Wou et en Ënnerscheed géif gi wier op der Vakanzendestinatioun selwer: do géif scho méi staark op Krittäre vun Nohaltegkeet opgepasst gi wéi virdrun, vun de Clienten, mee och vun de Rees-Organisateuren, sou d'Lydia Heinisch.
Si géif dat "ganz gutt" fannen, datt op den Trend reagéiert géif ginn. Et wier awer net wéi wann d'Leit keng Croisière méi géife buchen. An engem éischte Schrëtt wier d'Vakanz an d'Wieder wichteg, eréischt an engem zweete Schrëtt géif gekuckt ginn, datt "do nohalteg Saache gemaach ginn", seet d'Lydia Heinisch.
Jonker reesen am meeschten
20 Prozent vun de Suen, déi weltwäit fir Reesen a Vakanze ausgi ginn, komme vu jonke Leit, vun de sougenannte "Millennials", déi tëschent de fréien 80er a Mëtt den 90er Jore gebuer goufen. Dee globale Chiffer vun der OECD géif sech och an der klenger Lëtzebuerger Realitéit erëmspigelen, seet d'Lydia Heinisch, d'Cheffin vum Lëtzebuerger Rees-Operateur ULT.
"Et gesäit ee jo ganz kloer: eis Eltere si ganz wéineg gereest, mir hu scho méi d'Welt entdeckt. Mee déi Generatioun, déi elo no kënnt, mir gesinn et: d'Welt gëtt ganz kleng, a fir si ass dat ganz natierlech, vill ze reesen."
Dëse Phenomeen géif net mat de Suen zesummenhänken. "Si sinn do ganz kreativ", fënnt d'Lydia Heinisch. Jonker, egal ob se schaffen oder Studente wieren, géifen hir Suen direkt ausginn, ganz dacks fir d'Reesen, well si d'Welt entdecke wëllen. "Dat ass jo och esou: wann ee reest, gëtt een net méi domm dovun."
Dubai beléiften Destinatioun
30.000 Leit wieren de Weekend um Salon Vakanz 2020 gewiescht, seet d'Luxexpo. D'Reesloscht vun de Lëtzebuerger ass also ongebrach, an eng Destinatioun, déi dëst Joer besonnesch am Fokus steet, ass Dubai, an dat hätt een och op der Vakanzefoire feststelle kënnen, seet d'Lydia Heinisch.
Dat natierlech wéinst der Weltausstellung, déi am Oktober do opgeet a bis Abrëll 2021 wäert daueren. D'Lëtzebuerger gehéieren erstaunlecherweis zu deenen Nationalitéiten, déi - am internationale Verglach - bis elo am meeschte Reesen dohinner gebucht hunn.
D'Lydia Heinisch, d'Cheffin vum Lëtzebuerger Rees-Operateur ULT, erkläert sech dat doduerch, datt d'Lëtzebuerger ganz houfreg dorop sinn, datt Lëtzebuerg e Pavillon zu Dubai huet a géifen dat gären ënnerstëtzen. Virun zéng Joer hätt een de selwechte Phenomeen zu Shanghai feststelle kënnen.