Gemengewahlen 2017 "Kandidatur wier de Wieler belunn"

D'Viviane Reding confirméiert, datt si net mat an d’Gemengewahlen 2017 geet. Als Europadeputéiert wier et net méiglech, gläichzäiteg eng gewëssenhaft Aarbecht an engem Gemengerot ze maachen, explizéiert d’CSV-Politikerin.

Serge Kesseler

Viviane Reding
Viviane Reding (Archivphoto radio 100,7)

Den CSV-Parteipresident Marc Spautz hat jo um CSV-Nationalkongress am Mäerz 2016 een Opruff lancéiert, datt all CSV-Mandatairë mat an d’Gemengewahle solle goen. Am Prinzip wier dat eng richteg Decisioun, esou d’Viviane Reding. Allerdéngs misst eng Kandidatur och méiglech sinn, wat bei Europadeputéierten hirer Meenung no net de Fall wier.

Keng Kandidatur bei Gemengewahlen

A wéi engem Wahl-Bezierk si bei de Chamberwahlen 2018 untrëtt - ob am Süden oder am Zentrum - weess d’CSV-Europadeputéiert Viviane Reding eegener Ausso no iwwerdeems nach net. A béide Bezierker wier si scho mat an d’Nationalwahle gaangen.

Deen e Bezierk wier hir esou léif wéi deen aneren, huet d’Viviane Reding ënnerstrach. Deemno hätt si keng Preferenz ausgedréckt. Et wier also eng Decisioun vun der Partei, a wéi engem Bezierk si 2018 soll untrieden.

Chamberwahlen 2018

D’Viviane Reding war vun 1999 bis 2014 EU-Kommissärin. Zënterhier ass si erëm Deputéiert am Europaparlament.

Méi zum Thema

Zeimet Spautz
Gemengewahlen 2017

Den CSV-President Marc Spautz hat all d'CSV-Mandatairen opgeruff, fir bei de Gemengewahlen ze kandidéieren. D’Europadeputéiert an eng Rei Chamber-Deputéiert kommen dem Opruff net no.

voting
Serge Wilmes an Dräikinneksgrupp vun der CSV

30 CSV Memberen aus dem Dräikinneksgrupp fuerdere méi e schaarfe Profil fir d'Partei. All Interesséierter fir d'Spëtzekandidatur sollte kloer Positioun bezeien, esou dass ee weess, wat hier Iddie sinn, seet de Serge Wilmes.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen