Fossil Energie Vu Lützerath op Lëtzebuerg

Och de Grand-Duché ass op däitsch Kuel ugewisen: Zejoert koume ronn aacht Prozent vum nationale Stroumverbrauch aus dëser besonnesch klimaschiedlecher Energiequell. Wéi positionéiert de gréngen Energieminister Claude Turmes sech am aktuelle Konflikt ëm de Kuelenofbau an Nordrhein-Westfalen? D'Pia Oppel huet mat him doriwwer geschwat, firwat Lëtzebuerg iwwerhaapt nach Stroum aus fossillen Energiequellen importéiert.

Pia Oppel / cbi

Lützerath
Foto: picture alliance/dpa | Federico Gambarini

Dem Claude Turmes seng Äntwert dorobber ass, datt d'Regierung net kéint virschreiwen, wéi ee Stroum dierf importéiert ginn: juristesch gesi wier Lëtzebuerg an engem groussen europäesche Stroummarché, wou een net einfach esou den Import vu Stroum verbidde kéint.

Éisträich wollt schonn Atomstroum aus Tschechie verbidden, dat war juristesch net méiglech, erkläert de Claude Turmes am 100,7-Interview.

Sécher a bëlleg op fossil an Atomenergie verzichten

Amplaz wéilt d'Regierung dofir suergen, datt et zum Beispill fir industriell Betriber méi sécher a méi bëlleg gëtt op fossil an Atomenergie ze verzichten, esou de gréngen Energieminister: "Do si mir drun", seet de Claude Turmes.

"Dat heescht, technesch heescht dat 'Renewable Power Purchase Agreement', also Laangzäitverträg fir erneierbar Energien. Do wëlle mir een Instrument schafen."

Als Beispill nennt de Claude Turmes datt wann ArcelorMittal ee Vertrag mat engem Produzent vu gréngem Stroum an der Nordsee maache wéilt, datt dat méi einfach gemaach gëtt. "Do si mir am Gaangen drun ze schaffen".

Bis op Weideres bleift et awer dobäi: Lëtzebuerg importéiert Kuelestroum, haaptsächlech aus Däitschland. D'Stengkuel mécht 3,5 Prozent vum nationale Stroummix aus, d'Brongkuel 4,8 Prozent.

Zu de Fournisseure gehéiert den Energiekonzern RWE, deen elo d'Duerf Lützerath an Nordrhein-Westfalen ofrappt, fir méi Brongkuel ofzebauen.

Lützerath gëtt ofgerappt, trotz grénger Regierungsbedeelegung

Dëst géint de Protest vu Klimaaktivist:innen, awer mam Accord vun der grénger Partei, déi an Däitschland mat regéiert.

De Claude Turmes verweist hei op de Kontext vum russesche Krich géint d'Ukrain. Däitschland wier wéinst der fréierer Regierung esou ofhängeg vum Gas, wat zu "Handelszwäng" géif féieren. "Déi si wierklech net esou einfach ze handelen", seet den Energieminister.

"Nach eng Kéier: Lützerath ass ee Symbol fir ee falsche Wee. Dat ass awer eng Konsequenz aus deene Joren, wou net genuch gemaach ginn ass fir erneierbar Energien."

Zu Lëtzebuerg maachen déi Erneierbar ronn 56 Prozent am nationale Stroummix aus.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Pia Oppel
Lauschteren

Méi zum Thema

Lützerath
Däitschland

D'Duerf Lützerath nieft dem Tagebau Garzweiler an Nordrhein-Westfalen ass vu Klimaaktivist:inne besat. Ëmmer méi Leit schléisse sech dem Protest am Duerf un, mee eng Räumung ass dës Woch méiglech.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen