USA Virschau op d'Joer 2020 an den USA

D'Joer 2020, a besonnesch den Dënschdeg 3. November, ass dräi Joer laang am Kalenner vu villen Amerikaner ugekräizt. Dëst Joer dréit sech an der Politik an den USA alles ëm d'Wal fir d'Presidence. Den Donald Trump wëllt fir véier weider Joren an d'Wäisst Haus, d'Demokrate sichen hire Kandidat fir géint de President ze gewannen.

Philipp Crowther / cz

Washington DC
Vue op Washington DC (Foto: Bigstock / vichie81)

Et wäert elle ginn an den USA am Joer 2020. E Land, dat politesch an zwee gespléckt ass, ka kaum an engem Waljoer op eng Besserung hoffen. Demokraten a Republikaner sichen net no Reconciliatioun. Nee, et geet elo drëm ze gewannen. Et gëtt all véier Joer gesot, datt et sech ëm déi wichtegst Wal vun allen Zäiten an Amerika handelt, an dat soen d'Kandidaten och dëst Joer.

Demokrate kënne keng aacht Joer Donald Trump am Wäissen Haus verdroen. De President seet, Amerika riskéiert mat enger Victoire vun der Demokratescher Partei seng Aarbecht iwwer de Koup ze geheien.

US-Demokrate sichen nach no engem Trump-Géigekandidat

Éier sech de President a säi Géigner oder seng Géignerin op der nationaler Bün verbal zerfleeschen, mussen d'Demokrate fir d'éischt mol hire Kandidat oder Kandidatin fannen.

D'Joer 2020 fänkt frenetesch un am politesche Kalenner. Véier Debaten tëschent demokratesche Kandidaten, an den 3. Februar dann endlech déi éischt Virwalen am Staat Iowa. Dono geet et séier viru mat New Hampshire, Nevada, South Carolina, an esou weider. An e puer Méint dierft et méi kloer ginn, ob de fréiere Vize-President Joe Biden weiderhin de Favorit bleift.

A senge Reklamme mécht hien de Geck mam President a weist sech als Staatsmann vis-a-vis vun engem President, deen de Respekt op der internationaler Bün verluer huet.

Entscheedung an der Impeachment-Prozedur

De President huet zwee grouss Datumer a sengem Kalenner, natierlech den 3. November, mee och een nach onkloren Datum, den Dag vu sengem Prozess am amerikanesche Senat. No sengem Impeachment wäert den Donald Trump normalerweis an deenen éischte Méint vum Joer erausfannen, ob hien aus dem Wäissen Haus erausgeheit gëtt. Déi Entscheedung gëtt vun enger Majoritéit Republikaner am Senat getraff, hie gëtt also wuel fräigesprach.

Den Donald Trump gesäit sech elo ëmmer méi als Outsider, dee vum politeschen Establishment ugegraff gëtt. Esou weist et op d'mannst seng Walcampagne.

Méi zum Thema

John Muir
Prisma

Den John Muir gëllt als de "Papp vun de Nationalparken" an als Virreider vum modernen Ëmwelt- an Déiereschutz. Seng Ëmweltphilosophie huet och näischt un hirer Aktualitéit verluer huet.

USA-Mexiko
US-Mauerbau

D'US-Regierung wëllt Gelder, déi eigentlech fir den Ausbau vun der WSA zu Suessem geduecht waren, fir de Bau vun engem Zonk op der Grenz mat Mexiko ausginn. Dat confirméiert den Ausseminister Jean Asselborn.

Den Donald Trump
Amerikanesch Ekonomie

Wall Street weist sech a leschter Zäit nervös, an d'Confiance vun den Amerikaner an hir eegen Ekonomie geet erof. D'Angscht virun enger Rezessioun geet ëm. D'Wäiss Haus rejetéiert esou Ängschten awer.

Amerikanesch an EU-Fändel
EU-US-Relatiounen

Bréissel wëllt mat den USA iwwer Handelsaccorde verhandelen. Et geet an éischter Linn drëm, Taxen ofzeschafen. D'Propos geet den USA net wäit genuch an ass och an der EU ëmstridden.

Den Donald Trump um Telefon mam australesche Premier
Réckbléck 2018

An dëse leschten Deeg vum Joer 2018 gelt et nach eng Kéier zeréckzekucken op d'Evenementer, déi déi lescht 365 Deeg gepräägt hunn. Iwwer kee Land gouf wuel esou vill geschriwwen, wéi iwwer d'USA.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen