Gemengewahlen Wäisswampech entwéckelt sech rasant

D'Awunnerzuel vun der Gemeng Wäisswampech ass bannent deene leschten zéng Joren ëm bal 40 Prozent geklommen. Markant ass, datt d'Gemeng duebel sou vill Aarbechtsplazen zielt, wéi Awunner, an datt d'N7 matzen duerch d'Haaptuertschaft féiert. De Verkéier hëlt op där Streck konstant zou. Eng nei Aktivitéitszon ass iwwerdeems geplangt. Wéinst där spezieller Situatioun ass am Wahlkampf de Bebauungsplang ee vun den Haaptthemen.

Carole Schimmer / ys

Henry Rinnen
Den Henry Rinnen ass zënter 23 Joer Buergermeeschter

Enn d'lescht Joer hat d'Gemeng Wäisswampech 1.761 Awunner. 44 Prozent sinn Auslänner. Wäisswampech ass déi gréissten Uertschaft, donieft komme Breedelt, Holler, Bënzelt, Beeler a Leetem an d'Wämperhaart. Buergermeeschter zënter 23 Joer ass den Henri Rinnen. An der Gemeng ginn et duebel souvill Aarbechtsplaze wéi Awunner. 4.100 Lounsteierkaarte gi fir d'Gemeng Wäisswampech ausgestallt, seet de Buergermeeschter. Et läit op der Hand, datt vill belsch Frontalieren an de Betriber schaffen, seet hien.

"Dozou ziele jo och déi Camionschaufferen, déi fir international Transportfirmae fueren, wou kréiche mir all déi Läit ënnerdaach, dat wier jo net dran!"

Matzen duerch Wäisswampech ass dagsiwwer extrem vill Verkéier, duerch d'Nationale 7. Op där Streck fuere souwuel Grenzgänger, wéi och eng sëllech Camionen. De Phänomen huet sech a leschter Zäit nach verschlëmmert, seet den Henri Rinnen. Ëmmer méi international Camione géifen duerch d'Uertschaft fueren. Ee Grond wier déi däitsch Maut.

Nei Aktivitéitszone geplangt

Een Haapt-Aktivitéitszenter ass d'Wämperhaart. Nieft engem groussen Akafszenter, deen all Dag op ass, ginn et weider Geschäfter vu bekannten Enseignen. Net ze vergiessen d'Tankstellen, déi an där Gemeng no un der belscher Grenz leien.

Um Bord vun der N7 ass iwwerdeems eng nei Zon d'Activités économiques geplangt. Déi soll fir nei Aarbechtsplaze suergen, seet den Henri Rinnen. D'Zil wier et, den Awunner eng besser Liewensqualitéit z'erméiglechen. Wann d'Leit an der Gemeng schaffen, géife si net mam Beruffsverkéier konfrontéiert ginn.

De Michel Deckenbrunnen fäert, datt d'Aktivitéitszon nach méi Verkéier bréngt

De Gemengeconseiller Michel Deckenbrunnen ass net géint déi geplangten Aktivitéitszon. Hie fäert awer, datt duerch déi Zon nach méi Trafic entsteet.

"Do kënnt nach méi Trafic derbäi, do kënnt och Schwéiertransport derbäi, deem muss och Rechnung gedroe ginn. Et geet net nëmmen duer, fir eng Zon z'autoriséieren. Deen Ament gehéiert och e Verkéierskonzept ronderëm déi Zon dozou."

Vernünftege Wunnengsbau

An der Gemeng Wäisswampech goufen an de leschte Jore vill Appartementshaiser gebaut. Ënnert anerem laanscht d'N7. De Pol Holweck, Kandidat bei de Gemengewahlen, ass selwer Architekt. Hie fënnt, datt dee Raum fir d'Wunne misst gebraucht ginn. Vill vun de Fläche géifen aktuell vu Bureauen occupéiert ginn.

De Michel Deckenbrunnen plädéiert sengersäits och fir Liewensqualitéit an den neie Citéen. Bei der Ëmsetzung vun de Pläng wier et zu Changementer komm, kritiséiert hien.

"Et si Citée gebaut ginn, dat ass och ganz flott. De Problem ass, eng Cité soll eng Cité bleiwen. Ganz dacks koum et bei der Ëmsetzung vum Bebauungsplang zu Changementer. Aus enger Cité ass dann eng Zon mixte ginn an doduerch koume gréisser Gebailechkeeten an déi Cité."

Wildwuchs wéinst schlechtem PAG

De PAG, de Gemengebebauungsplang soll deemnächst fäerdeg sinn, seet de Buergermeeschter Henri Rinnen. Fir de Pol Holweck an de Michel Deckenbrunnen ass dat eng Prioritéit. Viru ville Jore wier un deem PAG geschafft ginn. De Pol Holweck hätt ënnert dem haidege Buergermeeschter schonn um neie PAG geschafft. Zu der Erneierung wier et awer ni komm. Et wier ëmmer nees no hanne geréckelt ginn, an et wier alles no deem ale PAG geplangt ginn, bedauert hien. De PAG wier extrem schlecht fir d'Bevëlkerung gewiescht. D'Resultat géif een zu Wäisswampech gesinn.

"Et ass ee Wildwuchs un Appartementer, een Duercherneen, dee sech net nëmmen op d'Uertschaft Wäisswampech beschränkt, mä mëttlerweil schonn an den Nopeschdierfer och opkënnt."

D'Danièle Patz an de Pol Holweck kandidéiere fir d'Gemengewahlen

Gréngflächen

Wäisswampech hat bis elo duerch d'Präsenz vu ville Betriber, déi Gewerbesteier bezuelt hunn, héich Recetten. Duerch d'Reform, a well et eng ländlech Gemeng ass mat relativ wéinegen Awunner, ginn d'Recettë par Rapport zu 2015 agefruer. Hien hätt kee Verständnis dofir, datt d'Gréngflächen an den Nordgemenge sou en negativen Impakt hätten, seet den Henri Rinnen.

D'Gemeng huet awer och touristesch Aktivitéite mat zwee kënschtleche Séien, déi alle béid sechs Hektar grouss sinn, an ee Camping. Den Henri Rinnen wëllt dee Site erëm beliewen, awer dat wier eng Aufgab fir déi nächste Legislaturperiod.

Méi Dialog bannent der Gemeng

De Gemengeconseiller Michel Deckenbrunnen wëllt den Dialog mat der Populatioun verbesseren. Awer och bannent dem Gemengerot misst méi diskutéiert ginn.

Wäisswampech war déi leschte Gemeng, déi de Klimapakt ënnerschriwwen huet. An der Gemeng selwer gëtt et iwwregens de Wandpark Bënzelt, mat fënnef Wandmillen, déi de Stroumkonsum vu 5.000 Stéit kënne couvréieren.

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / / Carole Schimmer
Lauschteren

Méi zum Thema

Table-Ronde: Logement a Mobilitéit
Gemengewahlen

Méi bezuelbare Wunnraum an nei Mobilitéitskonzepter sinn néideg: An där Analys si sech d'Gemengepolitiker eens. Bei de Léisungsvirschléi ginn et awer Differenzen tëscht de Parteien.

Kuffer-Faber.jpg
Gemengewahlen

An der Gemeng Réiden ass d'Populatioun mam Bau vu neie Wunnengen nees geklommen, seet den éischte Schäffen Tom Faber. D'Conseillère Monique Kuffer bedauert, datt e puer Geschäfter eidel stinn.

Henri Roemer a Frank Arndt
Gemengewahlen

Den LSAP-Buergermeeschter Frank Arndt an den Henri Roemer (DP) si sech eens, datt Wolz wirtschaftlecht a soziaalt Potential huet. Kee Konsens hu si iwwert d'Vitesse, mat där sech Wolz entwéckele soll.

Raoul Clausse, Jean Konsbruck.JPG
Gemengewahlen

Déi klengste Gemeng am Land wëll och an noer Zukunft net fusionéieren. Et hätt ee wéineg finanziell Ressourcen an et wier een op staatlech Hëllef ugewisen, seet de Buergermeeschter vu Sëll.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen