Drénkwaasser "Waasserknappheet ass ëmmer nach akut"

Wann d'Temperature klammen, geet och de Waasserverbrauch an d'Luucht. Enn Mee huet d'Waasserwirtschaftsamt d'Phase de vigilence ausgeruff. Déi ass ëmmer nach aktuell. Muss een also Waasser spueren?

Tessy Steffen Koenig / ys

Waasser

Et gëtt net genuch Quellewaasser zu Lëtzebuerg, seet den Tom Levy, Direkter vum Waassersyndikat SES. Et wier een also all Dag op d'Waasser aus dem Stauséi ugewisen. De Stauséi wier zwar méi niddereg wéi soss, mä bis elo wier nach genuch Waasser do.

Waasser spueren

Ma och d'Kapassitéite vum Waassersyndikat vum Stauséi wiere begrenzt, seet den Tom Levy.

"Wann d'Temperaturen iwwer 30 Grad klammen, da geet de Waasserbedarf erop. Zum Beispill beim SES kann et sinn, datt mir dann op iwwer 60.000 Kubikmeter am Dag kommen. Normalerweis leie mir an der Moyenne bei 40.000."

Bei sou enger Steigerung vu 50 Prozent par Rapport zum normale Verbrauch géif et ufänke knapps ze ginn. "Dofir heescht et dann: Waasser spueren."

Och bei Knappheet keng Ausnam

Zu Lëtzebuerg kann d'Waasser aus ville Quellen net méi benotzt ginn, well si ze vill héich Pestizidwäerter hunn, sou den Tom Levy. Déi belaaschte Quelle kéinten net fir Drénkwaasser benotzt ginn, seet de Jean Paul Lickes, Directeur adjoint vum Waasserwirtschaftsamt.

"Déi Saachen, déi eng Derogatioun hätten, déi kann een eventuell eraloossen. Awer net déi Saachen, déi geféierlech fir d'Gesondheet sinn." Och wann et knapp mam Drénkwaasser wier, dierft keng Ausnam gemaach ginn.

Eng Verdënnung vu belaaschtem Waasser mat genuch propperem Waasser aus anere Quellen, fir ënnert d'Grenzwäerter ze kommen, wier denkbar, seet de Jean-Paul Lickes. Technesch wier et allerdéngs net ëmmer méiglech.

Nei Sebes Anlag

Och eng Filteranlag, déi mat Aktivkuel funktionéiert fir d'Pestizidwäerter ze reduzéieren, wier net an e puer Deeg realisabel. Dat géif Méint daueren. "Et gi keng Kompromësser par Rapport zu de Grenzwäerter aus dem Drénkwaasserreglement gemaach."

Mëttelfristeg gesi wier déi nei Anlag vum Waassersyndikat Sebes eng Léisung, seet den Tom Levy, Direkter vun SES. Hei kéint een d'Kapassitéiten ëm 50 Prozent steigeren. D'Anlag wäert viraussiichtlech an 3 bis 4 Joer a Betrib goen. Trotzdem mécht den Tom Levy sech Suergen. Duerch de Bevëlkerungswuesstem geet och de Waasserverbrauch an d'Luucht. Laangfristeg missten nei Léisunge fonnt ginn.

De Chantier vun der Sebes-Anlag zu Eschduerf

Bäitrag iwwer d'Waasserknappheet

Méi zum Thema

Georges Kraus.JPG
Waasserqualitéit

De Wuesstem vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung ass e groussen Défi fir d'Infrastruktur vum Ofwaasser an de Kläranlagen. Dowéinst soll méi a modern an ëmweltfrëndlech Filtertechnologien investéiert ginn.

Waasser
Ressourcen

D'UNO huet den Accès zu Drénkwaasser als Mënscherecht deklaréiert. Trotzdem ginn et iwwerall op der Welt Wasserkonflikter. Hannendru sti wirtschaftlech Interessien - d'Waasser gëtt kommerzialiséiert.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen