"Dat do si Buchen, do gesäit een, datt déi wierklech net méi esou gutt drop sinn. Viru 14 Deeg ware se nach Gréng. An elo fänke se u sech ze fierwen, well se net méi genuch Waasser hunn."
Mir si mat der Martine Neuberg am Eisleck um Pirmin.
"Dohannen ass eng Kapell. Also dat hei ass elo Staatsbësch, virdru privat. An de Staat huet dat opkaf. Dat war alles Fiichtebësch an no an no ass de Borkenkäfer dra komm. An do hu se dat no an no missten haen."
Wéinst der Dréchent wieren d'Beem geschwächt a méi ufälleg fir Krankheeten, erkläert d'Martine Neuberg. An den Éisleker Bëscher kéint een dat gutt observéieren. Dat hei wier dat drëtt Joer hannerteneen, datt et ze dréche wier.
Net genuch Reen
Et reent net genuch, et ass net genuch Waasser do. An déi extrem Hëtzt packen d'Beem net, well se net dofir gemaach sinn.
Wéi vill Prozent vun de Bëscher hei am Land vun der Dréchent betraff wieren, konnt d'Martine Neuberg net konkret soen. Och d'Informatiounen iwwer déi krank Beem an de leschten zwou Wochen konnten net méi an d'Bestandsopnam fléissen, déi all Joer iwwer d'Gesondheet vun de Bëscher gemaach gëtt. Se wier just virdrun ofgeschloss ginn, erkläert d'Martine Neuberg.
Ee Grond fir déi ze dréchen a waarm Zäite wier der Martine Neuberg no de Klimawandel. Dat wier och elo um Terrain ukomm.
"Virdru war dat wëssenschaftlech. Dann hu si gekuckt, wéi wanderen déi Aarten. Zum Beispill hu si gesinn, datt Aarte vun Süden no Norde wanderen, mee si wanderen och vun der plenarer Ebene an d'Héicht. Bamaarten, déi sech geographesch verschiben. Mee dat kann ee scho vun 2000 un noliesen. Dat ass näischt Neies."
De Klimawandel huet och en direkten Afloss op de ganzen Ekosystem
De Klimawandel hätt net nëmmen en Impakt op d'Bëscher, mee op dee ganzen Ekosystem, esou d'Chef de service vun der Bëschverwaltung. Etüden hätten zum Beispill erausfonnt, datt d'Mouere géifen änneren an et wier net sécher, "datt mir déi duerch de Klimawandel kënnen halen".
Fir datt mir zu Lëtzebuerg keng steppenaarteg Vegetatioun kréien a fir den CO2 ze bannen, reagéieren d'Fierschter, andeems datt si d'Bëscher ekologesch opwäerten, erkläert d'Martine Neuberg. Zum Beispill andeems datt verschidden heemesch Aarten, déi gutt dohi passen, nei ugeplanzt ginn.
"Déi Fiichten dat war de Borkenkäfer, déi hu se erausgeholl, si hu bësse Gerei op Plazen zesummegemaach, alles wat anescht ass, wat een net ka verkafen, dat gëtt beienee geféiert. An dunn hu si plazeweis ugeplanzt. Wa mir e Poul gesinn, dat ass eng Plaz, déi markéiert, datt do Planze gesat ginn. Wa mir lo dobäi ginn, da gesi mir, datt do Eeche geplanzt sinn. An déi Fiichten déi do stinn, ass alles Som vun deenen ale Fiichten. An alles wat e bësse méi grouss ass, dat ass alles vun Natur aus dohi komm, an dat loosse si da stoen."
Am Ausland gëtt probéiert fir nei Aarten unzeplanzen
Eng schwéier Aarbecht, well alles op der Hand muss gemaach ginn, an et misst ee sech och immens konzentréiere fir näischt ewech ze maachen, wat een net soll. "Du muss déi Maschinn déi ganzen Zäit unhalen an dann déi Ofgasen, de Kaméidi etc."
Am Ausland géifen d'Verwaltunge scho probéieren Aarten unzeplanzen, déi méi am Süden doheem sinn an d'Hëtzt an d'Dréchent besser verdroen. Mee dofir bräicht ee spezifesch Kenntnesser. Mir fuere mat der Martine Neuberg laanscht de Stauséi, och hei fält op, datt d'Beem krank sinn. "Do gesäit en et immens gutt, wéi rout datt dat ass, iwwer dem Camping. Déi geheien d'Blieder of. Si ginn net futti, mee fir si ass lo schonn Hierscht."
D'Bëschverwaltung hätt sech op allefalls op de Klimawandel agestallt. Der Martine Neuberg no wier et dann och gutt, wann d'Bëschverwaltung an Zukunft méi Leit hätt fir dogéint unzekämpfen.