arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vum 12. Juni un: Eventuell manner streng Mesuren

Méiglech Upassungen

|
reading time

1 min

Vum 12. Juni un: Eventuell manner streng Mesuren

Fir den Horeca-Beräich kéinten et nom 12. Juni manner streng Mesurë ginn: wat d'Regierung plangt soll dëse Mëttwoch oder Freideg matgedeelt ginn.

reading time

1 min

Eng Optioun wier d'Ofschafe respektiv eng weider manner restriktiv Ausgangsspär, esou de Mars Di Bartolomeo no der Sitzung de Moie vun den zoustännege Chamberkommissiounen iwwert d'Réouvertures-Strategie fir den Horeca.

Eng aner Optioun wieren "nei Rechter" fir Geimpfter, Geheelter oder geteste Leit: Dat kéint zu däitleche Vereinfachungen och am Horeca-Secteur féieren, esou den LSAP-Deputéierten.

D'Situatioun um Terrain hätt sech däitlech verbessert, ë.a. wéinst de Fortschrëtter bei der Impfcampagne an der "positiver Perspektiv" vum sougenannten 3G-Certificat, dee virun der Dir stéing an hei am Land däitlech virun 1. Juli soll kommen, esou de Mars Di Bartolomeo. Een Datum fir d'Aféierung géif et nach net ginn.