arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Virun 20 Joer: den Trounwiessel

Monarchie

|
reading time

3 min

Virun 20 Joer: den Trounwiessel

Haut virun 20 Joer war den Dag vum Trounwiessel. De Grand-Duc Jean huet no 36 Joer als Staatschef ofgedankt, a säi Fils Henri gouf de 7. Oktober 2000 als neie Grand-Duc vereedegt. D'Vereedegung de 7. Oktober 2000 war an der Chamber. De Grand-Duc Henri féiert Lëtzebuerg als Staatschef an dat 21. Joerhonnert, hat et deemools beim Trounwiessel geheescht. Zwee Joerzéngte méi spéit, schafft d'Regierung un enger Reform vun der Monarchie. Mam geplangten Arrêté grand-ducal soll de Fonctionnement vum Haff nei organiséiert ginn. Recommandatiounen aus dem Waringo-Rapport ginn domat ëmgesat. D'Institutioun soll méi modern an transparent gemaach ginn, gouf ugekënnegt. Een "anere Stil" war och schonn am Joer 2000 beim Trounwiessel an Aussicht gestallt ginn.

reading time

3 min

"Mir mussen eis eege Legitimitéit elo fannen", hat de spéidere Grand-Duc Henri Ufank September 2000 ugekënnegt, am Interview am Virfeld vum Trounwiessel haut virun 20 Joer. "An da wäerte mer probéieren déi Legitimitéit och richteg an eiser Form ze entwéckelen. Villäicht mat engem anere Stil", sou de Grand-Duc Henri.

An Aussicht gestallt haten de Grand-Duc Henri an d'Grande-Duchesse Maria Teresa virun 20 Joer och eng méi oppen Aart a Weis vis-à-vis vun de Leit a vun der Press.

"Dat ass wichteg fir an eiser moderner Welt eng Monarchie ze hunn, déi och modern ass. Do musse mer eise Wee fannen. Dat ass villäicht net evident am Ufank, mir mussen dat lues a lues entwéckelen."

Méi Legitimitéit duerch d'Ëmsetze vum Waringo-Rapport?

Bal zwee Joerzéngte méi spéit huet de Premier Xavier Bettel och d'Wieder "modern" a "Legitimitéit" am Kontext vun der Monarchie gebraucht, wéi hien am Februar dëst Joer de Waringo-Rapport presentéiert huet. Am Optrag vun der Regierung war ënner anerem wéinst der Personalpolitik eng Analys vun der Situatioun um groussherzoglechen Haff gemaach ginn, mat am Rapport enger Rei vu Recommandatiounen.

"Mee et gëtt keen Njet vum Grand-Duc hei op iergendengem Punkt, wou de Grand-Duc seet, dat dote kënnt net a Fro. Ech hunn hei mat engem Uspriechpartner ze dinn, dee weess, datt et hei drëms geet net eng Hetzcampagne ze maachen, mee au contraire eng Legitimitéit, eng Institutioun ze stäerken an z'evitéieren, datt se an d'Kritik och kënnt. An de Grand-Duc ass averstanen, datt mer deen dote Schrëtt gemaach hunn, wéi hien averstane war, datt d'Missioun gemaach géif ginn, konnt hie jo net wësse wat géif eraus kommen. Hie wor averstanen. An dee Rapport, deen elo komm ass, huet de Grand-Duc net gesot, en dierft net publizéiert ginn. De Grand-Duc ass hei e Partner fir zesummen eng Institutioun méi modern a méi transparent ze maachen."

Nei Budgetsreegele solle vum 1. Januar 2021 u gëllen

Ronn aacht Méint no der Presentatioun vum Waringo-Rapport, huet de Premier d'lescht Woch an der Chamber de Projet fir de geplangten Arrêté grand-ducal fir d'Schafe vun der Maison du Grand-Duc presentéiert. An de Regierungschef Xavier Bettel huet gesot.

"Mir kréien am Fong eng Monarchie, déi vum 19. Joerhonnert an dat 21. Joerhonnert kënnt. Et wor Zäit. Et ass och am Interêt vun der Institutioun. Ech mengen, datt et hei och wichteg war zesumme mam Palais déi Reformen och auszeschaffen."

Virgesinn ass, datt déi nei Budgets-Reegele fir den Haff scho vum 1. Januar 2021 u solle gëllen. Dem Projet vum Arrêté grand-ducal no, wäert d'Exekutioun vum Budget fir d'Maison du Grand-Duc vum Rechnungshaff a vun der Direction du Contrôle financier gepréift ginn. Dat steet am Projets-Dokument vun 8 Säiten, dat eis virläit.

D'Personal vun der Maison du Grand-Duc soll dem Hofmarschall ënnerstallt ginn. An der neier Administratioun sollen 142 Leit Personal schaffen. Dat wieren der 35 méi wéi bis elo, war d'lescht Woch vun der Oppositioun an der Chamber ugekënnegt ginn. De groussherzoglechen Haff soll vum nächste Joren u considerabel méi Budget kréien.

D'Relatiounen tëschent dem Grand-Duc an der Regierung soll an Zukunft een nei Comité koordinéieren, esou e weidere Punkt aus dem Projet, deen deemnächst vum Regierungsrot dierft gutt geheescht ginn.