Franséisch Presidentiellen 2017 Géint de Pluralismus an d'Faiten

Den 23. Abrëll ass den éischten Tour vun de Presidentschaftswahlen a Frankräich. De François Fillon, Kandidat vu "Les Républicains", verléiert ëmmer méi u Popularitéit während ëmmer méi vu senge presuméierte Skandaler opfléien. Hie gesäit doranner eng Hetzjuegd vun der Justiz, de Medien a vun der Regierung géint seng Persoun.

Gabrielle Taillefert / po

Meenung François Fillon
(Foto: © Picture Alliance / Julien Mattia)

De François Fillion huet seng Campagne op Wäerter wéi Integritéit opgebaut. Nodeems d'Press iwwert ee presuméierte fiktive Poste vu senger Fra bericht hat, sot de republikanesche Kandidat, wann hien ugeklot géif ginn, géing hie sech zréckzéien. Ugeklot gouf hie mëttlerweil, zréckgezunn huet hie sech net.

D'Attack ass déi bescht Verdeedegung?

Hie seet, et wier e politesche Mord, deen orchestréiert gëtt vu subjektive Medien a vun enger Justiz ouni Onofhängegkeet. En Donneschdeg huet de François Fillon op der Tëleeschaîne "France 2" vun engem Staatsskandal geschwat: De President François Hollande géif d'Justizenquête beaflossen. Den Auteur vun engem Buch, op dat de François Hollande sech fir seng Ausso beruff huet, huet direkt dono widdersprach: Esou eppes hätt hien ni geschriwwen, esou den Didier Haasoux.

Mam benotze vu sou Verschwörungstheorië gräift den LR-Kandidat op typesch rietspopulistesch Taktiken zréck. Hie stellt seng Siicht als eenzeg Wourecht duer, andeems hien demokratesch Institutioune wéi d'Justiz, d'Medien an d'Regierung diskreditéiert. Ähnlech huet den Donald Trump dat während senger Campagne an den USA gemaach.

An engem Communiqué hat de franséische Justizministère de 24. Mäerz ënnerstrach, datt de François Fillon zënter fënnef Joer systematesch all Gesetzesinitiativ fir méi eng grouss Onofhängegkeet vun der Justiz a fir d'Transparenz vun der Politik boykottéiert hätt.

Ee klassesche Populist

Den LR-Kandidat stellt sech an dat franséischt Vollek als Affer vum System duer. Dobäi huet hie sech souguer mam fréiere Premier Pierre Bérégovoy verglach, dee sech no engem Skandal am Joer 1993 ëmbruecht huet. D'Schrëftstellerin Christine Angot nennt dat e Suizide-Chantage.

Wann de François Fillon awer zum Beispill mam Thema vun den héije Selbsmord-Tauxen am Gesondheetssecteur confrontéiert gëtt, äntwert hien, dat wier eng ideologesch Debatt. D'Fransouse wiere géint méi Moyene fir dëse Secteur. De François Fillon plaidéiert fir Spuermesuren an eng Reduktioun vun der Staatsschold.

Well hien d'Primaire vun de Republikaner gewonnen huet stellt de konservative Politiker sech duer, wéi wann all d'Fransouse mat him averstane wieren. De Problem ass, datt hien domat, wéi vill aner Populisten, net just d'Wieler vun aneren Parteien ignoréiert, mee och d'Faiten u sech.

An der Mediathéik:

Auslandschronik / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Wahlcampagne Benoît Hamon
Franséisch Presidentiellen 2017

E "Jo zu Europa" war de Message vum Benoît Hamon op engem Wahlowend zu Bréissel. Mat sengem Optrëtt wollt de sozialistesche Kandidat besonnesch jonk a pro-europäesch Wieler uschwätzen.

Marine Le Pen zu Metz
Franséisch Presidentiellen 2017

D'Marine Le Pen war den 18. Mäerz fir ee Wahlkampfoptrëtt zu Metz. Hir Sympathisante gesinn d'Presidentschaftskandidatin vum rietsextreme Front National als Alternativ zu den etabléierte Parteien.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen