Radioen

On air

9 bis 1  |  Reuben James - Own Thing

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verschidde Vuen op den "Aus vum Verbrenner"

EU-Klimapak “FIT FOR 55”

Verschidde Vuen op den "Aus vum Verbrenner"

D'Deeg vum Verbrenner-Moteur si gezielt. Dat ass eng Interpretatioun vum Accord vun den Ëmweltminister:innen iwwer méi streng Norme fir CO2-Emissioune vun Autoen. Wat genee gouf op där Reunioun um Kierchbierg decidéiert? Explikatioune vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.

auto_stories

5 min

Firwat heescht de Pak "Fit for 55"?

Den Numm oder Titel schwätzt effektiv net fir sech - et ass kee Fitnessprogramm fir Leit iwwer 55 Joer.

Déi 55 bezitt sech op d'Reduktioun vu klimaschiedleche Gasen - déi solle bis 2030 an der EU ëm 55 Prozent reduzéiert gi par Rapport zu 1990. Dat alles mam Zil, d'EU bis 2050 klimaneutral ze maachen.

Fir dat ze erreechen, huet d'Kommissioun am Summer zejoert ee ganze Pak vu Mesurë presentéiert - an dee Pak huet si "Fit for 55" genannt.

Eng vun deene Mesurë betrëfft d'Grenzwäerter fir d'Emissioune vun Autoen. Déi sollen 2035 op Null erofgoen - där Meenung sinn elo nom Europaparlament och d'Memberlänner. Wat gouf do genee decidéiert?

D'Memberlänner hu sech der Propos vun der EU-Kommissioun ugeschloss a soen: vun 2035 un dierfen an der EU just nach Autoe verkaf ginn, déi keng klimaschiedlech Emissiounen an d'Loft blosen.

D'Ëmweltminister:innen hu sech gëschter schwéier gedoe mat där Decisioun: engersäits well Verschiddener wéi Italien den Datum no hanne verlee wollten, nämlech op 2040, Anerer sinn hei ouni genee Positioun ukomm.


Zu den neie Mesuren am Klimapak gehéiert och d'Reform vum Emissiounshandel an d'Schafe vun engem Klimasozialfong

Explikatioune lauschterenplay_arrow


Dat war gëschter bei Däitschland de Fall, do ass d'Koalitioun sech ne eens: De Finanzminister Christian Lindner hat an der lescht ëmmer nees dat Wuert "Technologie-Flexibilitéit" an d'Spill bruecht.

Seng FDP ass géint ee kategoreschen Aus oder Enn vum Verbrennungsmotor - si wëllen der Industrie méi Flexibilitéit gi fir eventuell mat anere Léisunge wéi Elektroautoen ze kommen.

Déi Gréng par conter wëllen, datt kloer Schluss ass mat Diesel a Bensin am Tank.

Dee ganzen Hin an Hir huet dozou gefouert, datt Däitschland proposéiert huet et sollt een een Zousaz am Text maachen an d'Kommissioun opfuerderen am Joer 2026 de Point ze maachen, ob net eventuell Autoe mat engem Verbrennungsmotor, déi mat sougenannten E-Fuels lafen - dat ass syntheetesche Sprit - och klimaneutral sinn an deemno och weider kéinten zougelooss ginn.

Ass dat, wat elo decidéiert gouf, dann elo den Enn vum Verbrennungsmotor vun 2035 un?

Dat kënnt drop un, wien ee freet - an däitsche Medien ass deels dovu Rieds, datt den definitiven Aus vum Verbrenner vum Dësch wier an et ass och opgefall, datt och déi zwee gréng Minister:innen, déi gëschter deen Accord ausgehandelt hunn, dat Wuert Verbrenner net an de Mond geholl hunn. Si hu vill méi betount, datt vun 2035 un Autoen, déi CO2 ausstoussen, net méi dierfen zougelooss ginn.

Déi grouss Fro ass, wat deen Zousaz am Text iwwer Autoe mat E-Fuels wäert ass?

Den Frans Timmermans, deen EU-Kommissär, dee fir dee Klimapak zoustänneg ass - sot hënt op enger Pressekonferenz, datt et den Ament net realistesch wier, dovun auszegoen, datt Autoe mat syntheeteschem Sprit op 0 Emissioune komme kënnen a sech dat dann och nach rechent.

Wichteg wier, datt decidéiert gouf, datt vun 2035 un d'Autoen net méi dierfe klimaschiedlech Gaser an d'Loft blosen. Wann elo d'Industrie do mat neien Iddie kéim bis a véier Joer - da wier d'Kommissioun prett, sech dat unzekucken.

Fir datt dat Ganz a Kraaft trëtt, mussen d'Memberlänner sech jo nach mam Europaparlament eens ginn. Wéi wäit leien d'Positiounen auserneen?

Am Parlament huet sech virun dräi Wochen eng Majoritéit hanner d'Propos vun der EU-Kommissioun gestallt. An där Decisioun vum Parlament steet och net wuertwiertlech eppes vum Enn vum Verbrenner dran: do gëtt och op déi Null Emissioune vun 2035 un verweisen.

D'Parlament war allerdéngs méi kritesch par rapport zum syntheetesche Sprit: Entspriechend Versich vun der Europäescher Vollekspartei dofir ze suergen, datt fir E-Fuels Ausname gemaach ginn, kruten do keng Majoritéit.

D'Fro, déi sech elo an de nächste Jore stellt ass déi, ob d'Industrie selwer ee groussen Interêt huet, fir um Verbrenner festzehalen an ob et technesch méiglech ass mat deem Moteur ouni Emissiounen ze fueren.

Vill Leit - wéi gëscht och de Frans Timmermans oder d'Lëtzebuerger Ëmweltministerin Joëlle Welfring betounen, datt si vun der Automobilindustrie Signaler kréien, datt ee schonn 2030 prett ass fir just nach Elektroautoen ze produzéieren.

Dat hu verschiddener wéi VW oder Volvo gesot. Allerdéngs ass net kloer, ob datt fir jiddweree gëllt.

Wat elo d'Verhandlunge mam Parlament ugeet - do kann ee sech drop gefaasst maachen, datt déi iwwer dee ganze Klimapak haart an zéi ginn - dozou gehéiert jo den Ausbau vum Emissiounshandel, ee Klimasozialfong, asw.

D'Positioune stinn zwar elo fest, ma d'Aart a Weis, wéi se op béide Säiten zustane koumen (Memberlänner a Parlament) weist, datt do nach Spillraum ass, an do souwuel op där enger wéi op där anerer Säit nach sou Munches bougéiere kann.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.