Verwaltungen an dee gëtt elo iergendwann eng Kéier gebaut, wann de Promoteur d'Baugenehmegung ufreet."

D'Oppositiounsparteien CSV an déi Gréng wollten iwwerdeems net an de Face-à-Face um Radio kommen.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maxi Pesch
Lauschteren

Méi zum Thema

Kuffer-Faber.jpg
Gemengewahlen

An der Gemeng Réiden ass d'Populatioun mam Bau vu neie Wunnengen nees geklommen, seet den éischte Schäffen Tom Faber. D'Conseillère Monique Kuffer bedauert, datt e puer Geschäfter eidel stinn.

Sertznig Gloden
Gemengewahlen

Wéinst de Fliedermais ginn zu Gréiwemaacher net genuch Wunnenge fir déi Jonk gebaut. Doriwwer si sech den CSV-Buergermeeschter Léon Gloden an den DP-Gemengeconseiller René Sertznig eens.

Tanklager Mäertert
Gréiwemaacher/Maërtert

"Esou laang ech Buergermeeschter vu Gréiwemaacher sinn, gëtt et fir dee geplangten Ausbau vum Tanklager zu Mäertert keng Autorisatioun", seet de Léon Gloden (CSV). D'Decisioun fält eréischt no de Gemengewahlen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen