Educatioun Vun haut u gëllen nei Reegelen an der Schoul

Soubal ech opstinn, mech beweegen, iergendanzwousch higinn, dinn ech eng Mask un: Dat ass vun haut un de Motto an de Lëtzebuerger Schoulen. D'Reegel gëllt fir all Schüler am Lycée souwisou, mee och an der Grondschoul mat Ausnam vum Cycle 1 (also der Spillschoul). Haut trieden och nach e puer aner Corona-bedéngt Changementer a Kraaft, mee déi betreffe just de Secondaire.

Maurice Molitor / cz

Schoul Coronavirus
Foto: Bigstock

De Bäitrag vum Maurice Molitor lauschteren


Vun enger Ännerung wäerten d'Lycées-Schüler direkt emol näischt mierken. Si sinn elo net méi am éischten Trimester vun hirem Schouljoer, mee am éischte Semester. D'Joer gëtt also elo och do, wou dat net souwisou schonn de Fall ass, an zwee gespléckt, net méi an dräi. Doduerch ka sech e bësse Loft verschaaft ginn am Programm, well - wéinst Quarantänen - eenzel Klassen awer liicht hannendra gerode sinn, wéi et schéngt. Fir d'Schüler huet dee Switch vun Trimester op Semester am Fong just een Nodeel: virun der Chrëschtvakanz musse si dëst Joer effektiv nach bis freides mat an d'Schoul. Mee dofir ass dann d'Fuesent zwou Woche Vakanz amplaz just eng. An nach e Virdeel: an der Zomm mussen an zwee Semestere manner Prüfunge geschriwwe gi wéi an dräi Trimesteren.

Just fir déi iewescht Klassen - mat Ausnam vun de Premièren - also fir 4ème, 3ème an 2èmen gëllt virleefeg emol bis Chrëschtdag een anere Changement: Den Enseignement en alternance. An dee kann, jee no Lycée ënnerschiddlech Formen unhuelen. Entweder ginn d'Klassen an zwee Gruppen opgespléckt, d'Schüler aus deem enge komme physesch an d'Schoul, déi aus deem anere gi vun doheem aus an de Cours bäigeschalt. Oder déi ganz Klass kënnt mol an d'Schoul, mol bleift se doheem a gëtt online ënnerriicht. Dat kann een Dag iwwer deen anere geschéien, oder och eng Woch iwwer déi aner. An huet also näischt méi mat den A- a B-Gruppe vu virum Summer ze dinn, wou déi eng Schoul gehale kruten, wärend déi aner doheem widderhuelen oder Hausaufgabe maache sollten.

An d'Kantinnen? Jo, déi bleiwen op. Allerdéngs däerf een do nach maximal zu véier beieneen un engem Dësch sëtzen. Wiem dat net zouseet, dee ka sech ëmmer nach mat enger Frupstut tréischten.

Méi zum Thema

Prof. Markus Ollert
Impfung

De Professer Markus Ollert vum LIH geet dovun aus, datt bis Mëtt 2021 grouss Deeler vun der Bevëlkerung géint de Coronavirus geimpft wäerte sinn. Vum nächste Summer u wier dann nees en normaalt Liewe méiglech.

Schloul Klassesall Wavebreak Media
Educatioun

D'Schoule bleiwen op, mee et kommen eng ganz Rëtsch nei Mesuren. Et ginn, ënner anerem, A/B-Gruppen op den ieweschte Klassen agefouert an et gi Semesteren amplaz Trimesteren.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen