Europawahlen 2019 VOLT: Eng nei Partei bei den Europawahlen

Déi pan-europäesch Beweegung Volt Europa wëllt och zu Lëtzebuerg mat enger Lëscht bei den Europawahlen am Mee untrieden. Déi lëtzebuergesch Kandidate goufen zu Schenge presentéiert. Ob d'Lëscht am Mee och dierf untrieden ass nach net kloer. Nach huet Volt Lëtzebuerg net déi 250 Ënnerschrëften zesumme fir kënnen un de Wahlen deelzehuelen.

Stephan Polet / pro / cbi

George Penn
De George Penn. Foto: Lohr Mathieu

De George Penn, President vu Volt Lëtzebuerg, wollt am Virfeld vun der Presentatioun vun der Lëscht net vill iwwer d'Kandidate verroden. Et wier awer eng ganz divers Lëscht, souwuel wat den Alter, wéi och de sozialen Hannergrond vun de Kandidaten ugeet. "Am Ament sinn eis Kandidaten nach net offiziell", seet de gebiertege Brit George Penn.

Fir datt eng Lëscht kann untrieden, mussen 250 ageschriwwe Wieler se ënnerstëtzen. Hirem President George Penn no hätt Volt Lëtzebuerg ronn d'Hallschent vun den néidegen Ënnerschrëften zesummen.

"Mir wëllen eis laangfristeg etabléieren"

Et hofft een an aacht EU-Staate mat enger Lëscht kënnen unzetrieden. Ob et een europawäite Spëtzekandidat wäert ginn, ass nach net gewosst. Als jonk Beweegung misst ee kucken, ob ee Leit mat genuch Erfarung dofir hätt, seet de George Penn, President vu Volt Lëtzebuerg.

Volt wier awer net nëmme fir d'Europawahlen do: "Mir wëllen eis laangfristeg etabléieren. Mir hoffen, datt mir wuessen a spéider bei lokalen an nationale Wahle kënnen deelhuelen."

Weder lénks nach riets

Programmatesch zeechent sech Volt Europe duerch eng kloer pro-europäesch Haltung aus. An all EU-Staat an deem d'Partei untrëtt, mécht si dat mat engem eenheetleche Programm. D'Parlament soll selwer kënne Gesetzer proposéieren a stëmmen. Et soll eng europäesch Regierung gi mat eegenem Budget an et soll een direkt gewielte President ginn.

Ofgesinn dovun, datt een e staarkt Europa wëllt, ass d'Partei politesch net liicht anzeuerdnen. Hirem eegene Manifest no gesäit si sech als weder lénks nach riets un, mee als progressiv.


De Stephan Polet mat Detailer:

Lauschteren

Méi zum Thema

Charles Goerens
DP-Europadeputéierten

De Charles Goerens geet dësen Oktober net mat an d'Chamberwahlen, well hien een definitive Stréch ënnert déi national Politik gezunn hätt. Bei den Europawahlen 2019 wëllt hien awer erëm kandidéieren.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen