Fräie Mikro Déi lescht sechs Stonne vum Éischte Weltkrich
Den 11. November virun 100 Joer gouf moies um fënnef Auer an engem franséische Bësch d'Armistice ënnerschriwwen. Trotzdeem gouf weider gekämpft a bis op déi lescht Minutt hunn Zaldote missten hiert Liewe loossen. Déi Offizéier, déi fir dëst sënnlost Stierwe verantwortlech waren, goufen ni zur Rechenschaft gezunn.
Nächste Sonndeg sinn et 100 Joer hier, datt de Waffestëllstand, deen dem Éischte Weltkrich en Enn gesat huet, ënnerschriwwe gouf. Wéi laang huet et gedauert, bis d'Decisioun, datt et elo endlech eriwwer wier, an all Kommandozentralen ukomm war? Wat ass an der Tëschenzäit geschitt?
D'Enn vum Däitsche Keeserräich
Enn September 1918 war et kloer, datt Däitschland keng Chance méi hat, de Krich ze gewannen. De Generol Ludendorff freet Enn September den amerikanesche President Wilson ëm Friddensverhandlungen a setzt sech am Oktober mat falschem Baart a falschem Numm no Dänemark of. Iwwerall desertéieren däitsch Zaldoten, d'Flott refuséiert fir sënnlose Kommandoen ze follegen a schléisst sech den opstänneschen Aarbechter an Zaldoten un. D'Keeserräich war am Gaang ze implodéieren: den 9. November gëtt d'Weimarer Republik ausgeruff an den ofgesate Keeser Wëllem II. flücht vu Spa op Doorn bei Utrecht.
D'Nidderlag - eng Iwwerraschung
Trotzdeem koum d'Nidderlag fir déi däitsch Bevëlkerung, déi nëmmen zenséiert Nouvellë krut, total onerwaart a wéi e Schock, zemools am Fréijoer 1918 en immens rentabele Friddensvertrag mat Russland geschloss gi war. Déi eenzeg grouss Schluecht op däitschem Buedem war ganz am Ufank vum Krich am August 1914 zu Tannenberg op der Ostfront geschloe ginn. Däitschland hat ni direkt d'Schrecke vu Materialschluechte wéi bei der Somme oder bei Verdun erlieft.
An de Bësch bei Compiègne
De 7. November 1918, muer virun 100 Joer, owes um aacht Auer gouf bei der Frontlinn zu La Capelle déi däitsch Delegatioun fir d'Waffestëllstandsverhandlungen empfaangen. Dës Delegatioun huet virun allem aus Politiker an drëttrangegen Offizéier bestanen, well d'Oberste Heeresleitung sech vun der Verantwortung gedréckt huet. D'Politiker - spéider Novemberverbrecher genannt - sollten d'Käschte vun der militärescher Nidderlag aus dem Feier huelen.
A franséischen Autoe goung et du besonnesch lues duerch dat schrecklech zerstéiert Nordfrankräich, fir "ons - wéi e Member vun der däitscher Delegatioun spéider gesot huet - op déi besonnesch haart Konditioune vum Fridde virzebereeden." - Mat engem speziellen Zuch gouf d'Delegatioun dunn op eng Clairière bei Compiègne bruecht, wou de Maréchal Foch si a sengem Kommandozuch erwaart huet.
Wehe den Besiegten ...
D'Alliéiert haten de Fransouse Verhandlungen an d'Konditioune vum Waffestëllstand, op déi se sech all gëeenegt haten, iwwerlooss, well esouvill vun deene bluddege Schluechten a Frankräich geschloe gi waren. Déi däitsch Delegatioun hat gebieden, de Waffestëllstand direkt a Kraaft ze setzen an dann ze verhandelen. Awer de Maréchal Foch huet dat refuséiert. Och hunn d'Englänner hir Blockad net opgehuewen, wat geheescht huet, datt d'Hongersnout an Däitschland net opgehalen huet.
D'Enn vum Krich, awer net d'Enn vum Stierwen
Den 11. November 1918, moies kuerz no fënnef Auer, gouf de Waffestëllstand ënnerschriwwen. Gekämpft gouf awer bis eelef Auer, bis d'Nouvelle an deene leschte Kommandozentralen ukomm war. Bei Stenay an der Belsch falen den 11. November moies 300 amerikanesch Zaldoten, well de Generol Wright hinnen erlaabt hat, d'Uertschaft anzehuelen, fir sech do ze wäschen. Um hallwer zéng fält den ireschen Zaldot Elllison bei Mons, wou hie schonn 1914 stationéiert war. Véierel fir eelef gouf den Augustin Trébuchon bei der Meuse vun enger Kugel getraff, wéi e senge Komerode soe gaangen ass, um hallwer zwielef géif et Zopp fir de Fridden ze féieren. Dee leschten US-Zaldot, den Däitsch-Amerikaner Henry Gunther ass eng Minutt virun eelef Auer an der Argonne gefall.
Den Auteur Joseph E. Persico huet gerechent, datt den 11. November tëschent fënnef an 11 Auer nach iwwer 2.700 Zaldoten op béide Säite gefall sinn, iwwer 8.000 blesséiert goufen. Dat si méi Affer wéi déi, déi de 6. Juni 1944 beim Debarquement an der Normandie ëm d'Liewe koumen.
Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.