Sammelkloen Vill Kritik um Projet de loi fir kollektiv Recoursen
Bis ewell gëtt et vill Kritik zum Projet de loi iwwer Sammelkloen, esouwuel vu Säite vum Konsumenteschutz a vum Patronatsverband UEL, wéi och de Conseil de la concurrence ass a sengem Avis enttäuscht vun der Virlag. Dobäi ass eng europäesch Direktiv ënnerwee, déi am November duerch Plenière vum Europaparlament soll goen.
De Projet de loi fir d'Sammelkloe gesäit eng Prozedur an e puer Etappe vir. Fir d'éischt muss e Gericht decidéieren, op d'Plainte recevabel ass. Falls jo, gi béid Parteien - d'Konsumenten an déi ugeklote Firma - invitéiert fir op de Wee vun enger Mediatioun ze goen.
Wann dee Wee net ageschloe gëtt, oder d'Mediatioun scheitert, lant de Fall erëm viru Geriicht. Hei soll tranchéiert ginn, ob et e Feelverhale vum Betrib gëtt, bei deem Schued um Konsument entstanen ass. Ass dat de Fall, gëtt gekuckt, wéi de Konsument entschiedegt gëtt. Dem Patronatsverband UEL geet de Projet ze wäit. Dem Konsumenteschutz an dem Conseil de la concurrence geet en net wäit genuch.
UEL ass géint Sammelkloen
De Jean-Paul Olinger, Generalsekretär vun der UEL, gëtt net waarm mat der Iddi. Prinzipiell wier ee géint d'Iddi vu Sammelkloen - et géif eng Dier opgemaach ginn, vun där een d'Komplexitéit vum Sujet nach net kéint evaluéieren. Dat géif ee bei de Class Actions an den USA gesinn.
Fir hien ass de Recours collectif och eng Standuertfro:
"Mir hunn eng Finanzplaz, déi enorm grouss ass, par rapport zur Gréisst vun eisem Land. Domat hu mer immens vill Entreprisen hei, déi net lokal Entreprisë sinn, an déi sech hei eventuell engem Gesetz kéinten ausgesat fillen an deementspriechend op där heite Basis evaluéieren, ob se hei wäerte bleiwen oder net. "
Dobäi kënnen d'Affekoten, déi d'Konsumente bei engem kollektive Recours vertrieden, zu Lëtzebuerg net op Basis vum Schuedenersatz bezuelt ginn, deen erausspréngt. Dat ass an den USA ee vun de Facteuren, déi Class Actions mat Schuedenersatzfuerderungen a Milliardenhéicht undreiwen.
Doriwwer eraus ass d'Finanzplaz, mat Ausnam vun Assurancëkontrakter, à l'abri vun de kollektive Recoursen. Am Gesetzesprojet sinn déi Professionell, deenen hire Beruff vun der Finanzsupervisioun CSSF reguléiert gëtt, explizitt ausgeschloss.
Reputatiounsschued fir Firmen
De Jean-Paul Olinger ass och ëm de gudde Ruff vun den Entreprisë besuergt. Eng Sammelklo kéint zu engem Reputatiounsschued féieren, éier datt "séchergestallt ass, datt d'Entreprise och eng Schold dréit".
Domat confirméiert sech elo schonn eng vun der ULC hiren Ängschten: fir de Konsumenteschutz ass et nämlech ganz problematesch, datt de Projet dem Riichter oder der Riichterin d'Méiglechkeet léisst, keng Publicitéit ze maachen, wa si an der éischter Phas vun der Prozedur eng Plainte fir recevabel fonnt hunn - zum Beispill, well dat der Reputatioun vun der Entreprise kéint schueden.
Héich Käschten
De Guy Goedert, Direkter vum Konsumenteschutz, fäert, datt dat kéint systematesch applizéiert gi fir ze verhënneren, datt d'Decisioun vu Riichter public gemaach gëtt, ob eng Klo recevabel ass, oder net. Dat géif de Prozess an d'Längt zéien, fäert de Guy Goedert.
Dat géif dozou féieren, datt d'Affekotskäschten an d'Luucht ginn. Dat géif méiglecherweis souguer eng ULC net packen, wa si, wéi dat neit Gesetz et virgesäit, als agreéiert Entitéit am Numm vun hire Membere géif kloen. Géint all d'Urteeler kéint een an Appell goen an de Guy Goedert geet dovunner aus, datt dat och ëmmer nees gemaach géif ginn. "Do riskéiert dann enger ULC als ASBL den Otem auszegoen."
Deen zweete Problem ass, datt Konsumenten, déi méiglecherweis e Recht op Schuedenersatz hätten, guer net gewuer ginn, datt eng Prozedur amgaang ass, där si sech kéinten uschléissen, respektiv ze spéit, wa si vläicht Ënnerlagen, Facturen, déi hiert Urecht géife beleeën, ewechgeheit hunn.
EU-Direkt ass ënnerwee
D'Regierung hätt sollten op déi nei EU-Direktiv waarden, fënnt de Jean-Paul Olinger. Déi soll nächste Mount am Europaparlament an déi zweet Liesung kommen. Dës Direktiv kéint de Konsumente vill méi entgéint komme wéi den aktuelle Projet vun der Regierung:
"Die Mitgliedstaaten sorgen dafür, dass repräsentative Einrichtungen
a) die Verbraucher über mutmaßliche Verletzungen von durch Unionsrecht garantierten Rechten und die Absicht unterrichten, eine einstweilige Verfügung zu erwirken oder eine Schadenersatzklage einzureichen"
Dat soll och scho virun der Klo méiglech sinn:
"den betroffenen Verbrauchern schon vorab die Möglichkeit erläutern, sich der Klage anzuschließen, damit wichtige Dokumente und andere Informationen, die für die Klage notwendig sind, erhalten bleiben."
D'Direktiv setzt carrement op Reputatiounsschued, fir Entreprisen ze disziplinéieren:
"Die mit der Unterrichtung über den Verstoß einhergehenden Reputationsrisiken sind auch wichtig, um Unternehmer, die gegen Verbraucherrechte verstoßen, abzuschrecken."
Den Avis, deen de Conseil de la concurrence Enn September un d'Chamber geschéckt huet, geet e bëssen an déi nämmlecht Richtung. De Konkurrenzrot bedauert ausdrécklech, datt de Projet keng kollektiv Recourse wéinst Verstéiss géint d'Konkurrenzrecht zouléisst. Dat wier "net justifizéiert, voire incompréhensible". De Conseil de la concurrence fuerdert, datt dat geännert gëtt.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.