Bundestagswahl Genervt vu Wahlkampfplakater

An de leschte Wochen huet sech d'Strossebild zu Tréirer séier verännert. Et gëtt dominéiert vu Wahlkampfaffichë vun de verschiddene Parteien. Och wa vill Tréierer sech fir d'Wahlen interesséieren, sinn déi meescht genervt vun de Plakater. Wéi benotzen d'Kandidaten d'Plakater a wat brénge se?

Matthias Köberlein

wahlkmapf.jpg

Et wier ze vill zougepecht, reegt sech eng Awunnerin op. Déi vill Suen, déi dofir ausgi ginn, kéinten op eng aner Aart a Weis besser agesat ginn. Zum Beispill fir méi al Leit, bei deenen d'Pensioun net duer geet, oder fir elengerzéiend Persounen z'ënnerstëtzen. En anere mengt, datt d'Plakater de Leit guer net méi opfalen. Och déi Jonk loosse sech net vun den Affichë beaflossen. Si benotze virun allem déi sozial Netzwierker, fir sech iwwert de Programm vun de Parteien z'informéieren.

"Do ginn et gutt Resuméen iwwert de Programm vun de Parteien, dat huet mir gehollef"

An de leschte Joerzéngte géif et en Trend gi bei de Wahlplakater, mengt de Prof. Dr. Jürgen Bucher, Mediewëssenschaftler op der Tréier Universitéit. Hie fuerscht mat sengem Team iwwert déi politesch Meenungsbildung an de soziale Medien.

"Ewech vum Contenue, dofir bei eng personaliséiert Reklamm"

Dat wier den Trend vun haut. Dovu kéinten awer nëmme Parteie profitéieren, déi sech schonn an enger staarker Positioun befannen. An Däitschland wier dat virun allem d'CDU.

Fir méi nei Kandidate wiere Plakater virun allem wichteg, fir sech als Persoun e gewëssene Bekanntheetsgrad z'erschafen, mengt den Andreas Steier. Kandidat fir d'Regierungspartei am Wahlkrees Tréier. Contenue wier schwéier iwwer Affichen ze kommunizéieren.

"Wann een d'Gesiicht op engem Plakat gesäit, da gëtt een natierlech erkannt. Esou en Effekt erreecht ee just mat Plakater".

Fir méi kleng Oppositiounsparteien, wéi zum Beispill Die Grünen oder Die Linke, spillen awer virun allem d'Ugrëff op de Contenue eng wichteg Roll. Die Grünen wiere souwisou eng Programmpartei, esou d'Kandidatin fir Die Grünen, d'Corinna Rüffer. D'Partei wierkt mat lokalpoliteschen Themen. Dat gesäit een op de Plakater. "Mir setzen de Schwéierpunkt virun allem op d'Atomkraaftwierk Cattenom, dat endlech ofgeschalt muss ginn."

Ugrëff op Contenu

Ee weidert Thema an der Grenzregioun ass zum Beispill d'PKW-Maut. Déi géif der Grenzregioun schueden, esou Katrin Werner, déi am Wahlkrees fir d'Oppositiounspartei Die Linke untrëtt. Datt d'SPD sech elo géint d'Maut géing ausschwätzen, géif dozou bäidroen, datt Politik ëmmer méi blaséiert gëtt.

"D'Maut gouf vun der CDU/CSU/SPD decidéiert. Si ass schiedlech fir eis, well mir sinn eng oppe Grenzregioun. Mir profitéiere géigesäiteg vun eisen Noperen. D'Wirtschaft an den Tourismus profitéieren dovun. Dat stellt och op eemol d'SPD fest."

Wann ee mat de Leit zu Tréier schwätzt mierkt een; et gëtt eng Diskrepanz tëschent den iwwerzeegende Kandidaten op där enger Säit, an den enttäuschenden Awunner op der anerer Säit. De 24. September gëtt an Däitschland en neit Parlament gewielt.

Bäitrag

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Matthias Kirsch
Kommentar

No der Debatt tëscht de grousse Favoritte fir d'Bundestagswahl ass de Wahlkampf richteg lancéiert. Net fir d'SPD oder d'CDU, mä fir déi kleng Parteien, mengt de Matthias Kirsch a sengem Kommentar.

Thorsten Faas
Däitschland

De Brexit-Referendum an d'Wahlen an den USA wären "Ausname" gewiescht, seet den däitsche Politolog Thorsten Faas. Bei der Bundestagswahl géife politesch Inhalter eng wichteg Roll spillen.

Sebastian Kurz
Virun de Wahlen an Éisträich

Den éisträicheschen Ausseminister wëll d'Mëttelmierroute fir Flüchtlingen zoumaachen. Mat senger Fuerderung weist de Sebastian Kurz, datt hie grouss Ambitioune fir d'Wahlen am Oktober an Éisträich huet.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen