Franséisch Presidentielles Walen a Frankräich: politesch Reaktiounen aus Lëtzebuerg

Nom Resultat vu gëschter gëtt sech och zu Lëtzebuerg gefrot, wéi et kéint weidergoe mat de Muechtverhältnisser a Frankräich. Fir déi nächst fënnef Joer ass dat lescht Wuert nach net geschwat, do si sech politesch Acteuren hei am Land eens.

Christiane Kleer / cbi

Den Emmanel Macron mat senger Fra Brigitte no sengem Walerfolleg.
Den Emmanel Macron mat senger Fra Brigitte no sengem Walerfolleg. Foto: picture alliance / Antonio Borga | Antonio Borga

Wéi vill den Emmanuel Macron vu sengem eegene Programm wäert kënnen duerchsetzen - déi Entscheedung fält no den zwee Tier vun de Legislativwalen a Frankräich. Dobäi sinn d'Hoffnunge grouss, datt de rëmgewielte President säi Versprieche wäert aléise fir an Zukunft méi inklusiv ze schaffen.

D'Nathalie Oberweis, Deputéiert vun déi Lénk hofft, datt de Jean-Luc Mélenchon bei de Parlamentswalen am Juni op säi relative Succès am éischten Tour opbaue kann, bleift awer virsiichteg.

"Ech hunn awer och schonn héieren, datt et esou ee Phenomen gëtt, sou eng Middegkeet no de Presidentiellen, een Essoufflement soe se, datt d'Leit dann net méi sou vill wiele ginn an datt dat eng Bestätegung vu de presidentielle Resultater géif mat sech bréngen, och bei de Legislativen. Also et ass schonn esou eng Angscht do, datt de lénken Opschwong sech elo erëm kéint leeën."

LSAP: demokrateschen Debat opliewe loossen

De Co-President vun der LSAP Dan Biancalana hofft sengersäits, datt de Parti socialiste de Schlamassel aus dem éischten Tour am Juni op d'mannst zum Deel erëm wäert kënne gutt maachen.

Och datt den demokrateschen Debat, deen de President jo wëllt opliewe loossen, tatsächlech zustane kënnt. Den Dan Bianacana mengt, datt dofir eng Cohibatioun wichteg wier.

ADR: Emmanuel Macron ass geschwächt

Dem Emmanuel Macron säi Resultat wier historesch schlecht, betount den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser. Och hie schléisst net aus, datt Frankräich déi nächst fënnef Joer ënner enger Cohabitatioun wäert fonctionéieren, mat Konsequenze fir de President.

"E muss vill méi Récksiicht huelen op aner politesch Stréimungen, en hat dat jo schonn ugekënnegt am Walkampf, datt en dat wäert maachen. Et gëtt warscheinlech vill méi ee schwaache President Macron am zweete Quinquennat wéi am éischten."

Dat wier innepolitesch schwiereg, fir Lëtzebuerg hätt dat awer keng Konsequenzen, sou dem Fernand Kartheiser seng Aschätzung.

Méi zum Thema

Jean-Luc Mélenchon
Frankräich

A Frankräich lafe schonn d'Negociatiounen iwwer d'Legislativwalen op Héichtouren. Am Juni gi 577 Deputéiert vun der Assemblée Nationale gewielt. Virun allem d'Gauche mobiliséiert sech staark.

Walowend a Frankräich
Presidentiellen

Bei de Presidentielle krut de Rassemblement National dat bescht Resultat a senger Geschicht - d'Parteimembere sinn trotzdeem enttäuscht. Den Emmanuel Macron sengersäits weist sech dankbar.

Place du Champs de Mars , de President Emmanuel Macron gouf erëmgewielt
Frankräich

Den Emmanuel Macron bleift franséische Staatspresident. Am zweeten Tour vun de Presidentewale krut hie gëscht 58,5 Prozent vun de Stëmmen, d'Marine Le Pen krut 41,4 Prozent, sou déi virleefeg Resultater.

Net verpassen

Programm

  • Concert - Léiffrawëschdag

  • On air

    Spektrum - The Wombats - Oumou Sangaré

  • Noriichten

  • Spektrum - Caminero Quintet

  • Noriichten

Dossieren

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

  • Dossier: Cannabis-Legalisatioun

    Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen