Europawahlen 2019 Europawahlen: Europawäit Héichrechnungen

En éischt Bild vum neien Europaparlament zeechent sech of. Wéi setzt dat neit Parlament sech zesummen? Éischt Héichrechnungen iwwer den Ausgang op europäeschem Niveau.

EU-Wahlen

Sëtzverdeelung

Déi 751 Sëtz am Europaparlament deele sech no virleefegen Héichrechnungen esou op déi verschidde Fraktiounen op:

Sëtzverdeelung a Querbalken

Tëschestand um 22:30

Éischte Projektiounen no kéinten déi Europäesch Vollekspartei (EVP) an d'Sozialdemokraten (S&D) zesummen iwwer 80 Sëtz am EU-Parlament verléieren. Domat verléieren d'Volleksparteie fir d'éischte Kéier an der Geschicht vum Parlament d'Majoritéit. Bäigewonnen hunn op der anerer Säit d'EU-Skeptiker. A Frankräich zum Beispill ass de Rassemblement National vun der Marine Le Pen éischten Héichrechnunge no déi stäerkste Kraaft ginn. Dat franséischt Vollek hätt seng Stëmm héiere gelooss, sot d'Marine Le Pen.

A verschiddenen däitsche Regiounen huet d'AfD méi Stëmme wéi d'Unioun vun CDU an CSU krut. Queesch duerch Europa hunn awer och déi gréng Parteie gutt Resultater gemaach. An Däitschland sinn déi Gréng mat der Spëtzekandidatin Ska Keller zweetstäerkste Kraaft ginn a kéinten iwwer 20 Prozent klammen. A ganz Europa ass den Trend an eng méi héich Wahlbedeelegung gaangen. Éischt Projektioune schätzen, datt europawäit méi wéi 50 Prozent kéinten un den Europawahlen deelgeholl hunn. 2014 hu just knapps 42 Prozent vun de wahlberechtegten Europäer matgewielt.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen