Delta-Variant Vun haut un: Areesaschränkungen aus Groussbritannien
Vun haut u gëlle verschäerfte Reegele wann een aus Groussbritannien op Lëtzebuerg reest. Eng Quarantän vu 7 Deeg an e PCR oder Antigen-Test sinn obligatoresch fir jiddereen, dee 14 Deeg virun der Arrivée zu Lëtzebuerg a Groussbritannien war. Als Grond nennen d'Lëtzebuerger Autoritéiten d'Virus-Varianten, déi fir d'éischt an Indien detektéiert gi war. D'Delta-Variant ass elo déi dominant Form vum Virus a Groussbritannien.
D'Delta Variant wier ëm 40 Prozent méi ustiechend wéi d'Alpha-Souche, déi éischt dominant Variant vum leschte Joer - dat sot de brittesche Gesondheetsminister géigeniwwer der BBC a bezitt sech op d'Erkenntnisser vum Expertegremium vun der Regierung. Déi gréisser Transmissioun vun der Delta Variant géif d'Decisioun méi schwéier maache fir de Lockdown a Groussbritannien opzehiewen, esou de Matt Hancock. D'Regierung peilt den 21. Juni u fir d'Corona-Restriktioune komplett opzehiewen.
Mee Bedenke wéinst dem Verbreede vun der Delta-Variant huet verschidde Wëssenschaftler dozou bruecht d'Regierung opzefuerdere fir den Datum vum 21. Juni ze verréckelen. D'Zuel vun de neien Infektioune war um Sonndeg bei eppes iwwer 5.000, d'Zuel vun den Hospitalisatioune wier awer net signifikant geklommen.
De Matt Hancock sot dat d'Majoritéit vun den hospitaliséierte Patienten nach net geimpft wieren, mat just enger "klenger Minoritéit" vu vaccinéierte Patienten. Eng endgülteg Decisioun ob de Lockdown opgehuewe gëtt wäert de 14. Juni geholl ginn.
D'Regierung vum Boris Johnson hat laang gezéckt fir Indien op d'rout Arees-lëscht ze setzen. D'Oppositioun gesäit dat als Grond firwat d'Delta-Variant elo a Groussbritannien dominéiert. D'Hesitatioun wier politesch motivéiert an net op wëssenschaftlechen Donnéeë baséiert, esou nach de Virworf. Downing Street ass nämlech motivéiert fir Post-Brexit Handelsgespréicher mat Indien unzefänken.