arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vill Interpretatiouns-Spillraum nom EU-Sommet

Steierpolitik

|
reading time

4 min

Vill Interpretatiouns-Spillraum nom EU-Sommet

D'EU hält un hire Pläng fest, eng aner Besteierung vun Internet-Entreprisen anzeféieren. Anerersäits soll awer och dofir gesuergt ginn, datt fir Google a Co. um globale Maart déi nämmlecht Konditiounen gëlle mussen.

reading time

4 min

Dofir hat sech Lëtzebuerg agesat an erreecht, datt deen Zousaz am Konklusiouns-Text festgehale gëtt. Domat gëtt elo een duebele Message erausgeschéckt: Engersäits soll Europa virumaachen, anerersäits awer net isoléiert virgoen.

Am Konklusiouns-Text vum leschten EU-Sommet goufen no enger Interventioun vum Premier Xavier Bettel e puer Wierder derbäi gesat, déi an de nächste Méint fir Diskussioune suerge kéinten.

"Global Level playing field"

Et misst séchergestallt ginn, dat all Entreprise ee gerechten Undeel u Steiere bezilt, heescht et am Text. Et wier wichteg, een "global Level playing field" ze garantéieren. Dat heescht jidderee soll déi nämmlecht Wettbewerbs-Konditiounen um globale Maart hunn. D'Wuert "global" gouf nodréiglech derbäi gesat. Genee ewéi d'Präzisioun, datt d'Besteierung misst "op enger Linne mat der Aarbecht, déi den Ament am Kader vun der OEZD gemaach gëtt," sinn.

"Global level playing field" wier eng Formuléierung, déi de Premier an der Läscht dacks zu Bréissel an de Mond geholl hätt, sot um Donneschdeg Owend ee ganz zefriddene Xavier Bettel. Hien hat sech zesummen mat virun allem Zypern, Holland an Irland dofir agesat, datt d'EU keen "Alleingang" bei engem neie Steier-System fir Internet-Entreprise mécht.

"Wa mer eppes iwwer d'digital Steier decidéieren, sollte mer dat op internationalem Niveau, iwwer d'OEZD maachen", sot zu Bréissel och den iresche Premier Leo Varadkar.

Frankräich op eemol manner ambitionéiert

Dem Xavier Bettel säi bilateralen Asaz, wouzou och een Telefonsgespréich mam franséische President gehéiert huet, hat Succès. Um Enn war och Frankräich iwwerzeegt an dat war eigentlech eng Iwwerraschung. Nach bis virun e puer Wochen, hate sech op Initiativ vum franséische President Emmanuel Macron eng ganz Partie EU-Länner an engem oppene Bréif explizit dofir ausgeschwat, datt d'EU eppes ënnerhuelen an noutfalls eleng eng nei Steier fir Internet-Entreprisen aféiere sollt. Dee Bréif gouf um Schluss vun 19 Memberstaaten ënnerschriwwen.

Lëtzebuerg ass zesumme mat aneren mam Fouss op der Brems bliwwen. Um Sommet huet den Emmanuel Macron op eemol ënnerstrach, wéi wichteg et wier, eng gemeinsam Léisung ze fannen. Et kéint ee nëmme gewannen, wann een zesumme virgeet, esou den Emmanuel Macron. Am anere Fall géifen d'Entreprisen d'Differenzen tëscht de Steiersystemer an der EU wieder ausnotzen an dohi goen, wou et fir si am gënschtegsten wier. Domat, datt een elo de Rapport vun der OEZD, deen am Abrëll virleie soll, mat abezitt, hätt hie kee Problem, sou de franséische President.

Deadline gouf et scho virdrun

Als Réckzéier wëll de franséische President dat awer net bezeechnen. Et hätt een erreecht, dat am Konklusiouns-Text vum Sommet eng Deadline festgehale gouf, sou de Macron. D'Kommissioun soll um Ufank vum nächste Joer konkret Propose fir eng nei Besteierung vu Google a Co. presentéieren, heescht et do.

Dat nämmlecht hat d'EU-Kommissioun allerdéngs schonn den 21. September annoncéiert.

"Eis Ambitioun ass et bis am Fréijoer 2018 ee Gesetzvirschlag ze proposéieren", sou den EU-Kommissär Valdis Dombrovskis deemools.

D'Deadline ass also net nei. D'Fro, déi sech elo stellt ass déi, wéi enk sech d'Propos vun der Kommissioun un d'Konklusiounen vum Sommet hale muss.

"Moment de vérité" am Fréijoer

Dem Xavier Bettel seng Interpretatioun ass kloer: Egal wéi misste sech nei europäesche Steier-Regelen un deem orientéieren, wat am Konklusiouns-Text festgehale gouf. Dat heescht fir hien, datt d'EU net isoléiert ka virgoen an eleng nei Mesuren aféieren, mee datt dat just op globalem Niveau geschéie kann.

Et wier natierlech deenen EU-Länner, déi sech wéilten zesummendinn fir en neie Steiersystem anzeféieren, iwwerlooss dat och ze maachen, sot de Xavier Bettel

"Ech erwaarden awer, datt sech jiddereen un dat hält, wat mer festgehalen hunn."

De Lëtzebuerger Premier verweist op d'Finanztranskatiouns-Steier, déi nach ëmmer net agefouert gouf. Si ass effektiv ee Beispill dofir, datt et a Steierdossieren net einfach ass, sech eens ze ginn. Dat läit och drun, datt d'EU-Länner dacks keng gemeinsam Interêten op deem Gebitt hunn. Donieft géing net jiddereen et eescht menge mat den Annoncen géint d'Steier Evasioun virzegoen. Et ass net fir näischt, datt d'Verhandlungen op internationalem Niveau zanter Joren net viru kommen.

"Nous aurons un moment de vérité en printemps", seet den Emmanuel Macron. "Personne n'a gagné, personne n'a perdu, on avance".

Ob ee wierklech virukënnt a wat dat da genee heescht, doriwwer gëtt et no dësem Sommet vill Interpretatiouns-Spillraum.