Europawahlen 2019 Viviane Reding kandidéiert net fir d'Europaparlament

D'Viviane Reding kandidéiert net bei den Europawahlen: si wier net un enger Kandidatur interesséiert, huet déi 67 Joer al Chamber-Deputéiert dem radio 100,7 op Nofro hi matgedeelt.

Serge Kesseler / cbi

Exklusiv Viviane Reding
Foto: Archiv.

Bei den Europawahlen 2014 war d'Viviane Reding d'CSV-Spëtzekandidatin a si hat vun alle Kandidaten déi meeschte Stëmme kritt. Hiert Mandat am Europaparlament hat si am September d'lescht Joer niddergeluecht fir bei de Chamberwahlen unzetrieden. Op der CSV-Lëscht am Zentrum gouf déi fréier laangjäreg EU-Kommissärin als Véiert an d'Chamber gewielt.

Wien déi dräi Fraen an dräi Männer sinn, déi fir d'CSV bei den Europawahlen de 26. Mee dëst Joer untrieden, dierft d'nächst Woch decidéiert ginn. Den neien CSV-Parteipresident Frank Engel hat dës Woch op RTL däitlech gemaach, datt hien eng Preferenz fir eng "nei frësch Europalëscht" hätt.

Vun de sechs Lëtzebuerger Deputéierten am Europaparlament sinn der de Moment dräi vun der CSV.

Méi zum Thema

Fernand Kartheiser a Laura Zuccoli
Auslännerwahlrecht

De Fernand Kartheiser fënnt d'Iddi "inakzeptabel", datt den neien CSV-President sech oppe weist fir d'Wahlrecht fir Auslänner ze erweideren. D'Laura Zuccoli weist sech frou iwwer "all Fortschrëtt".

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen