Holland Walen Holland: Nei Regierung kéint méi pro-europäesch ginn
An Holland hunn de Premier Mark Rutte a seng rietsliberal Partei VVD d'Parlamentswale gewonnen. An de Mark Rutte, dee schonn zanter 2010 hollännesche Premier, ass um gudde Wee, de Rekord vum längste Premier am Amt an Holland ze briechen. D'Koalitiounsverhandlunge wäerten awer schwiereg ginn. A wéinst deem gudde Resultat vun der Zenter-lénk a pro-europäescher Partei D66 wäerten d'Prioritéite vun der neier hollännescher Regierung sech änneren, mengt déi Lëtzebuerger Politologin Léonie De Jonge, déi op der Uni vu Groningen an Holland enseignéiert. De Pierre Reyland huet mat hir geschwat.